Dass Lëtzebuerg Privat heiansdo Problemer huet hier Säiten voll ze kréien ass jo keen Geheimniss. Héi ass en néie Lückenfüller, mat enger interessanter, baal escheresquer Täuschung dran.
(Vun engem Pianocktail-Informant aus Lëtzebuerg)
(more…)
Geschriwwen den 6/03/2009 vum Thorben2 Kommentaren
Endlech bréngt d’Lëtzebuerg Privat mol eppes Sënnvolles raus. An der rue de Steinfort zu Hoen (Hagen) wäerten se sech sou gelangweilt hun, dat se emmer Rätselen gemaach hun. Wéi dat nunmol sou ass mat engem Hobby, wäert iergendwann d’Geld fir Rätselhefter ausgaangen sin, an do hu se sech geduecht “da man mer eis eegen Rätselhefter”.
Zougin: Lëtzebuergesch Froën a Rätselen sin eng witzeg Saach, an och domat hun se wahrscheinlech eng Lück fonnt am Marché. Aanerersäits befierchten ech, dass d’Rätselen ob déi duerchschnëttlech Lëtzebuerg Privat Lieserschaft oofgestëmmt sin, an domat wahrscheinlech kaum kniffleg an interessant Froen wäerten bidden. Loossen mer mol lauschteren, wat eis Informanten aus Lëtzebuerg sou soen.
Geschriwwen den 20/02/2009 vum Thorben8 Kommentaren

Blockbuster vun der Privat, roud onkenntlechmaachung vun eis
Leider ass dat net wouer. D’Finanzkris huet schon e puer Suiciden mat sech gezunn. An wann se mengen – et just net soen – et wier deen éischten Suicide an dem Kontext am lëtzebuerger Land froen ech mech wéi dat ze beweisen ass. Ausser seng Fakten selwer ze erfannen. Ob der Internetsäit ass hier – scheinbar wéineg talentéiert – Grafikerin séch och nach net sécher, wéieng Ausgab déi aktuell Headlines enthällt, Nr. 16, 116 oder 117, déi dräi Varianten fënnt een.
Geschriwwen den 19/01/2009 vum Thorben13 Kommentaren
Just fir déi, déi d’Lëtzebuerg Privat Storiën sollten vermëssen; et gin se nach. Iergendwann wäerten mer Iech eppes vu Baumäerkt an Tankstellen zielen. Bis dohinner: Och wann d’DPA an d’DDP eis bestätegt huet, dat si mat der Privat a Kontakt getrueden ass (aus Grënn vun der Beruffsethik verooden si allerdéngs näischt iwwer Schuedensfuerderungen), klauen se nach emmer monter weider, wann och manner. Aktuell Ausgab:

Kuckt emol d'Foto vun dem vermummten Kämpfer a klickt dann ob d'Bild, copyright Lëtzebuerg Privat (deelweis)
Och deen Abriecher do ass eis spuenesch Viirkomm:

Och hei hëlleft klicken! (c) Lëtzebuerg Privat (deelweis)
Vum Stamminet an der Wikipedia:
Ech krut haut de Moien um 8:53 Auer vun der IP 213.135.244.90, e Message op menger Diskussiounssäit hannerlooss, datt “je vous mets en demeure, par la présente, de supprimer avec effet immédiat toute référence à ma personne de votre « encyclopédie » et ceci dans les 24 heures. Als Grond gouf uginn, “La page et les rubriques y afférant constituant un ramassis de ragots, d’imprécisions, de diffamations, de calomnies et de contre-vérités.”
Dozou wëll ech bemierken:
D’Wikipedia ass e gemeinschaftleche Projet, wou jidderee matschaffe kann. Hei eng méi ausféierlech Explicatioun (op Englesch), wat Wikipedia ass a wat net: en:Wikipedia:About.
Am “Historique” vun enger Säit (Reider “Versiounen”) kann een noliesen, wien wéini wat an engem Text geännert huet. Deen a Fro gestallten Artikel gouf, wéi am Historique nozeliesen, dacks geännert an ergänzt.
Gouf eppes dohi gesat, wat net de Wikipedia-Kritèren entsprecht (objektiv an iwwerpréifbar Informatioun ze sinn) gouf et, wann et bis gesi gouf, vun anere Mataarbechter nees ewechgemaach oder gännert.
En Administrateur ass kee Chefredakteur. Hien ass e fräiwëllege Mataarbechter un deem Projet, wéi jiddereen aneren och, deen e puer méi technesch Méiglechkeeten huet wéi en “normale” Mataarbechter (kuckt: Wikipedia:Administrateuren). Verantwortlech fir den Inhalt ass déi jeweileg Persoun, déi bestëmmte Passagen oder Artikelen dohi geschriwwen huet.
Zënter de Moie sinn e puer Leit am Gaang, d’Informatiounen am betraffenen Artikel, wéi en elo do steet, ze iwwerpréifen. Déi Inforamtiounen baséieren op anere Publikatiounen oder goufe vun deenen, déi s’eragesat hunn, recherchéiert.
Ech kann bei deenen Inforamtiounen, esou wéi se am Moment (dh. an der Versioun vun [[1]] do stinn, näischt feststellen, wat “ragots, imprécisions, diffamations, calomnies [a] contre-vérités” wieren.
Aus deem Grond gesinn ech keng Ursaach, deen Artikel ze läschen. Wat ech kinnt proposéieren ass, wann déi betraffe Persoun näischt un deem Inhalt, esou wéi en do steet, auszesetzen huet, d’Säit fir weider Ännerungen ze protegéieren, sou dass eng “konsolidéiert Versioun” do stéing. Ween dann eppes ännere wéilt, misst dat op der Diskussiounssäit explizéieren.
Zensur war nach ni eng gutt Léisung. –Zinneke 11:26, 5. Dez. 2008 (UTC)
- D’accord mam Zinneke. Cayambe 12:39, 5. Dez. 2008 (UTC)
E puer Stonne méi spéit
Den betraffenen Artikel gouf provisoresch duerch e Message ersat. En anere Wikipedia-Maraarbechter huet mat der betraffener Persoun geschwat. En inhaltlech “waasserdichten” Text ass an der Maach a gëtt an deenen nächsten Deeg eropgesat. Domat ass dann hoffentlech d’Diskussioun ofgeschloss. –Zinneke 14:38, 5. Dez. 2008 (UTC)
Fro 1: Wat ass geschitt?
Nodeem gëschter eng 17. verbessert Versioun vum Artikel iwwert de Jean Nicolas am Joer 2008 op der Wikipedia publizéiert gouf, ass den Artikel haut duerch e Message ersat ginn:
Op dëser Säit stoung en Text, deen de 5. Dezember vun der IP 213.135.244.90, déi mat “Jean Nicolas” ënnerschreift, erausgeholl gouf
Nach emol: wat ass geschitt?
Äntwert: de Jean Nicolas (oder eng Persoun, déi behaapt heen ze sinn) huet den Artikel iwwert hien vun der Wikipedia geläscht an beméit sech lo eng Versioun, déi him gefällt online ze setzen. Hien huet ënnert anerem juristesch Schrëtt géint den Administrateur vun der Wikipedia ugekënnegt, sollt keng Léisung a séngem Sënn fonnt ginn.
Fro 2: wat fir eng Ännerung um Artikel huet en dozou bewegt?
Äntwert: Gëschter gouf säin Artikel folgendermoosse geännert. Wou virdru stoung,
1998 huet e fir den däitsche Focus geschafft, vun 1999 bis 2002 ë.a. fir de Spiegel, d’ARD, France 2, a VSD.
stoung spéider:
1998 huet e fir den däitsche Focus geschafft, vun 1999 bis 2002 ë.a. geleegentlech als Informatiouns-Iwwermëttler fir de Spiegel, d’ARD, France 2, a VSD.
Fro 3: Kann déi Ännerung alleng de Jean Nicolas (oder déi Persoun, déi behaapt heen ze sinn) zu där Reaktioun bewegt hunn?
Äntwert: Anscheinend jo. Opmannst kann et net vill méi gewiescht sinn. Den 29. August 2008 ass den Artikel neemlech vun der nämlechter IP, déi d’Läschung haut virgeholl huet, miniscule geännert ginn. De Gedanke läit no, dass dëst och de Jean Nicolas (oder déi Persoun, déi behaapt heen ze sinn) war. Zu deem Moment schéngt den Artikel awer na net e “ramassis de ragots, d’imprécisions, de diffamations, de calomnies et de contre-vérités” gewiescht ze sinn. Soss hätt d’Läschung deen Dag scho misse kommen. Zënter hir sinn neemlech grob gesinn just déi hei schon diskutéiert Ännerung an dës, déi mer virun e puer Wochen ugeschwat hunn, dobäi komm.
Fro 4: Ass d’Ännerung vu gëschter berechtegt gewiescht oder falsch?
Äntwert: Jo an nee. Jo, well wéi de Spiegel matzedeelen huet:
Sehr geehrter Herr ______,
vielen Dank für Ihre E-Mail. Leider kommen wir erst heute dazu, Ihnen zu
antworten.
Jean Nicolas hat in einigen wenigen Fällen Informationen zugeliefert. Er
war nicht beim SPIEGEL festangestellt.
Mit freundlichen Grüßen
Jörg R_____
Leser-Service
SPIEGEL-Verlag Rudolf Augstein GmbH & Co. KG
Effektiv huet de Jean Nicolas also ni fir de Spiegel geschafft. En huet Informatioune geliwwert, net fir se geschriwwen. An dat ass et ëmmerhin, wat säi Beruff ass.
Nee, well fir de Rescht vun der Ausso hunn ech selwer keng Beweiser virleien an an der History vum Artikel gouf et och keng weider Hiweiser dorobber, dass um Rescht vun der Ausso eppes ze réckele gewiescht wier.
Fazit: Wat mer heirauser schléisse kënnen ass interessant (soufern et sech net just em eng Persoun handelt, déi behaapt de Jean Nicolas ze sinn):
1. De Jean Nicolas manipuléiert d’Informatiounen, déi et iwwert e gëtt.
2. De Jean Nicolas wëll, dass d’Bild iwwert heen, sénger Meenung konform ass.
3. De Jean Nicolas huet anscheinend d’Mechanismen vum propper recherchéierten Internet net verstan.
[UPDATE (20/12)/15:02]: Ech hu mech giert, ech hunn d’Mechanismen vum Internet wuel net verstan. Dat kuscht neemlech a Lëtzebuerg, soubal ee blärt. Lamentabel wéi d’Wikipedia sech lächerlech mécht an sénger eegener Ideologie Stierfhëllef gëtt.
Links zum Thema:
Déi läscht zwou Ausgaben vu Lëtzebuerg Privat waren relativ bildaarm. Vun der DPA waren (opmannst um Titelbild) keng Biller méi ze gesinn. Dofir ginn et jo awer well am Internet och äusserhalb vu Google Images aner Weeër fir u Fotoen ze kommen.
Ech zitéiren eng jonk Joffer, déi d’Situatioun hei treffend formuléiert:
An effektiv, d’Meedchen huet natierlech Recht. Et gëtt eppes, dat nennt sech droits d’auteur, an déi behält een och dee Moment, wou een e Bild an d’Internet setzt, et sief dann et setzt een et ënnert eng fräi Lizenz. Dem Meedchen séngem Kommentar no ze schléissen, ass dovunner auszegon, dass séng Biller weder ënnert enger fräier Lizenz stoungen, nach no enger Ufro mat Autorisatioun vun him selwer publizéiert gi sinn.
Links zum Thema:
(Billerquell: Screenshot zap.lu)
Geschriwwen den 2/12/2008 vum Thorben46 Kommentaren
D’Letzebuerg Privat ass ëmmer rem interessant, zumols wann een probéiert e Bild ze kréien vun dem, wat do gespillt gett. An der Lëtzebuergescher Wikipedia steet zum Jean Nicolas senger Carrière
Dono huet en als fräie Journalist fir verschiddenen Zeitunge geschafft, dorënner déi vum belsche Grupp Sud Presse. 1998 huet e fir den däitsche Focus geschafft, vun 1999 bis 2002 ë.a. fir de Spiegel, d’ARD, France 2, a VSD.
(more…)
Geschriwwen den 1/12/2008 vum Thorben5 Kommentaren
Net nemmen Summerlächer, mee och Wanterlächer gin et. Bei der Letzebuerg Privat ass eng “Eilmeldung” online, dat den MEGA – Ministère de l’égalité des chances – (wien kennt ob sou Akronymer) eng ‘deier’ Campagne géint Prostitutioun géing féiren.
Korrekt. An dat schon säit Abrell.
Geschriwwen den 20/11/2008 vum ThorbenEe Kommentar
Ob der Säit vun eisem Lieblingsblaad gett et noo “Der große juristische Sieg des Jean Nicolas” eng aaner, manner spektakulär Headline “Freispruch für Jean Nicolas”. Do steet folgendes:
« Lëtzebuerg Privat »-Verleger Jean Nicolas, [...], wurde an diesem Mittwochnachmittag [...] freigesprochen. Bekanntlich hatte in einem anderen, ähnlich gelagerten Prozess eine andere Nachtlebengröße gestern 500 € (beantragt waren 100 000 €) moralischen Schadensersatz zugesprochen bekommen. Zählt man den Freispruch des Brüsseler Gerichtes letzte Woche hinzu, dann ist die Bilanz des Verlegers mit 2:1 ja durchaus positiv. Spannend ist es jetzt, zu verfolgen, ob jene, die über den Prozess berichtet hatten, auch über Nicolas Freispruch schreiben oder reden werden.
Jo, effektiv, déi aaner schreiwen och doriwwer. Déi meeschtgedreckenten Por-Zeitung (niewt dem “Letzebuerger Massdenger”) Wort beriicht.
Am Mittwoch wurde der Verleger Jean Nicolas von der 13. Strafkammer frei gesprochen. In dem Verfahren ging es um den Vorwurf des Rufmords und der Verletzung der Privatsphäre.
[...]
Am Dienstag wurde Jean Nicolas in einem anderen Strafprozess der Diffamierung für schuldig befunden und zur Zahlung einer Geldstrafe in Höhe von 3000 Euro und Schadensersatz in Höhe von 500 Euro verurteilt. [...]
Wéidann elo? 3000 Euro? 500 Euro? 3500 Euro? Pianocktail huet dozou en Expert an der Matière befrot, deen eis erklärt huet:
Dei zwou Zuelen sin richteg, dem Här Nicolas seng Duerstellung awer net komplett. Den Här Nicolas gouf zu 3000 Euro Geldstrof weinst enger préventioun an 500 Euro Schuedenersaatz weinst der selweschter préventioun verurteelt. Dei Stroofen bezeien sech allerdings op den selweschten Tatbestand, gin awer of aus prozduralen Grenn eenzel gesprach (zum Beispiel volet pénal/volet civil).
An effektiv, Letzebuerg Privat litt net. Se soen einfach net alles. Clever, clever…
Geschriwwen den 11/11/2008 vum Thorben24 Kommentaren
Letzebuerg Privat ass en emstriddent Boulevard-Blaad an diem sech eng Reih Leit zesummen din an probéiren iwwer kleng a grouss Sauereien ze beriichten. A Letzebuerg stéisst dat ganzt ob Widderstand an wéi sou oft organiséiren sech déi éischt Resistenzen a Lageren am Internet.
(more…)