Pianocktail » luxprivat

Wat gëtt et neits zu Hoen? (II) oder: Endlech rem Lëtzebuerg Privat.
Ma op Pianocktail ass et e bëssi roueg em d’Lëtzebuerg Privat ginn. Dofir ginn et divers Grënn, mä dee wuel offensichtlechsten ass, dass d’Lëtzebuerg Privat oninteressant ginn ass am Groussen a Ganzen. Wat mer duermols schon ugedeit hunn ass esou weidergaang: D’Lëtzebuerg Privat huet sech an e puer Nischen spezialiséiert, an haust an mault do gemittlech viru sech hinn. Et ass ëmmer dat selwecht Schema:

Geriichtsreportagen, wou een vun hieren “Journalisten” dann vum Helleggeescht zielt

Wann iergendwou een embruecht gëtt, identifizéiert Privat d’Affer (wat déi grouss Medien normalerweis net man)

Wann Lëtzebuerger Exhibitionisten op Pornosäiten nei Fotoen posten ginn déi verdeelt (Ausserdem Prostitutioun, Swingerclubs an sou virun)

Wann eng aaner Zeitung am Ausland iwwer Lëtzebuerg schreift, da gëtt dat iwwerholl

Geleegentlech Bagatellen

De Bommeleeër (deen dierf ee jo net vergiessen)

Irrelevanten Krom (eng Privat-Reporterin schmuggelt eng Waff virun d’Geriicht – uiuiui)

Bis ob deen een oder aaneren vermeintlechen Scoop ass do net vill dobäi. Allerdéngs ass dat och okay. D’Lëtzebuerg Privat geet well vill manner op d’Juegdt noo privaten Persounen, mä bleift meeschtens bei Persounen vum ëffentlechen Interessi. An dat och vill manner aggressiv wéi se mol woren. Domat ass Lëtzebuerg Privat eigentlech aus senger Pubertéit raus, an d’Land ka sech berouegen –  bitte gehen Sie weiter, hier gibt es nichts zu sehen.

Dat soll natierlech net doriwwer wechtäuschen, dass d’Beriichterstattung vun der Privat weiderhin populistesch ass, an dat se nach emmer eng ideologesch Proximitéit mat Stamminets-Parteien hunn, wéi der ADR. Net ëmsoss si bei den Lieserbréiwer vun der Woch och ëmmer rem Leit dobäi wéi den äusserst amüsanten Joe Thein, dien fréier mol am ADRenalin Nationalcommitée wor. Aanerersäits kënnt momentan oft der Privat hieren Affekot an der Zeitung viir – keen aaneren wéi den Roy Reding (wéinst enger Affaire wou si leider net ganz onrecht hunn).

Ech fannen Lëtzebuerg Privat ass momentan net wierklech e Problem. Ach, der will doch nur spielen.

Vill méi interessant ass et awer, wann een sech d’Ëmstrukturéirung vum Néckel sengem Zeitungsgrupp ukuckt. D’Privat Rätselheft ass Sang- a Klanglous verschwonnen, wahrscheinlech well de normalen Privatlieser net capabel ass, méi wéi véier Buchstaawen an enger Reihefolg ze schreiwen, sou dass se e Wuert erginn (wéi mecht een eigentlech eng Zeitung fir eng Ziilgrupp, déi potentiell mol net liese kann?). Dann hu si grouss e Fussballsheft ugekënnegt, dat ass dann awer och séier rem verschwonnen. Interessanterweis ass och den Investigateur verschwonnen. Wéi en nach e klenge Bouf wor, wollt de Jean Nicolas emmer en Investigativreporter ginn, sou wéi déi, déi en aus de Filmer kannt huet. Als solchen ass en lo wuel offiziell gescheitert.

Viru kuerzem huet Lëtzebuerg Privat dann awer gläich dräi nei Formater agefouert. Privat TV, Radio Privat an Schlag Privat. Privat TV ass d’Produktionsfirma Simba, déi kuerz Reportagen dréit an online setzt. Dat ass kee besonnech innovativen Move, awer definitiv e cleveren Move. Wat mer Kappzerbriechen deet ass, wéi genee dat ganzt kann esou miserabel ausgesinn. D’Qualitéit vun de Videoen, de Schnëtt, den Toun, alles ass esou schlecht an stümperhaft gemaach, dass ech net richteg ka verstoen, wéi eng Firma kann de Culot hunn,  fir fir soueppes Suen ze froen. Radio Privat ass e live Stream, deen de ganzen Daag dem Jean Nicolas seng Lieblingsmusék spillt, an eng  Kéier an der Stonn sou een Daily Talk ass. Schlag Privat ass eng Show vun enger Stonn wou de Jean Nicolas (Lëtzebuerger Boulevardmonni), den Heinz Kerp (ehemolegen Chefredakteur vun engem Fachmagazin fir Betonsmëscheren) an de Sven Günther (Ex-Redaktiounsleiter vun enger lokaler Bild-Ausgab aus Däischterdäitschland) mat engem D-Promi Billard, Bowling an Darts spillen. WTF? D’Tounqualitéit vun der éischter Ausgab ass esou erbäermlech, dass et bal net ze kucken ass. Iergendwann seet de Néckel zwar, et wier wéinst dem Kaméidi am Hannergrond, mä ech hu scho Reportagen vun der Love Parade gesinn, déi besser waren.

Wat hei awer wierklech interessant ass, ass ze gesinn, dass de Jean Nicolas, an ech soen dat net gären, de Culot huet, fir wiirtschaftlech Décisiounen ze huelen. Mir hunn an deene leschten 6 Joër vill Décisiounen gesinn, déi schief gaangen sinn, Projeten déi, wann se net funktionnéiert hunn, rem faale gelooss gi sinn. An dofir gëtt awer vill probéiert. D’Wäschfraa zum Beispill kënnt och net méi sou oft raus wéi am Ufank. A wann een eng Firma well erfollegräich féiren, dann mecht een dat esou.

Dat aanert, e bessi méi neit, ass d’Keeflechkeet vun der Privat. Publireportagen, déi zwar offensichtlech welcher sinn, mä net eendeiteg gezeechent sinn, ginn ëmmer méi. Dat wier net sou schlëmm wann mer net wéissten dass Reklamm och Geld bedeit.

D’Lëtzebuerg Privat schéngt nach ëmmer net masseg Suen ze hunn. Déi Stümperhaftegkeet mat däer d’Reklammen, hier Publikatiounen oder hier nei Formater gemaach sinn, sinn en Indice dofir dass d’Suen fir professionell Leit unzestellen nach net grad do sinn. Zwar ass d’Chefekipp em de Preis, den Ossi an den Jean Nicolas erfahren, mä hier Journalisten gesinn aus wéi Hausfraen, hier Zeitung gesäit aus wéi wann se nach ëmmer vu Kanner mat enger 9e gemaach wieren. An dat ass net, well Boulevard generell schappeg ausgesäit, dat ass einfach well dat bei Privat schlecht ass. Punkt.

Trotzdem sollt een sech net täuschen: Lëtzebuerg Privat huet säit 6 Joer e Produit um Marché, vun deem jhiddereen “wousst”, dass et just e puer Méint géing daueren. An se sinn zwar momentan zahm, si klauen – dank Pianocktail – manner Biller, an sinn wéigesot momentan en zimmlech onspektakulärt an rouegt Blaad, mä iergendwann wäert vläit rem den Drock opkommen, méi aggressiv ze handelen, an da well een net onbedengt, dass si d’Täschegeld dofir hunn. Och schengt dem Jean Nicolas säi Geschäftssënn net dee schlechtesten, an dofir bleift et derwäert, en Aan op d’Jongen a Meedercher ze haalen, se awer mol gewäerden ze loossen.

Hysteria an eis Frënn vun der Lëtzebuerg Privat
D’Lëtzebuerg Privat huet Wand dovu kritt, dass aus Lëtzebuerger Fördermëttelen dem Tanya Wexler säi Film Hysteria finanzéiert gett. D’Reegel ass relativ einfach: wann een an engem Land e Film mécht, kritt een do Ënnerstëtzung, an dat ass a ville Länner sou. Dat ass och verständlech, wëll dat wat e Land dovunner huet ass bal ëmmer vill méi héich wéi dat wat se investéieren, Film ass e lounend Geschäft, och fir Investoren. Dofir ass et och gezielt Desinformatioun ouni Argumenter, Filmfinanzéierung als einen solchen Unfug ze bezeechnen.

Dobäi kommen déi üblech Mängel: D’Lëtzebuerg Privat ass sech net eenz, ob de Film Hysteria oder Hysterie heescht, an och net capabel, den Numm vun der Regisseurin richteg ze schreiwen.

Da stellt sech fachmännesch d’Fro, ob esou e Film (et geet em d’Erfindung vum Vibrator) kéint erfollegräich sinn, well d’Dreihbuch soll flaach sinn an keng Spezialeffekter am Film sinn. D’Kalitéit vun engem Film un Spezialeffekter unzeman, ass e graffe Grëff doniewt, an dat se d’Dréihbuch gelies hunn bezweifelen ech – a suguer wann, Lost In Translation haat och keen Dréihbuch.

Da stellt den Artikel fest, dass d’Schauspiller zwar gutt sinn, awer de Film floppe wäert, ausser wann en eng Comédie wier - Doch dies ist nicht vorgesehen. Hätt de Schreifkrëppel vun der Privat just eng Kéier an den Internet geluusst, hätten se kënnen nooliesen, dass et eng Rom-Com gëtt, eng Romantik-Comédie.

Oofschléissend gëtt das festgestallt, dass Lëtzebuerg ëmmer rem banal Projeten fördert. Dat ass deelweis wouer, villfach awer net. An, d’Suen kommen awer hei un, ob de Film floppt oder net. Ass do also eppes falsch drun? Dësen miserabel recherchéierten Artikel mecht just Angscht virun Filmförderung, wou eigentlech guerkeng bräicht ze sinn.

Biologeschen Nonsens
Mir beriichten jo nët méi vill iwwert d’Lëtzebuerg Privat, well se e bëssen hier Zänn verluer huet, an lues awer sécher zu enger landeswäiter Sauerzeitung/Muselzeitung gëtt, déi soss näischt méi ze dinn hunn, wéi den Météosberiicht op RTL.lu unzeprangeren. Ma heiansdo bréngen se awer nach eppes Lëschteges. Zum Beispill hier läscht Headline:

Am Artikel erklärt sech dann “zeigt sich selbst gegen Notfall-Antibiotika resistent.” – wann et dann, wéi am Titel suggéréiert gëtt, e Virus wier, dann wier dat jo och net weider verwonnerlech, vue dass Viren sech näischt aus Antibiotiquen man. Am Artikel gëtt dann awer kloer, dass den Schreiwer wahrscheinlech ob 7e an der Bio gepennt huet (oder nie eng 7e gemaach huet), an mengt Viren an Bakterien wieren dat selwecht – kleng fies Denger déi Menschen futti man. Léif Lëtzebuerg Privat, mir verstinn dass et schwéier ass Leit ze kréien mat enger Ausbildung, mä eng 5e gepackt ze hunn wier jo awer net zevill verlaangt. Dofir nach eng Kéier Noohëllef: Wat si Viren, wat si Bakterien.

Inkonsistenz an der Lëtzebuerger Wikipedia [Update]
Just eng Klengegkeet, déi ech grad gesinn hunn. Beim vum Jean Nicolas diktéierten Artikel (mir erënneren eis) an der Wikipedia iwwert den … Jean Nicolas … steet folgendes:

…Nodeems en als jonke Journalist deemools nach beim Républicain Lorrain an duerno als Chefredakter beim Lëtzebuerger Journal geschafft huet…

Um Wikipedia-Artikel iwwert de Lëtzebuerger Journal sinn folgend Leit als Chefredakter obgelëscht:

Albert Hoefler, 1948-1950

Camille Linden, 1956-1962

Jos Anen, 1964-1985

Rob Roemen, 1986-2005

Claude Karger, 2005-

Ech wëll jo lo net pingeleg sinn, mee do feelt en Numm, oder? Et ass spéid, mir hunn awer bei der Wikipedia an beim Journal Ufroën gestallt. Mol kucken wat kënnt.

Update: Wei de Claude Karger, aktuellen Chefredakter vum Journal mir grad bestätegt huet, ass déi Informatioun korrekt, den Artikel an der Wikipedia domat mangelhaft. Hie konnt allerdéngs net confirméieren, wéini dat wor.

Wat gëtt et Neits zu Hoen…
Pianocktail huet sech jo nawell en Numm als Watchblog gemaach, dien an villen Posts dem Groupe De Presse Nicolas jo och gehollef huet, hier journalistesch Qualitéit ze steigeren. Mir hunn trotzdem Woch em Woch d’Lëtzebuerg Privat beobacht, gekuckt an noogefuerscht. An Leit déi desen Post net wëllen liesen: D’Lëtzebuerg Privat ass vunn engem räissereschen Sensatiounsblaad zu enger zänn- an bësslouser Pobeierfatz ginn. Mä kucken mer eis d’Saach méi detailléiert un, wat gëtt et neies an der Steeseler Strooss zu Hoen?

D’Lëtzebuerg Privat huet en neien Site kritt, an si post elo all Dag Neiegkeeten. Dat ass reng strategesch gesinn en cleveren Move. Client-Bindung, héich Hitzuelen an e ganze Koup vun neies un Méiglechkeeten fir Suen ze verdéngen (déi mer natierlech hei net nennen) stinn der Lëtzebuerg Privat op. De Site benotzt den Content Management System EZpublish. EZpublish ass en oppenen CMS. Obwuel en wierklech net schéin ausgesäit, kann een mat EZpublish flott Saachen man. Allerdéngs huet d’Lëtzebuerg-Privat-Grafik-Spillschoul et net gepackt, en Site ze man, dee professionell ausgesäit. Et gesäit aus, wéi wann en 10-jähregt Kand et gemaach huet. Mä sou gesäit jo hier ganz Zeitung aus. An deem Sënn sinn se konsequent.

Well d’Lëtzebuerg Privat nach emmer net gepackt huet, propperen Contenue ze liwweren, hu se ugefang, Zeitungsartikel ze kopéieren. Wann Zeitungsartikelen aus dem Ausland en Bezuch op Lëtzebuerg hunn, ginn se kopéiert, wéi zum Beispill hei. Als Redaktionellen Bäitrag gëtt dann nach eng Fro gestallt, an schon hu mir en fäerdegen Artikel. Ëmmerhin endlech mol richtegen Contenu. Och wann vu baussen geholl. Trotzdem komplett belanglous. Fairerweis nennen si hier Quellen, an tendéieren dann dozou, wéi kleng Kanner déi eppes fonnt hunn, dobäi ze schreiwen dass si déi éischt woren, déi desen Text kopéiert hunn.

Well anscheinend bei der Lëtzebuerg Privat kee capabel ass, propper ze recherchéieren oder well hinnen keng richteg Storys afaalen, hunn se ugefaang Geriichtsreportagen ze bréngen. Dat ass soss näischt aneres, wéi dat e Schreiwerling vun der Lëtzebuerg Privat an ëffentlechen Geriichtsverhandlungen sëtzt, an doriwwer beriicht. Dat ass säi Recht. Trotzdem komplett belanglous. Dovunner oofgesinn ass de Schreifstil wierklech indikativ fir hiert Personal. Et ass net einfacht Däitsch, mee et ass falscht an schlecht Däitsch, do ass en Ënnerscheed.

Biller klauen mécht d’Lëtzebuerg Privat nach emmer, sou schégt es. Mir hunn eis seelen nach d’Zäit geholl, dat ze analyséieren. Trotzdem fënnt een an den Ausgaben Fotoen déi si selwer gemaach hunn, an professionell Fotoen. Den Ënnerscheed ass däitlech. Well och wann den Heinz Kerp, sengersäits Häuptling, laut sengem Profil an enger Fotocommunity gären Fotoen mecht, kënnt dobäi kaum eppes brauchbares raus. Trotzdem komplett belanglous.

Mëssbrauchsskandal monopoliséieren ass dann den neisten Hit. D’Lëtzebuerg Privat probéiert Mëssbrauchsaffer ze fannen déi sech mellen. Ob do philantropesch Oofsiichten dohannert stinn ass ze bezweifelen. Egal wéi, wann si dozou bäidroen dass déi Leit, déi an deser Affär Schold droen, ob legalem Wee bestoft ginn, dann ass dat okay.

D’Wäschfra ass hiert neitst Satirblad. Nodeems hiert Quizheft wuel e Feelschlag wor, an ouni grouss Obmaaches verschwonnen gedoen gouf, hunn se en Satirblaad gestart. Wat en vun klassescher Satir gewinnt ass, wéi geeschträich, intelligent an clever awer witzeg Bäiträg, feelt hei. Penibelt Kannergekritzels. Wat een dat ganzt awer méi verfollegt, wat een méi den Androck kritt, dass de Jean Nicolas just perséinlech mam Jacques Drescher well oofrechnen. Aus iergendengem Grond ass hier Internetsäit ouni Emlaut.

Ajo, an elo hunn se och nach de Manuel beklaut.

Jenseits der Grenze des guten Geschmacks…
Et ass natierlech tragesch, wann de Jean-Nicolas a seng Ekipp net déi Obmierksamkeet kritt, déi e well. Mee dat doten wor e bëssen over-the-top.

Mir bei Pianocktail hun probéiert, dat grafesch duerzestellen. “LP” steet fir “Lëtzebuerg Privat”.

Pianocktail an der Lëtzebuerg Privat
Mir hun eis scho gefrot, wéi laang et dauert, bis den Léiw sech kraazt. Den Léiw, deen zwar am Vergläich zu richtegem Journalismus just e Kätzchen ass, heescht Lëtzebuerg Privat an ass eis Lieblings-Biller-Klau-An-Diffaméirungs Tool, iwwert dat mir periodesch beriichten.

An der aktueller Ausgab beriichten se iwwer Facebook an d’Hexejuegd ob selwechtem. Moderne Hexenjagd. An “Idiotische Gruppen endlich verbieten” fuerderen se, an féiren als Beispill ënner aanerem d’Grupp “Kaatzen zum Oofschoss fräi gin? Ech sin dofir!” ob, bzw si schreiwen “Kaatzen zum Oofschoss fäi ginn? Ich sinn dofir!” an maachen domat meng Feeler fort an maachen dofir neier dobäi.

Bild vu Letzebuerg Privat

Dësen Grupp gouf gegrënnt vu mir als Reaktioun ob déi völleg iwwerspaanten Polemik beim neien Juegdgesetz. Well se ze Hoën awer net dem Engleschen mächteg sinn, hunn se wahrscheinlech dem Federico säin Disclaimer, geschweige denn “Just for fun – totally pointless” verstan. Allerdéngs misst dat wéinstens dem Redakteur opgefall sinn, well en – vläit aus sproochlechen Barrièren – säin Facebook jo op däitsch huet; do steet “Totaler Schwachsinn”. #epic #fail. Schued dat mir vu Pianocktail fir déi Recherche déi mer leeschten nach keen Abo vun der Privat geschenkt kruten, soss kéinten mer Iech nach soen wat am Artikel steet.

#epic #fail

Vläit hun se och net gär dat mir se hannerfroen. Mee do schléissen mir eis dem Jean-Claude un: Mir sin wéi e Flou am Léiwenpelz. De Léiw kann de Flou zwar net schäissen doen, de Flou de Léiw awer allemools.

Lëtzebuerg Privat – Mädchen von Seite 1 an e bessi Mathé
Ech hu mer (erem eng Kéier, well ech mech gelangweilt hun) déi berühmte 15. émissioun vun dem Jean Nicolas senger Show (“Nicolas”) ugekuckt. De Grond dofir – fir déi, déi dës Émissioun nach net gesin hun – ass einfach: et ass schmerzhaft Comedy pur, déi Dialoger kéinten am Fong 1:1 äus engem Dréibuch vun der däitscher Comedyshow “Switch” ofgeschriwwe sin. Datt et sech heibäi nët em Satir mee em d’lëtzebuerger Realitéit handelt, mecht daat ganzt allerdéngs erëm traureg.

De Contenu vun der Émissioun ass – wéi ëmmer bei Scoop.tv – sech selwer op d’Schëller geklappt, de Jean Nicolas profiléiert sech an der Gesellschaft vu Gäscht déi guer keng Erfahrung mat de Medien hun (also nach manner wéi hien). Zu deene Gäscht zielen ee Schwulen an eng Lesb, déi op dem Jean Nicolas seng méi wéi diskriminéierende Riede mat zoustëmmendem Laache reagéieren, an déi sech vu sou Sprëch wéi “Et huet mech interesséiert, mol eng Kéier ze wëssen… déi Leit déi zwëschent eis liewen… Et gi jo Kategorien: Et gin Asylanten, et gin Äuslänner, et gin hei et gin do, et gët vun Allem. Et get awer och eng ganz grouss Kollektivitéit, déi homosexuell ass, déi schwul ass…” nët ugegraff fillen. De Jean Nicolas weess schonn, wien en a seng Show invitéiert.

Daat war deen tragikomëschsten Deel vun der Émissioun, mee dëse Bäitrag ass dem zweeten Deel gewidmet. Interessanterweis ass et dem Jean Nicolas gelongen tatsächlech ee Mädchen der Seite 1 vun der Lëtzebuerg Privat an de Studio Café ze kréien. Ech wëll elo nët emol kritiséiere waat daat Mädchen der Seite 1 do gesot huet – och wann ech vläicht e bessi aaneschters reagéiert hätt, wann ech als Brasilianerin vum Jean Nicolas als “café-au-lait” bezeechent gi wier – mee et geet mer méi drëms fir eräuszefanne wéivill jonk Fräen effektiv prett sin, sech fir d’Lëtzebuerg Privat plaakeg äuszedoën.

Gi mer mol dovunner äus datt d’Lëtzebuerg Privat keng Fotoë klaut. Den Thorben huet virdrun nach en Artikel geschriwwen, datt se daat maachen, mee mer vergiessen daat elo emol. D’Lieserzuel vun der Lëtzebuerg Privat ass laut Jean Nicolas “100000, wann net méi!”. Akzeptéiere mer emol 100000 als Lieserzuel vun der Lëtzebuerg Privat (och wann d’Oplo Enn 2006 offiziell nach bei 25.000 war). Vun der Lëtzebuerg Privat hu mer haut 126 Äusgaben. Wa mer elo unhuelen datt 50% vun de Lëtzebuerg Privat Lieser weiblech sin, dann huet sech Pi mol Daum all 397. Lieserin fir d’Lëtzebuerg Privat äusgedoen.

Tiptop, dorop kënne se stolz sin, well bei der Bild Zeitung ass et an deem selwechten Zäiträum (126 Wochen) mat 6 Äusgabe pro Woch an 3,54 Millioune Lieser vun deenen 38% weiblech sin nëmmen all 1779. Fra déi et op déi éischt Säit packt. Weist mech dorops hin wann ech mech verrechent hun, ech sin net esou gudd an der Mathé. Wann d’Lëtzebuerg Privat also deeselwechte Prozentdeel u weibleche Lieser huet wéi d’Bild (38%) dann huet sech schonn all 302. Lieserin fir eis lëtzebuerger Boulevardzäitschrëft entblößt. Natierlech muss een dobäi och bedenken, datt ee Verschiddener äus ästhetësche Grënn einfach net kann op déi éischt Säit ofdrëcken, an datt d’Redaktioun muss ee Choix maachen.

Fazit: Entweder vollbréngt d’Lëtzebuerg Privat vis-à-vis vun der Bild eng Meeschterleeschtung andeems se all Woch eng Fräiwëlleg fënnt, oder së kritt hir Fotoën iirgentswou aanëscht hiir. Dofir bräuch een net emol d’Originaler bei google nozesichen. Waat gët et elo neies an dësem Artikel? Am Fong näischt. Mee ech hun d’Zuelen herrlech witzeg fonnt. Gudd geschafft, oder soll ech soën, gudd geklaut, Lëtzebuerg Privat!

P.S.: De Fede huet mech zousätzlech nach op den Alter vun de potentielle Lieserinne/Models higewisen, dee jo och nach eng Roll dobäi spillt an deen daat ganzt nach eng Kéier aschränkt. Wéivill, do fehlt et mer elo u Statistiken, mee daat mecht déi ganz Saach nach eng Kéier vill méi onméiglech.

Billerklau an der Lëtzebuerg Privat (Deel 27)
Am Liewen geet et emmer ob an oof. Dat ass eng aal Binsenweisheet. Sou ass dat och bei eisen Frënn vun der Lëtzebuerg Privat. Huet d’Billerklauen sech no eiser Interventioun duermols reduzéiert, sou schéngt et, wéiwann hier “Grafikerin” elo rem an eng Depressioun gefall ass an rem keng Loscht ob Aarbecht huet.

Mir soen net, dass déi Biller geklaut sin, sou wäit sin eis Recherchen dëss Kéier nach net fortgeschratt. Et ass awer net ugin wou se hierkommen. An dat alleng ass schon géint d’Legislatur. Allerdéngs woen ech et och ze bezweifelen, dass d’Biller rechtméisseg kaaft sin.

3 aktuell Biller sin nom “Lies méi” Link mat den Agencenfotoen aus seriöen Zeitungen.

De Jean Nicolas am Nightrider
Um Sulfura (oder Sulfra wéi an der Lëtzebuerg Privat steet) fennt een eppes flottes iwwert eis Lieblings-Beem-Vernichtungs-Verschwendugns-Blaad.

Do ass de Mike, Portugies mat excellentem Lëtzebuergesch, dien sech geweigert huet a sengem Bus 7 Tootzen vun Iechternach matzehuelen, déi eng auslännesch Reesend bedrängt hun.

Wat geschitt ass an den Artikel fannt dir hei.

D’Lëtzebuerg Privat schéngt also gelunn ze hun, mol rem. Wéi se seng Reaktioun fonnt hun, hun se déi geholl, verdréiht, an gesot; et wier alles sou, wéi se et bericht hätten. Dat schreift de Mike hei.

Ech wëll net soen dat dem Mike seng Versioun déi defintiv richteg ass, ech huelen mer dat Recht net raus, am Géigensaatz zur Privat, bei deenen eng Partei ze froen schon fir eng Wourecht duergeet. Mee et erënnert mech e bessen u meng pre-, post- an pubertär Phasen, wou een als Kand gemengt huet et misst een em all Präis Recht behalen, och wann een wousst dat een am Onrecht wier, an dofir Saachen verdréiht huet, an dat ob primitivst Aart a Weis. Mee wéi soot den Kool Savas schon: Alles was Du schreibst, ist für mich nicht mehr als Kindergekritzel.