Bäitrag getagged ‘luxprivat’
Geschriwwen den 30/08/2010 vum Thorben5 Kommentaren
D’Lëtzebuerg Privat huet Wand dovu kritt, dass aus Lëtzebuerger Fördermëttelen dem Tanya Wexler säi Film Hysteria finanzéiert gett. D’Reegel ass relativ einfach: wann een an engem Land e Film mécht, kritt een do Ënnerstëtzung, an dat ass a ville Länner sou. Dat ass och verständlech, wëll dat wat e Land dovunner huet ass bal ëmmer vill méi héich wéi dat wat se investéieren, Film ass e lounend Geschäft, och fir Investoren. Dofir ass et och gezielt Desinformatioun ouni Argumenter, Filmfinanzéierung als einen solchen Unfug ze bezeechnen.
Dobäi kommen déi üblech Mängel: D’Lëtzebuerg Privat ass sech net eenz, ob de Film Hysteria oder Hysterie heescht, an och net capabel, den Numm vun der Regisseurin richteg ze schreiwen.
Da stellt sech fachmännesch d’Fro, ob esou e Film (et geet em d’Erfindung vum Vibrator) kéint erfollegräich sinn, well d’Dreihbuch soll flaach sinn an keng Spezialeffekter am Film sinn. D’Kalitéit vun engem Film un Spezialeffekter unzeman, ass e graffe Grëff doniewt, an dat se d’Dréihbuch gelies hunn bezweifelen ech – a suguer wann, Lost In Translation haat och keen Dréihbuch.
Da stellt den Artikel fest, dass d’Schauspiller zwar gutt sinn, awer de Film floppe wäert, ausser wann en eng Comédie wier - Doch dies ist nicht vorgesehen. Hätt de Schreifkrëppel vun der Privat just eng Kéier an den Internet geluusst, hätten se kënnen nooliesen, dass et eng Rom-Com gëtt, eng Romantik-Comédie.
Oofschléissend gëtt das festgestallt, dass Lëtzebuerg ëmmer rem banal Projeten fördert. Dat ass deelweis wouer, villfach awer net. An, d’Suen kommen awer hei un, ob de Film floppt oder net. Ass do also eppes falsch drun? Dësen miserabel recherchéierten Artikel mecht just Angscht virun Filmförderung, wou eigentlech guerkeng bräicht ze sinn.
Geschriwwen den 17/08/2010 vum ThorbenKee Kommentar
Mir beriichten jo nët méi vill iwwert d’Lëtzebuerg Privat, well se e bëssen hier Zänn verluer huet, an lues awer sécher zu enger landeswäiter Sauerzeitung/Muselzeitung gëtt, déi soss näischt méi ze dinn hunn, wéi den Météosberiicht op RTL.lu unzeprangeren. Ma heiansdo bréngen se awer nach eppes Lëschteges. Zum Beispill hier läscht Headline:

Am Artikel erklärt sech dann “zeigt sich selbst gegen Notfall-Antibiotika resistent.” – wann et dann, wéi am Titel suggéréiert gëtt, e Virus wier, dann wier dat jo och net weider verwonnerlech, vue dass Viren sech näischt aus Antibiotiquen man. Am Artikel gëtt dann awer kloer, dass den Schreiwer wahrscheinlech ob 7e an der Bio gepennt huet (oder nie eng 7e gemaach huet), an mengt Viren an Bakterien wieren dat selwecht – kleng fies Denger déi Menschen futti man. Léif Lëtzebuerg Privat, mir verstinn dass et schwéier ass Leit ze kréien mat enger Ausbildung, mä eng 5e gepackt ze hunn wier jo awer net zevill verlaangt. Dofir nach eng Kéier Noohëllef: Wat si Viren, wat si Bakterien.
Geschriwwen den 22/04/2010 vum Thorben10 Kommentaren
Just eng Klengegkeet, déi ech grad gesinn hunn. Beim vum Jean Nicolas diktéierten Artikel (mir erënneren eis) an der Wikipedia iwwert den … Jean Nicolas … steet folgendes:
…Nodeems en als jonke Journalist deemools nach beim Républicain Lorrain an duerno als Chefredakter beim Lëtzebuerger Journal geschafft huet…
Um Wikipedia-Artikel iwwert de Lëtzebuerger Journal sinn folgend Leit als Chefredakter obgelëscht:
Ech wëll jo lo net pingeleg sinn, mee do feelt en Numm, oder? Et ass spéid, mir hunn awer bei der Wikipedia an beim Journal Ufroën gestallt. Mol kucken wat kënnt.
Update: Wei de Claude Karger, aktuellen Chefredakter vum Journal mir grad bestätegt huet, ass déi Informatioun korrekt, den Artikel an der Wikipedia domat mangelhaft. Hie konnt allerdéngs net confirméieren, wéini dat wor.
Geschriwwen den 4/04/2010 vum Thorben4 Kommentaren
Pianocktail huet sech jo nawell en Numm als Watchblog gemaach, dien an villen Posts dem Groupe De Presse Nicolas jo och gehollef huet, hier journalistesch Qualitéit ze steigeren. Mir hunn trotzdem Woch em Woch d’Lëtzebuerg Privat beobacht, gekuckt an noogefuerscht. An Leit déi desen Post net wëllen liesen: D’Lëtzebuerg Privat ass vunn engem räissereschen Sensatiounsblaad zu enger zänn- an bësslouser Pobeierfatz ginn. Mä kucken mer eis d’Saach méi detailléiert un, wat gëtt et neies an der Steeseler Strooss zu Hoen?
D’Lëtzebuerg Privat huet en neien Site kritt, an si post elo all Dag Neiegkeeten. Dat ass reng strategesch gesinn en cleveren Move. Client-Bindung, héich Hitzuelen an e ganze Koup vun neies un Méiglechkeeten fir Suen ze verdéngen (déi mer natierlech hei net nennen) stinn der Lëtzebuerg Privat op. De Site benotzt den Content Management System EZpublish. EZpublish ass en oppenen CMS. Obwuel en wierklech net schéin ausgesäit, kann een mat EZpublish flott Saachen man. Allerdéngs huet d’Lëtzebuerg-Privat-Grafik-Spillschoul et net gepackt, en Site ze man, dee professionell ausgesäit. Et gesäit aus, wéi wann en 10-jähregt Kand et gemaach huet. Mä sou gesäit jo hier ganz Zeitung aus. An deem Sënn sinn se konsequent.
Well d’Lëtzebuerg Privat nach emmer net gepackt huet, propperen Contenue ze liwweren, hu se ugefang, Zeitungsartikel ze kopéieren. Wann Zeitungsartikelen aus dem Ausland en Bezuch op Lëtzebuerg hunn, ginn se kopéiert, wéi zum Beispill hei. Als Redaktionellen Bäitrag gëtt dann nach eng Fro gestallt, an schon hu mir en fäerdegen Artikel. Ëmmerhin endlech mol richtegen Contenu. Och wann vu baussen geholl. Trotzdem komplett belanglous. Fairerweis nennen si hier Quellen, an tendéieren dann dozou, wéi kleng Kanner déi eppes fonnt hunn, dobäi ze schreiwen dass si déi éischt woren, déi desen Text kopéiert hunn.
Well anscheinend bei der Lëtzebuerg Privat kee capabel ass, propper ze recherchéieren oder well hinnen keng richteg Storys afaalen, hunn se ugefaang Geriichtsreportagen ze bréngen. Dat ass soss näischt aneres, wéi dat e Schreiwerling vun der Lëtzebuerg Privat an ëffentlechen Geriichtsverhandlungen sëtzt, an doriwwer beriicht. Dat ass säi Recht. Trotzdem komplett belanglous. Dovunner oofgesinn ass de Schreifstil wierklech indikativ fir hiert Personal. Et ass net einfacht Däitsch, mee et ass falscht an schlecht Däitsch, do ass en Ënnerscheed.
Biller klauen mécht d’Lëtzebuerg Privat nach emmer, sou schégt es. Mir hunn eis seelen nach d’Zäit geholl, dat ze analyséieren. Trotzdem fënnt een an den Ausgaben Fotoen déi si selwer gemaach hunn, an professionell Fotoen. Den Ënnerscheed ass däitlech. Well och wann den Heinz Kerp, sengersäits Häuptling, laut sengem Profil an enger Fotocommunity gären Fotoen mecht, kënnt dobäi kaum eppes brauchbares raus. Trotzdem komplett belanglous.
Mëssbrauchsskandal monopoliséieren ass dann den neisten Hit. D’Lëtzebuerg Privat probéiert Mëssbrauchsaffer ze fannen déi sech mellen. Ob do philantropesch Oofsiichten dohannert stinn ass ze bezweifelen. Egal wéi, wann si dozou bäidroen dass déi Leit, déi an deser Affär Schold droen, ob legalem Wee bestoft ginn, dann ass dat okay.
D’Wäschfra ass hiert neitst Satirblad. Nodeems hiert Quizheft wuel e Feelschlag wor, an ouni grouss Obmaaches verschwonnen gedoen gouf, hunn se en Satirblaad gestart. Wat en vun klassescher Satir gewinnt ass, wéi geeschträich, intelligent an clever awer witzeg Bäiträg, feelt hei. Penibelt Kannergekritzels. Wat een dat ganzt awer méi verfollegt, wat een méi den Androck kritt, dass de Jean Nicolas just perséinlech mam Jacques Drescher well oofrechnen. Aus iergendengem Grond ass hier Internetsäit ouni Emlaut.
Ajo, an elo hunn se och nach de Manuel beklaut.
Geschriwwen den 15/05/2009 vum Thorben44 Kommentaren
Et ass natierlech tragesch, wann de Jean-Nicolas a seng Ekipp net déi Obmierksamkeet kritt, déi e well. Mee dat doten wor e bëssen over-the-top.
Mir bei Pianocktail hun probéiert, dat grafesch duerzestellen. “LP” steet fir “Lëtzebuerg Privat”.

Geschriwwen den 8/05/2009 vum Thorben6 Kommentaren
Mir hun eis scho gefrot, wéi laang et dauert, bis den Léiw sech kraazt. Den Léiw, deen zwar am Vergläich zu richtegem Journalismus just e Kätzchen ass, heescht Lëtzebuerg Privat an ass eis Lieblings-Biller-Klau-An-Diffaméirungs Tool, iwwert dat mir periodesch beriichten.
An der aktueller Ausgab beriichten se iwwer Facebook an d’Hexejuegd ob selwechtem. Moderne Hexenjagd. An “Idiotische Gruppen endlich verbieten” fuerderen se, an féiren als Beispill ënner aanerem d’Grupp “Kaatzen zum Oofschoss fräi gin? Ech sin dofir!” ob, bzw si schreiwen “Kaatzen zum Oofschoss fäi ginn? Ich sinn dofir!” an maachen domat meng Feeler fort an maachen dofir neier dobäi.

Bild vu Letzebuerg Privat
Dësen Grupp gouf gegrënnt vu mir als Reaktioun ob déi völleg iwwerspaanten Polemik beim neien Juegdgesetz. Well se ze Hoën awer net dem Engleschen mächteg sinn, hunn se wahrscheinlech dem Federico säin Disclaimer, geschweige denn “Just for fun – totally pointless” verstan. Allerdéngs misst dat wéinstens dem Redakteur opgefall sinn, well en – vläit aus sproochlechen Barrièren – säin Facebook jo op däitsch huet; do steet “Totaler Schwachsinn”. #epic #fail. Schued dat mir vu Pianocktail fir déi Recherche déi mer leeschten nach keen Abo vun der Privat geschenkt kruten, soss kéinten mer Iech nach soen wat am Artikel steet.

#epic #fail
Vläit hun se och net gär dat mir se hannerfroen. Mee do schléissen mir eis dem Jean-Claude un: Mir sin wéi e Flou am Léiwenpelz. De Léiw kann de Flou zwar net schäissen doen, de Flou de Léiw awer allemools.
Ech hu mer (erem eng Kéier, well ech mech gelangweilt hun) déi berühmte 15. émissioun vun dem Jean Nicolas senger Show (“Nicolas”) ugekuckt. De Grond dofir – fir déi, déi dës Émissioun nach net gesin hun – ass einfach: et ass schmerzhaft Comedy pur, déi Dialoger kéinten am Fong 1:1 äus engem Dréibuch vun der däitscher Comedyshow “Switch” ofgeschriwwe sin. Datt et sech heibäi nët em Satir mee em d’lëtzebuerger Realitéit handelt, mecht daat ganzt allerdéngs erëm traureg.
(more…)
Geschriwwen den 2/05/2009 vum Thorben5 Kommentaren
Am Liewen geet et emmer ob an oof. Dat ass eng aal Binsenweisheet. Sou ass dat och bei eisen Frënn vun der Lëtzebuerg Privat. Huet d’Billerklauen sech no eiser Interventioun duermols reduzéiert, sou schéngt et, wéiwann hier “Grafikerin” elo rem an eng Depressioun gefall ass an rem keng Loscht ob Aarbecht huet.
Mir soen net, dass déi Biller geklaut sin, sou wäit sin eis Recherchen dëss Kéier nach net fortgeschratt. Et ass awer net ugin wou se hierkommen. An dat alleng ass schon géint d’Legislatur. Allerdéngs woen ech et och ze bezweifelen, dass d’Biller rechtméisseg kaaft sin.
3 aktuell Biller sin nom “Lies méi” Link mat den Agencenfotoen aus seriöen Zeitungen.
(more…)
Geschriwwen den 16/04/2009 vum Thorben2 Kommentaren
Um Sulfura (oder Sulfra wéi an der Lëtzebuerg Privat steet) fennt een eppes flottes iwwert eis Lieblings-Beem-Vernichtungs-Verschwendugns-Blaad.
Do ass de Mike, Portugies mat excellentem Lëtzebuergesch, dien sech geweigert huet a sengem Bus 7 Tootzen vun Iechternach matzehuelen, déi eng auslännesch Reesend bedrängt hun.
Wat geschitt ass an den Artikel fannt dir hei.
D’Lëtzebuerg Privat schéngt also gelunn ze hun, mol rem. Wéi se seng Reaktioun fonnt hun, hun se déi geholl, verdréiht, an gesot; et wier alles sou, wéi se et bericht hätten. Dat schreift de Mike hei.
Ech wëll net soen dat dem Mike seng Versioun déi defintiv richteg ass, ech huelen mer dat Recht net raus, am Géigensaatz zur Privat, bei deenen eng Partei ze froen schon fir eng Wourecht duergeet. Mee et erënnert mech e bessen u meng pre-, post- an pubertär Phasen, wou een als Kand gemengt huet et misst een em all Präis Recht behalen, och wann een wousst dat een am Onrecht wier, an dofir Saachen verdréiht huet, an dat ob primitivst Aart a Weis. Mee wéi soot den Kool Savas schon: Alles was Du schreibst, ist für mich nicht mehr als Kindergekritzel.
Dass Lëtzebuerg Privat heiansdo Problemer huet hier Säiten voll ze kréien ass jo keen Geheimniss. Héi ass en néie Lückenfüller, mat enger interessanter, baal escheresquer Täuschung dran.
(Vun engem Pianocktail-Informant aus Lëtzebuerg)
(more…)
Older Posts »