Bäitrag getagged ‘lucky’s luke’

Lucky’s Luke

Geschriwwen den 19/05/2009 vum Thorben31 Kommentaren

Ech gin gär an de Kino. Dat soen vill Leit. A Wierklechkeet mengen se awer: ech gi gären am Kino e Film kucken. Ech mengen, wann ech soen, ech gi gären an de Kino béides. Ech weess net ob sech nach een kann dofir begeeschteren, mä säit ech an engem Kino schaffen (säit 2001), ginn ech gären a Kino’en, just fir an de Kino ze goen, an am beschten Fall dierf ech da mat an de Projektiounsraum.

Gëscht wor ech an Lucky’s Luke ob Tréier. Ech wor fir t’éischt virun 3 Joer an der Luke. Duermols wor d’Luke e klengen Café mat Disco a Kino. Vum Look-And-Feel wor et fir Leit, deenen et am Flying Dutchman ze schick ass, déi awer nach net prett woren fir ob d’Strooss. De Sall wor duermols einfach e Raum mat enger Leinwand an e puer Still, de Film huet 3 Euro kascht an am Film huet missen eng Paus gemaach gin, well de Projektor net genuch Plaatz haat fir Filmer iwwer 1,8km Längt. Et wor anecht wéi hei am Kino. Du bass während dem Film obgestan fir e neie Béier/Cola/Kaffi sichen ze goen, d’Leit haaten keng Hemmungen iwwert de Film ze schwätzen, et gouf gefëmmt. Ech fëmmen net, an mech stéiert et och, an eigentlech sin ech och géint schwätzen am Film. Mee aanerersäits hat d’Luke souwisou net sou e gudd Bild oder Sound, dofir wor et och net sou formell wéi en Utopolis (hun ech lo grad gesot den Utopolis wier formell?).

Dono sollt d’Luke fir 3 Méint emgebaut gin. Et goufen 3 Joer.

Gëschter wor ech dann den Frost/Nixon kucken an der “neien” Luke. De Café wor nach emmer genee sou wéi duermols. Mee do wou fréier de Filmsall wor, ass haut einfach eng grouss Bar. Niewendrun geet et an de Kino. De Sall huet 40 Plaatzen oofwiesselnd Eenzelsetzer an Duebelsetzer, extrem bequem, extrem flott gemaach. Et gesäit een dass de Podium mat de Sëtzer an alles ronderem selwer gemaach ass. D’Kalitéit vum Film wor nach emmer méttelméisseg, den Toun och. Mee dat wor egal. Et suutz ee bequem, mam Gedrénks am Grapp, a gefëmmt duerft och net méi gin. Dat gëtt deem ganzen engersäits säi formellen Charakter zrèck, ass awer soss okay.  Nom Film duerft ech mat an den Hannerraum, wou eng Zeiss Ikona, wahrscheinlech 50er Joeren aus den VEB Ernemann, hieren Dengscht verriicht. Et gesäit alles gebastelt aus an dat ass et och. Mat einfachsten Mëttelen gëtt hei Kino gemaach. Wonnerbar. Wee mol en aaneren Kino erliewen sollt, sollt d’Luke mol probéiren, si hun e flotten Programm.


Buy accutane online buy accutane online australia replica hermes handbags david jones handbags Buy accutane online cheap juicy couture louis vuitton bags kardashian kollection handbags Theme compat side effects micardis adalat replica hermes handbags cheap replica handbags michael kors Damier Ebene Canvas vuitton handbags high quality replica handbags high quality replica handbags