Bäitrag getagged ‘lost in translation’
Während ech nach an engem regelrechten Delirium wéinst all deenen neien Arcade Fire Lidder sinn, déi am Internet rëm schwirren, an der leschter Episod vu ‘Breaking Bad’ (wéini ass Mäerz 2011?) servéiert d’Internet mir dat nächst un deem ech mech net sat kucke kann.
An dem Sofia Coppola senger Carrière, déi bis well 3 Filmer ëmspaant, ass bis well villes richteg gelaf. Mat The Virgin Suicides huet et en wonnerbar onscheinbart Debut gefeiert, duerno huet Lost in Translation et zum Star an Oscar-Gewënner gemaach. Marie Antoinette ass vu ville Kritiker zerrass ginn, mä eigentlech fannen ech dee Film och sauméisseg interessant, wat d’Konzeptioun an d’Kompositioun betrëfft. Matrappend ass en definitiv net, mä dofir gëtt en engem eng Zort Gefill, déi eigentlech just Sofia Coppola Filmer verspriechen.
Um Venedeger Filmfestival 2010 wäert dem Coppola säin neie Film, Somewhere, seng Première feieren. Hei ass den Trailer dozou:
Als grousse Fan vun Lost in Translation souwéisou schon, hunn ech d’läscht Woch déi grouss Freed gehat en Essay vun engem der Blogosphär net onbekannte Kolleg vu mer z’iwwerliesen, deen sech eben mam Sofia Coppola sengem Meeschterwierk befaasst huet. Während den Auteur vum Essay well a menger A-Liga vu Frënn mat Filmverständnis matspillt, war mäin Drang rem geweckt ginn, fir de Film mol nees ze kucken. Et war bestëmmt schon e Joer vergaang, sou laang wéi ech en na ni leie geloss hat.
An kann iergendeen dest Bild wann ech gelifft als Pouster rausbréngen:

Dat ass neemlech Regie. Dat ass Perfektioun. D’Sofia Coppola huet en A fir sou eppes, an dat mecht e grousse Regisseur aus.
Nach kuerz, bevir ech eppes iwwert de Film soen: 1. Méng Lëscht mat de Filmzitater kënnt geschwënn no. 2. An der Vakanz kënnt mäi Bäitrag zum Thema, Filmer déi ech net erwaarde kann.
A lo zum Film: “Lost In Translation” ass verglach mam Rescht aus der Top 10 e Winzling mat wéineg Handlung. Dofir deelt en awer eng gewëssen Atmosphär mat, déi ech als Spectateur ëmmer rem opsauge wëll. Dat faarwegt, hektescht vun Tokyo, wat ëmmer rem kontrastéiert get duerch d’Rouh an der Bar an d’Verhältnis tëschent dem Bob (Bill Murray) an Charlotte (Scarlett Johansson) ass phänomenal. D’Sofia Coppola huet sécher net de Stil vu séngem Papp, mee e ganz eegenen, deen Dramwelte schaft, an déi ee sech raversetze wëll a kann.
Sollt et dem Sofia Coppola geléngen “Lost In Translation” nach iergendwann ze toppen, geet et fir mech op jidfer Fall als de gréisste Coppola an d’Filmgeschicht an.