One top ten list isn’t cool. You know what’s cool? Three top ten lists. Wéi virun enger Woch ugekënnegt hei dann elo den éischten – a wahrscheinlech leschte – Podcast, deen ech hei op Pianocktail publizéiere wäert. D’Céline vun La Poupée Russe an den Nic, laang verschollene Co-Blogger deelen nieft mir mat, wat déi beschte Filmer vum Joer 2010 sinn.
Mir schwätzen iwwer Schwulepornoen, driwwer vum Matt Damon den Aasch “gespankt” ze kréien, iwwer dem Céline seng Wënsch bestued ze ginn, a Waasser wat een a Brand stieche kann. Niewebäi nach d’sozial Grënn déi aus engem e Bankreiber maachen – mir ginn allem op de Grond. An net ze vergiessen iwwer déi Filmer déi d’Céline a mech kräische gedoen hunn!
Lauschtert iech et un. Et ass laang, mä hoffentlech dowäert.
A fir déi, déi ze liddereg sinn fir sech dat schéint Stéck unzelauschteren, nom Broch kënnt der iech d’Lëschten eng Kéier duerchliesen. Mä dat wier natierlech oncool.
D\’Pianocktail Filmer vum Joer 2010
Ech hunn sou eppes nach ni gemaach, dofir entschëllegt d’technesch Mängel. D’Highlight ass natierlech wéi een no bal enger Stonn meng Noperen am Hannergrond héiert, déi hir Party op de Balkon verluecht hunn. Geleeëntlech Tipp- a Skypegeräicher sinn och net wierklech professionell, ech weess. Mä bon.
Musek:
Trent Reznor an Atticus Ross – Hand Covers Bruise
Grizzly Bear – While You Wait for the Others
(more…)
Okay, sorry, ech wäert net wierklech iwwer Sense & Sensibility schreiwen, och wann dem Ang Lee seng Verfilmung vum Jane Austen sengem Roman natierlech e Genoss ass. (Dat wier mol eng Idee, en Artikel iwwer Austen Verfilmungen. Any takers?) Wat hei geschitt ass, ass, dass ech mer en Titel gesicht hunn, deen iergendwéi op eng spilleresch Aart a Weis Inception an Toy Story 3 ëmschreift, déi zwee wuel am meeschten erwaarte Filmer vum Summer 2010. An ech soen iech dann och mol am Viraus, dass der vum drëtt- respektiv aachtbeschte Film aller Zäiten net wäert enttäuscht sinn. (*houscht*)
(more…)
Martin Scorsese.
Leonardo Di Caprio.
Mark Ruffalo.
Ben Kingsley.
Max von Sydow.
Emily Mortimer.
Michelle Williams.
Patricia Clarkson.
Jackie Earle Haley.
Thelma Shoonmaker.
Dante Ferretti.
Muss ech soss eppes soen?
Vu dass ech lo zwee Deeg laang krank war, sinn ech e bëssen a Verzug geroden mat allem – Filmer kucken, Uniaarbecht, de 50 Muséker vum Joerzéngt. Sou hätt bis ewell scho missen d’Nummer 40 an 39 vu läschterer Lëscht bekannt sinn, ech hätt wëllen Milk gesinn hunn an ech hätt sollen eng 200-300 Säite weider am James Joyce séngem Ulysses sinn. Mee bon, dat ass halt Pech an et kann een näicht drun änneren.
E Film, deen ech allerdéngs gesinn hunn, a sou séier wéi méiglech rem gesi wëll, ass dem Sam Mendes séng villdiskutéiert Reunioun vum Kate Winslet a Leonardo DiCaprio op der Leinwand. Déi zwee, déi viru well schon 11 laange Joer mat hirem Schëff ënnergaang sinn, hu jo, wann iwwerhaapt meeschtens nëmmen wéinst deem Film der an d’Schnëss krut. Ech gehéiren net zu deene Leit – ech sinn nach ëmmer der Meenung, dass Titanic e méi wéi okayen Action/Dramafilm ass, dee virun allem duerch séng opulent Optik iwwerzeegt. A wat d’Kate an de Leo aus hirem dach bescheidene Script man, ass jo awer méi wéi faszinant. Ouni d’Rahmenhandlung wier de Film souguer genial. Mee bon, Kitsch muss anscheinend sinn.
Mee ech schwäifen of, eigentlech wëll ech jo iwwer Revolutionary Road schwätzen, e Film iwwert eng Koppel, déi géint dem Enn vun de 50er um Zerbriechen ass, a sech un en Dram klamert, dee se sech selwer aus Feigheet net erfëlle kënnen. De Film ass extrem intensiv – e Sträit ass numol e Sträit, an do gëtt et ellen, an et gëtt och keng Wischi-waschi-Versöhnungen. Wat sou schrecklech ass: des Leit si real, se hu Problemer, déi se zu Katastrophen opbauschen, net well se net z’evitéire sinn, mee well se an enger Zäit liewen wou Trennung net existéiert. De Frank an d’April Wheeler gehéiren net beieneen, well alles Gutts, wat se deelen, man se duerch Egoismus a permanent Angscht nees futti.
De Schlësselpersonnage am Film, ass awer den vum Michael Shannon exzellent gespillten John – e psychesch gestéierte fréiere Mathematiker, deen d’Virstadtrauma vun de Wheelers mat sou enger Präzisioun duerchbléckt, dass et bal beängstegend ass. Amplaz dass si allerdéng dorauser de Schluss zéien der Normalitéit z’erleen, gleewen se endlech ee fonnt ze hunn, dee se versteet, a mierken net, dass ronderem se alles d’nämlecht ass. An dat obwuel se dem Virstadliewen dach sou onbedéngt entfléie wëllen, fir am Endeffekt awer rem Feeler ze begoen, déi se doranner fesselen.
De Sam Mendes ass wuel den ofwiesslungsräichste Regisseur, deen et an Hollywood gëtt, erënnert Revolutionary Road op en éischte Bléck vläicht u säin éischte Film American Beauty, sou ass et trotzdem eng komplett aner Geschicht. Qualitativ bleift en allerdéngs sénger Linn trei ni e schlechte Film ze man, well no Road to Perdition an Jarhead ass och Revolutionary Road rem en absolute Succès. Dest souwuel duerch d’brilliant Adaptatioun vum Richard Yates sénger Romanvirlag, wéi och duerch d’schauspilleresch Leeschtunge vum Kate Winslet, Leonardo DiCaprio a Michael Shannon, déi allendräi eventuell souguer déi bescht Leeschtunge vun hirer Carrière bréngen. Dat ganzt ofgerond mat der wéi ëmmer genialer Kameraaarbecht vum Roger Deakins an mer hunn ee vun de wierklech beschte Filmer vum Joer 2008.