Laurence Philomène Olivier
Ongefeier 200 nei Items a sengem Feed Reader ze hun all Daag as heiansdo nerveg well dacks nit vill Ordentleches dobai as. Mee dann fennt een awer heiansdo interessant oder witzeg Saachen, wie zum Beispill Pesto an eng Diskett. Oder et entdeckt een impressionant Fotografen. D’Laurence Olivier as vu Montreal a mecht wonnerschéin Fotoen. Dat as jo nit sou spektakulär well et vill talentéiert Fotografen get mee wat ech zimlech remarkabel fannen as dass d’Laurence 16 Joer aal as. An hat huet grad ee Buch mat senge Fotoen feardeg gestallt.
Dem Laurence seng Fotoen strahle fier mech alleguer eng gewess Rou aus. Souguer wa Beweegung ze gesin as, sin se iergendwei berouegend, wat secher un de Pastellfaarwen lait di dominéieren. Dat alleréischt wat mär bei senge Fotoen opgefall as, as dass een (baal) ni d’Gesiichter vun de Meedercher drop gesait. Nujee, ech verstin guer naischt vu Fotografie an dofier well ech dat alles och guer nit probéieren ze analyséieren. Mee wat ech soe kann as dass ech seng Aarbecht wonnerschéin fannen an och bewonneren. Wei dat sou as an der Blogwelt as, hun ech hat glaichzaiteg a verschiddene Blogs fonnt, hei kennt der zum Beispill nach e puer Fotoe fannen. Op Recordis Photography hun ech och ee klengen Interview mam Laurence fonnt deen der vlaicht interessant fannt. Et sollt ee vill mei oft sou schéin Fotoen kucken, dat mecht den Daag dach direkt mi agréabel.
