Wéini sinn eigentlech d’Kings of Leon zu der gréisste Band op der Welt ginn? Oder ieren ech mech do? Et kënnt engem nämlech extrem esou vir.
Op jidfer Fall sinn ech e Fan vun der Followill Famill aus Nashville, Tennessee, zënter hirem Album “Aha Shake Heartbreak” aus dem Joer 2004, deen ech deemools vun enger Frëndin op CD gebrannt krut, ouni ze wëssen wien oder wat dorobber ze fanne wier. Et war him seng Aart a Weis fir fir d’Shins Merci ze soen, déi ech him gebrannt hat. Laang, laang ass et hir an béid Bands sinn haut wesentlech méi bekannt wéi deemools, déi eng dank dem Zach Braff a Garden State, déi aner op Grond vun NME, MTV an enger genereller Sexiness, déi een der Musek net ofstreide kann. Eigentlech huet sech äusser de Frisuren a Bäert wéineg verännert zënter deem un de Kings of Leon, mä komescherweis si réicht hir läscht zwee Alben grouss Succèsen gewiescht, op deenen se allerdéngs scho probéiert hunn déi nei U2 ze ginn.
Sou war 2008 “Sex on Fire” e risegen Hit, wann d’Lidd och eent vun de schlechteste vun der Band ass. Dofir läuschtere mer dat lo och guer net, mä déi vill méi schéin “Fans”, “The Bucket” a “Milk”. D’Videoen si Live-Opnamen vum Rock Werchter 2008.

(more…)
Gëschter sinn ech dunn, vu méngem 5 Deeg daurenden Ausflug an d’Belsch remkomm, op deem ech probéiert hunn gutt Musék z’erliewen an ze liewen. Virun deem iergendee mech freet, wéi et war, schreiwen ech et also einfach a gekiirzter Form nidder. (A Klammeren: Bewertunge vun de Concerten.)
Dag 1: E Mëttwoch um 15 vir 2 ass d’Rees ze Eechternoach op der Gare lassgaang, am Bus fir an d’Stad huet sech dunn den Tun zou mer gesellt, während mer de Joki an der Stad op der Gare getraff hunn. De Joki huet sech (am Endeffekt awer net) ausräichend mat Zigaretten ausgestatt, déi zwee hunn eng läscht gefëmmt a mer hunn eis um 15 op 3 an den Zuch bewegt, deen eis sollt op Liers bréngen. No 3 Stonne Fuert, an méi wéi engem domme Commentaire vum Joki, si mer dunn och ze Liers ukomm, mee d’Dieren vum Zuch sinn net opgaang, a sou si mer dunn mam Zuch an de Schapp gefuer. Do huet eis dunn en éier manner frëndleche belsche Schaffner entdeckt a gefrot wat mer nach a séngem Zuch verluer hätten. Nodeem mer en iwwert de Problem opgeklärt hunn, huet en eis dunn awer bewisen, dass d’Dieren wuel opgaang sinn – nodeem en se opgespaart huet a sot: “Mais elle s’ouvre!”
Eise Reesplang, war dunn bëssen duercheneen, mer souzen eng hallew Stonn am Zuch, bevir deen zréck op Liers gefuer ass, an dunn eng 3/4 Stonn ze Liers, bis dass mer den Zuch op Hasselt kruten. An ganz éierlech: Liers ass wuel dat ellensten, gottverloossente Kaff op der Welt. Et ass méi elle wéi Léck! Jo, du si mer op Hasselt gefuer, hunn eist Zelt opgeriicht, a pünktlech wéi mer fäerdeg waren huet et ugefaang ze reenen, wouropshin mir e Béier drénke waren an op dem Wee dohin eis Kollege, de Pit, de Jeff an de Vincent getraff hunn, déi quasi 50 Meter vun eis fort hiert Zelt opgeschlon haten. Alles an allem also e gelongenen éischten Dag.
(more…)