TimeOut D’britescht Magazin TimeOut
huet eng Lëscht vun den 100 beschte britesche Filmer aller Zäiten zesumme gesat. Gewielt vu sou wichtege Leit wéi de Pianocktail Award Nominees™ Wes Anderson an Sally Hawkins, awer och anere Gréissten wéi dem Ken Loach oder Alfonso Cuarón.
Coming Soon Gerüchter iwwer den Joseph Gordon-Levitt an d’Marion Cotillard als Alberto Falcone an Talia Al Ghul am Christopher Nolan sengem The Dark Knight Rises. Dat géif ech eng gutt Idee fannen. Mä bon, Gerüchter eben. Wat denkt dir?
David Bordwell Wéi mer Filmer kucken, a firwat mer Feeler an der Kontinuitéit seele bemierken. Faszinéierenden Artikel, um Beispill There Will Be Blood. Natierlech gëtt et an deem Film eigentlech keng Feeler. *houscht*
The Film Experience Well gëschter anscheinend Vältesdag war, e schéin ze liesenden Artikel iwwer mäin #3 Film 2009, a meng #19 vum leschte Joerzengt.
Who is Arcade Fire Fir déi, déi eis net op Facebook verfollegen, nach emol dës wonnerbar Zesummestellung vu Leit, déi keng Anung hunn wien Arcade Fire sinn, déi e Sonndeg bekanntlech e Grammy fir ‘Album of the Year’ gewonn hunn. Wéinstens huet et de Kanye gefreet.
No deem haut annoncéiert gouf, dass dem Ken Loach säin Route Irish als leschte Bäitrag an der Competitioun um Festival zu Cannes untriede wäert, hunn ech mer geduecht, dass dat e gudde Moment wier meng Lieser op weider gratis Filmschätz opmierksam ze maachen. Ob déi sech lo op engem iPad spille loossen ass mir sou eppes vu wurscht, just dass der et wësst.
Dës Filmschätz ass d’Filmographie vum Ken Loach, déi der op YouTube kucke kënnt. All Woch kënnt e Film bäi, bis dass se alleguer zesumme sinn. Am Moment fannt der sou ënnert anerem zwee vu senge beschte Filmer, Kes an Ae Fond Kiss, wéi och Hidden Agenda, Riff-Raff, The Navigators, Cathy Come Home a Poor Cow. Et gëtt also keng Excuse sech d’Filmer vun dësem groussen Auteur entgoen ze loossen.
Wéi de Ken Loach 2006, 37 Joer no sengem gréisste Succès Kes d’Palme d’Or fir The Wind That Shakes The Barley gewonn huet, waren d’Kritiker relativ baff. Net well de Film per se schlecht war, mä dass de Ken Loach mat sou engem “liichte” Film, deen vu sengen anere Wierker dach zimech ofweicht de wichtegste Präis am internationale Kino gewanne kéint.
Wéi en dunn 2009 mat Looking for Eric zeréck war, war och relativ séier kloer, dass en dee Coup déi Kéier net widderhuele kéint. Mat fir de Loach typeschen Elementer duerchsat (working-class Personnagen, dokumentaristesch Cinématographie, etc.), ass Looking for Eric wéinst sengem Humor dach awer e bësse méi frësch wéi soss sou villes vum Regisseur. An do besteet e klengen, wann och am Endeffekt net extrem an d’Gewiicht falende Problem fir de Loach: duerch d’Humoristescht, wat ouni Zweifel d’Dialogen vum Eric, eisem Bréifdréier-Protagonist mat sengem Idol dem Eric Cantona, mat abezitt, ass et schwéier de Film ze fokuséieren. De Loach huet a gewësser Hisiicht de Film iwwerpaakt.
Den Eric, en depressiven a vill geplotene Bréifdréier, passt op seng zwee pubertéierend Stéifjongen op, während en seng Duechter entlaascht, andeem s en op säi Puppelchen oppasst, wéi hatt op d’Uni geet. Wa seng Duechter allerdéngs hien doduerch zu engem Treffen mat senger Ex-Fra zwéngt, leeft alles aus dem Rudder, an den Eric fënnt sech an der Klinik rëm. Bis en den Eric Cantona als Lifecoach entdeckt an duerch seng Hëllef säi Liewen trotz grousse Stolpersteng rëm op Fuert bréngt. Wien dës kuerz Synopsis liest mierkt schon, dass Potential besteet, dass de Film iwwerlueden an onfokuséiert ass, an dat geschitt dann och – eventuell awer och aus guddem Grond, falls ee soe wéilt, de Film als Erliewnis géif dem Eric säi Liewen eben konsequent duerstellen.
Dëst ass e Problem am Schnëtt, deen natierlech net iwwert déi wonnerbar Performancen an e sympatheschen Script wegtäuschen. De Steve Evets spillt de ManUtd Fan Eric mat vill Léift fir d’Detail, a sou iwwerzeegend, dass ee sech wierklech an dat néiergeschloend Ech era versetze kann. De grousse mediale Fokus läit awer natierlech net un him, mä um Enfant terrible a beschte Spiller aus der Geschicht vun der englescher Premier League, Eric Cantona. Dësen spillt säi Part op eng iwwerzeegend, well souwuel referentiell, wéi parodistesch Aart a Weis. Ëmmer schon e gekonnte Selbstduersteller addéiert de Cantona hei eng weider interessant a bemierkenswert Facette zu sengem CV.
Bewertung: ***/****