
Vu dass, ech gesot krut, dass éischtens Interesse un den Oscars besteet an zweetens, ech méi schreiwe soll, fänken ech haut da mol mat engem Introduktiounsstéck fir d’Oscars un.
D’Oscars wierklech verfollegen, fänkt net mat der Red Carpet Show un an hält mam Schluss vun der Telésemissioun op. Nee, et heescht e ganzt Joer laang Artikel liesen, spekuléiren, Theorien opstellen, a mat aneren, wéi och mat sech selwer streiden, wat a virun allem wéi d’Academy wielt. Eng wichteg Saach däerf een dobäi nie vergiessen: Kee wees iergendeppes. Well och wa jidderee mengt, en hätt se duerchkuckt, mer ginn dach all Joer nees iwwerrascht mat sensationelle Gewënner an Nominéirungen. An natierlech och mat kierperlech Péng verursaachenden Omissiounen.
(more…)
Ech hat virun em puer Méint scho mol iwwer Atonement beriicht. Haut hunn ech en neien Trailer fir de Film fonnt, an deem et méi Dialoger ze gesi get. Ech muss soen, mäi Statement, dass wann de Film dat hält, wat den Trailer versprëcht, huet sech nach emol bekräftegt. Den Joe Wright fänkt genial Biller an, a verleed d’Keira Knightley och hei rem dozou sech als eng talentéiert Schauspillerin ze mauseren. Dat bréngt soss kee Regisseur fäerdeg. Ech soen einfa mol, dass “Atonement” den Oscar fir de beschte Film gewanne wäert. Vläicht behalen ech jo recht.
Am Moment leeft jo guer näicht am Kino, wat ee misst gesinn. Äusser dem Danny Boyle säi “Sunshine”. Wat mecht de Chris also? E fänkt un sech z’iwwerleen, wat säi léifste Film vum Joer 2007 kéint ginn. (Kee Wonner, dass ech mech net am Muko ameséiren, ech si bescheuert!)
E Kandidat wier do “Atonement”, den neie Film vum Joe Wright, deen fir eng zweete Kéier nom wonnerbaren “Pride & Prejudice” mam ënnert sénger Regie brilléirenden Keira Knightley zesummeschafft. Dozou gesellt sech dann nach den talentéierten James McAvoy aus “The Last King of Scotland”. De Film ass eng Adaptatioun vum Ian McEwan séngem 2001 publizéirte Roman, an deem en 13jähregt Meedchen an den 30er Joeren doduercher, dass et de Frënd (McAvoy) vu sénger Schwëster (Knightley) fälschlecherweis beschëllegt e Verbrieche begaang ze hunn, d’Liewen vu sénger Famill a sénge Frënn duerchenee bréngt. Kléngt gutt gell? Wann de Film dat hält, wat den Trailer versprëcht…