
19:27 Et geet lass. First things first:
Wiem ech d’Präisser wënschen:
Beschte Film – A Serious Man
Bescht Regie – Kathryn Bigelow
Beschte Schauspiller – Colin Firth
Bescht Schauspillerin – Gabourey Sidibe
Beschten Niewenduersteller – Christoph Waltz
Bescht Niewenduerstellerin – Vera Farmiga
Bescht originalt Dréibuch – A Serious Man
Bescht adaptéiert Dréibuch – In the Loop
Beschten auslännesche Film – Un prophète
Beschten animéierte Film – Fantastic Mr. Fox
Beschten Documentaire – The Cove
Beschte Schnëtt – The Hurt Locker
Beschte Kamera – The Hurt Locker
Bescht Art Direction – Avatar
Beschte Kostümdesign – Bright Star
Beschte Makeup – District 9
Beschte Filmmusek – Up
Bescht Lidd – “The Weary Kind” aus Crazy Heart
Sound Editing – The Hurt Locker
Sound Mixing – The Hurt Locker
Visuell Effekter – Avatar
Bei de Kuerzfilmer hunn ech ausser Wallace and Gromit: A Matter of Loaf and Death kee gesinn, an enthale mech dofir.
(more…)
#10 THE INFORMANT!
(Steven Soderbergh)
Ech hu mer et zur Gewunnecht gemaach, dass op menger zengter Plaz e Film ass, deen ech perséinlech extrem interessant fonnt hunn, mä wou ech vläicht net onbedéngt der Meenung sinn, dass en eng Top 10-Plaz hu misst. No Man on Wire an Into the Wild ass dat dëst Joer dem Steven Soderbergh säin absolut genialen The Informant! bei deem s de duerch dem Matt Damon seng beschte schauspilleresch Leeschtung bis haut ni wierklech weess wou s de dru bass. Wéi gesot, e wonnerbare Film mat wonnerbarem Cast.
(more…)

500 Days of Summer (****)
Säit e puer Joer hunn ech schon en heemleche Crush wat d’Zooey Deschanel betrëfft, dat läit wahrscheinlech och dorunner, dass et meeschtens getypecast gëtt, an déi Zort Dramgirl ouni wierklech Substanz a ville Filmer anhëllt. Sou och hei, mä egal wéi negativ dat kléngt, de Film ass brillant. D’duerchschnëttlech Performance vum Deschanel zesumme mam Joseph Gordon-Levitt senger immenser schauspillerescher Leeschtung sinn d’perfekt Mëttel fir dat clevert a wonnerbart Dréibuch iwwert eng Koppel där hir Bezéiung net funktionnéiert zum Liewen ze bréngen. Dëst zesummen mat der schier perfekter Regie vum Marc Webb mécht aus (500) Days of Summer de perfekte Film fir de Summer. Ech géif bal soen, et wier déi innovativsten Rom-Com zënter Annie Hall, mä noolt mech net dorop fest.
(more…)
… ass dat normalerweis en Ulass fir an de Kino ze goen, well net nëmmen maache vill Fraen intelligent Filmer, mä och der un déi een sech spéider gär erënnert (Lost in Translation, The Piano, Me and You and Everyone We Know, Brothers, Little Miss Sunshine, Wendy & Lucy…). Dofir wëll ech dës eemoleg Geleeënheet notzen, wou déi zwee meescht bejubelte Filmer vum Joer bis ewell vu Frae gedréit goufen, an och en drëtten extrem gutt Reviews kritt, dass ech hei d’Trailers vun hinne weisen an e Lueflidd op d’weiblecht Geschlecht hannert der Kamera sangen. Lone Scherfig, Jane Campion an Kathryn Bigelow heeschen déi wonnerbar Dammen, déi anscheinend dëst Joer déi Filmer gedréit hunn, déi alles anescht iwwertrompen. An als klenge Gimmick kënnt dann och nach den Trailer vum Mira Nair sengem neiste Film dobäi, well et sou schéin zum Thema passt.
(more…)