00:52 Red Carpet Show. D’Joffer op Sky schwätzt nëmme Brach. Den David Frost war fuerchtbar cool. Lo just huet eent gesot d’Angelina Jolie sollt gewannen – I don’t think so.
00:53 Schéine gudden Owend awer nach, d’Marisa Tomei gesäit … hach … aus.
00:56 “A Hi to anyone who’s mad enough to stay up and watch this!” D’Kate Winslet huet mir gewénkt!!
00:58 Am Internet kurséiert d’Gerücht, dass Waltz with Bashir géint de japanesche Film Departures den Oscar verléire kéint. Ech gleewen drun, dass Waltz gewënnt, mee vu dass ech ëmmer enttäuscht ginn, wier ech o net iwwerascht. Ech soe just Gomorra.
Frost/Nixon

01:07 Ech hu grad gelies, dass bis halwer all d’Teléssender mussen vum Red Carpet wegschalten. Dat ass okay, ech hu grad d’Natalie Portman an engem wonnerschéine rosa Rack gesinn. Dat geet mir duer.
01:12 D’Kate Winslet dréit en Yves Saint-Laurent Rack, falls et iergendeen interesséiert. Ah jo.
Milk

01:15 Ech froe mech grad firwat d’Heidi Klum bei d’Oscars dierf, an ech net. D’Liewen ass net fair. Wat huet d’Heidi Klum do verluer? D’Miley Cyrus hält jo och keng Ried bei der TED Konferenz.
01:21 Oh Merde, déi wäerten haut jo na ophalen iwwer d’Kleeder ze schwätzen. Ech gi mer eppes ze drénke sichen.
01:22 En Zesummeschnëtt iwwer britesch Oscargewënner, a wéiee Lidd leeft am Hannergrond? Natierlech “Viva la Vida” vu Coldplay. Dat Lidd a “Gobbledigook” sollte fir sou eppes verbuede ginn.
The Curious Case of Benjamin Button

01:32 An et geet lass! Wëllkomm zu den 81. Academy Awards! Vill Gléck Hugh Jackman, dass de dat gutt hikriss.
01:39 Coolsten Optakt ever! Standing Ovations.
01:44 Eng Montage iwwer Supporting Actresses. Meh. Dat ass e riesegeN Downer nom Jackman sengem Danz a Gesang, deen absolut brilliant war.
01:46 Oscar fir d’Niewenduerstellerin. Fënnef Presentatricen, déi mol de Präis gewonn hunn. Go Penélope.
01:49 Féck, wann se sou viru fueren, geet déi Show bis an d’Onendlechkeet weider. 20 Minuten a nach näicht iwwereescht. Déi fënnef Dammen schwätze jo ganz schéin, mee et hält net op.
01:50 The Oscar goes to… Penélope Cruz. Hatt seet dem Pedro Almodóvar merci. Sweet. :)
01:54 D’Screenplay Awards komme lo. Tina Fey a Steve Martin. “It has been said that to write means to live forever.” – “The man who said that is dead.”
01:58 Den Oscar fir Original Screenplay geet un Milk. Den Dustin Lance Black mat enger schéiner Prop 8 Kritik. Genial Ried.
02:01 Adapted Screenplay. Alles anescht wéi de Simon Beaufoy wier eng rieseg Iwweraschung.
02:03 Voilà. Slumdog Millionaire gewënnt alt rem e Präis. Ech son lo mol, dass et ee vun 7-9 den Owend ass.
02:05 D’Jennifer Aniston an den Jack Black presentéiren beschten animéierte Film.
02:08 Eng Montage iwwer animéierte Film a Waltz with Bashir kënnt net dra vir. Niewebäi ass et komesch, dass den Jack Black presentéiert, vu dass heen d’Haaptroll a Kung Fu Panda geschwat huet.
02:09 Wall-E huet gewonn. Let’s move on.
02:11 Animéierte Kuerzfilm. La maison en petits cubes. Ah tient. E Japaner huet de Film gema a säin Englesch ass net gutt.
Slumdog Millionaire

02:14 Okay, eng kuerz Paus, da kann ech jo mol soen, dass den Hugh Jackman immens ass bis well, d’Bühn gefällt mer ganz gutt an d’Präisser ware bis ewell wéi z’erwaarden.
02:16 Art Direction. Go Ben Button! D’Carrie Breadshaw (wéi heescht et scho méi?) an den James Bond iwwereeschen de Präis. D’Bühneshow ass sou cool.
02:18 Yes, yes, yes. Ben Button gewënnt de Präis an huet e wierklech, wierklech verdéngt.
02:19 Baussen gi grad Leit grölend laanscht. Se feiere wuel Ben Button. Lo kënnt Costume Design.
02:21 The Duchess gewënnt de Präis fir d’drëtte Kéier an de läschten dräi Joer. (Marie Antoinette an de Film, deen net genannt gëtt si jo wuel den nämlechte Film wéi desen.)
02:24 A sou séier geet et. Ben Button huet schon den Oscar fir Makeup gewonn. Yes.
02:25 Uuuuuh, déi zwee aus Twilight. *gaaaaaps*
02:26 Eng Montage iwwer Romance 2008. Rot mol wéieng Musék spillt! Genee: Coldplay. “Lovers in Japan”.
The Reader

02:30 Forgetting Sarah Marshall an Nick and Norah’s Infinite Playlist gehéiren zu de Romanze vum Joer a kommen an enger Montage bei den Oscars vir. Interessant.
02:32 Best Cinematography. Ben Stiller an Natalie Portman (hach). De Stiller mecht den Joaquin Phoenix no. Cool.
02:35 An d’Slumdog Wackelkamera gewënnt. Wéi Children of Men nominéiert war hu se nach d’Schéinheet vum Bild an net d’Innovatioun gewielt. Lo ass et anescht, an eigentlech net wierklech verdéngt. Schued. De Wally Pfister hätt et verdéngt gehat.
02:40 D’Jessica Biel schwätzt iwwer d’Sci-Tech Awards. Hatt ass ontalentéiert, mee schéin. Dofir duerft et déi iwwereeschen. Mee déi Idiote vu Sky weisen se net mol. Respektlos.
02:46 Ech verstinn dat lo grad net. Ech mengen, et ass dem Judd Apatow seng Comedy-Montage. Mee et ass komesch. Schlechten Empfang kënnt na dobäi.
02:47 Den James Franco, Seth Rogen an Janusz Kaminski iwwereeschen den Oscar fir beschte Kuerzfilm an et ass Spielzeugland.
02:49 De Regisseur vum Film ass aus Ostdäitschland an huet eng Glatz. Aha.
02:53 Empfang ass lo richteg fuerchtbar. An den Hugh Jackman sengt an danzt rem. Sou wéi ech et gäer hunn. Just dat Beyoncé do op der Bühn misst net sinn.
02:56 An d’High School Musical Kanner sinn och well do. Gott bewahr.
02:59 Sou villes ass anescht. Herno wäert souguer d’Queen Latifah d’Original Song Kategorie net presentéiren. Dat ass jo awer well eng Institutioun zënter opmannst 1953. An op Sky TV schwätzen se rem nëmme Schäiss.
03:02 Ech menge lo kritt den Heath Ledger säi Präis. Christoper Walken, Kevin Kline, Cuba Gooding Jr, Alan Arkin an Joel Gray iwwereeschen. Gëtt och Zäit, dass mol rem e Präis iwwereescht gëtt. Ech wëll an d’Bett.
03:08 Lange Rede, kurzer Sinn. Den Heath Ledger huet den Oscar fir déi beschte Performance vum Joer gewonn. Säin Joker ass eng Roll fir d’Geschichtsbicher. Meng Aen si ganz éierlech liicht wässreg. Sou e wonnerbart Talent huet eis verlooss. Ech hoffen, dass et a sengem klenge Matilda weiderlieft.
03:12 Beschten Documentaire. Déi Musék am hannergrond ass fuerchtbar schéin. Doduerch gi meng Tréinen net zréck. Man on Wire… boah, all Kéier s wann ech de Petit um Seel gesinn kënnt dat immenst Gefill rem rop. An de Werner Herzog ass dat Intelligentst wat et an der Filmwelt gëtt.
03:14 De Bill Maher presentéiert. Ech si sauer mat em, well en e Freideg net ganz fein iwwer d’Kate Winslet geschwat huet.
03:15 A gewonn huet Man on Wire. Kuckt en, Jongen a Meedercher! Dee Philippe Petit ass sou en arrogant coolen Typ. A lo direkt Documentaire Kuerzfilm.
03:18 De Gewënner ass Smile Pinki. Muss deen dann iergendwou fannen. Ech wëll, dass méi Kuerzfilmer an de Kino kommen. Se sinn oft immens, a wann net, huet ee manner Zäit verluer, wéi wann een Changeling oder Defiance kuckt. Brrrrr.
03:21 Wann op Sky TV nach eng Kéier ee seet The Dark Knight wier dest Joer “slightly ignored” ginn, geheien ech mäi Macbook d’Fënster raus. 8 Nominéirungen, krëtjëft. “If Heath would have been nominated had he been among us, is to be debated.” Fuck off, a lies e Buch. Vu Film an Oscars, keng Anung.
03:23 Okay, de Stream ass hänke bliwwen. Panik setzt an.
03:25 An et geet rem. Eng Montage iwwer Actionfilmer. MTV Movie Awards oder Oscars? Ech wees et net méi.
03:26 Uh, uh, uh. De Will Smith.
03:27 Visual Effects. The Curious Case of Benjamin Button. Oh yeah, bescht Effekter aller Zäiten. Ech soe just. Fir déi, déi sech nach dovun iwwerzeege wëllen.
03:29 D’Soundkategorien si lo drun. The Dark Knight gewënnt Editing.
03:31 An d’Bild hänkt nees. Sound Mixing wier lo drun.
03:32 Slumdog Millionaire huet gewonn. Mir deet et haut nach wéi vun deem Kaméidi, deen am Film war. Ech verstinn net, wéi dee Film do konnt nominéiert ginn.
03:34 Beschte Schnëtt. Meng Lieblingskategorie nieft dem original Dréibuch.
03:35 Ech hu well op Auto-Complete emgeschalt, ëmmer wann ech Oscar Slumdog Millionaire aginn, schreift mäin neiste selwer geschriwwene WordPress Plugin direkt Slumdog Millionaire hannendrun. Dat mecht et fir mech wesentlech méi liicht.
03:39 Ech froe mech grad wéieng Kategorien nach ausstinn, vu dass Slumdog réicht véier gewonn huet. Regie, Film, wat nach?
03:40 Ze séier geschoss, lo fällt et mer nees an: d’Musékkategorien kommen nach, déi e gewënnt.
03:42 Den Jerry Lewis gewënnt den Humanitarian Award, deen ech bis haut net verstinn. A rot wéiee Lidd an sénger Montage leeft? Genee: “Viva la Vida”.
03:44 Et war awer léif vun hinnen, dass den Eddie Murphy de Präis iwwereeschen duerft. Hat en och mol en Oscar Slumdog Millionaire an der Hand.
03:48 D’Sky TV Leit si rem um sabbelen. Nëmme Schäiss. D’Beyoncé huet anscheinend just “Dreamgirls” gedréit bis well. Hey, wat ass mat “Austin Powers: Goldmember”?
03:51 Best Original Score. Dem Alexandre Desplat séng Aarbecht fir Button ass sou wonnerschéin. Genee sou Defiance vum James Newton Howard. Milk war immens. Wall-E bezaubernd. Slumdog Millionaire kléngt besser vum Orchester bei den Oscars wéi am Film.
03:53 A scho rem D’HSM Kanner. An d’Gréit huet den Alexandre Desplat “Alejandre” ausgeschwat. Domm Klont. Slumdog huet natierlech gewonn.
03:56 Best Original Song. D’M.I.A. trëtt net op. An den John Legend séngt “Down to Earth”.
03:58 Also ech menge mol, dass dat den John Legend war.
03:58 Firwat wees ech eigentlech wen den John Legend ass?
04:02 Oscar Slumdog Millionaire. Sensationell wéi deen Auto-complete funktionnéiert. An “Jai Ho”, dat schwächsten nominéiert Lidd huet gewonn. Den Dev Patel verbréngt séng Zäit iwwregens domadder de Mond net zouzekréien a bléckt permanent ronderem sech.
04:06 De Liam Neeson an d”Freida Pinto iwwereesche lo beschten auslännesche Film.
04:07 A wéi ganz um Ufank ugekënnegt huet Departures wierklech gewonn. Major fuck-up nennen ech dat do lo mol. Mee ech hunn de Film jo net gesinn. Dese Japaner ka grad sou wéineg Englesch wéi dee virdrun.
04:11 In Memoriam. An d’Queen Latifah séngt dozou.
04:15 Schéi gema, d’Kameraschwenks ware liicht hektesch. Mee wéi all Joer si rem vill grouss Leit vun eis gaang, déi bekannt Nimm, an déi, déi am Schied fir d’Schéinheet vum Film zoustänneg waren.
04:19 D’Reese Witherspoon iwwereescht geschwënn dem Danny Boyle den Oscar Slumdog Millionaire, deen dem David Fincher zousteet, ass wéi ëmmer witzeg, mee huet e Rack un, deen deen Numm net verdingt huet.
04.21 Oscar Slumdog Millionaire.
04.23 Séng Tigger Ried war immens. Déif a méngem Häerz fannen ech den Danny Boyle jo schon immens. Mee, David Fincher…
04:25 Bescht Schauspillerin. Ass et endlech um Kate? Oder gewënnt d’Meryl Streep säin drëtten? Oder iwwerascht d’Melissa Leo?
04:27 Sofia Loren, Shirley McLaine, Halle Berry, Nicole Kidman, Marion Cotillard presentéiren.
04:28 No beschte Schauspiller ginn ech iwwregens an d’Bett.
04:29 NOT.
04:32 KAAAAAAAATE! :)
04:36 Ried vum Owend. Subjektiv an objektiv. An et geet virun bei de beschte Schauspiller.
04:37 Robert de Niro, Ben Kingsley, Anthony Hopkins, Adrien Brody a Michael Douglas heeschen d’Presentateuren. Wat e Line-up.
04:43 Ech mengen deen Typ aus Twilight ass wierklech e Vampyr. An de Sean Penn gewënnt säin zweeten Oscar!
04:45 De Sean Penn ass witzeg an den Dustin Lance Black kräischt. Dat zweet ass net sou iwweraschend, dat éischt extrem. Wat ass dann hei lass?
04:53 An de Steven Spielberg iwwereescht Slumdog Millionaire lo hieren aachten Oscar. Keng Iwweraschung. Bis d’néchst Joer. Gutt Nuecht.
Vu dass ech lo zwee Deeg laang krank war, sinn ech e bëssen a Verzug geroden mat allem – Filmer kucken, Uniaarbecht, de 50 Muséker vum Joerzéngt. Sou hätt bis ewell scho missen d’Nummer 40 an 39 vu läschterer Lëscht bekannt sinn, ech hätt wëllen Milk gesinn hunn an ech hätt sollen eng 200-300 Säite weider am James Joyce séngem Ulysses sinn. Mee bon, dat ass halt Pech an et kann een näicht drun änneren.
E Film, deen ech allerdéngs gesinn hunn, a sou séier wéi méiglech rem gesi wëll, ass dem Sam Mendes séng villdiskutéiert Reunioun vum Kate Winslet a Leonardo DiCaprio op der Leinwand. Déi zwee, déi viru well schon 11 laange Joer mat hirem Schëff ënnergaang sinn, hu jo, wann iwwerhaapt meeschtens nëmmen wéinst deem Film der an d’Schnëss krut. Ech gehéiren net zu deene Leit – ech sinn nach ëmmer der Meenung, dass Titanic e méi wéi okayen Action/Dramafilm ass, dee virun allem duerch séng opulent Optik iwwerzeegt. A wat d’Kate an de Leo aus hirem dach bescheidene Script man, ass jo awer méi wéi faszinant. Ouni d’Rahmenhandlung wier de Film souguer genial. Mee bon, Kitsch muss anscheinend sinn.
Mee ech schwäifen of, eigentlech wëll ech jo iwwer Revolutionary Road schwätzen, e Film iwwert eng Koppel, déi géint dem Enn vun de 50er um Zerbriechen ass, a sech un en Dram klamert, dee se sech selwer aus Feigheet net erfëlle kënnen. De Film ass extrem intensiv – e Sträit ass numol e Sträit, an do gëtt et ellen, an et gëtt och keng Wischi-waschi-Versöhnungen. Wat sou schrecklech ass: des Leit si real, se hu Problemer, déi se zu Katastrophen opbauschen, net well se net z’evitéire sinn, mee well se an enger Zäit liewen wou Trennung net existéiert. De Frank an d’April Wheeler gehéiren net beieneen, well alles Gutts, wat se deelen, man se duerch Egoismus a permanent Angscht nees futti.
De Schlësselpersonnage am Film, ass awer den vum Michael Shannon exzellent gespillten John – e psychesch gestéierte fréiere Mathematiker, deen d’Virstadtrauma vun de Wheelers mat sou enger Präzisioun duerchbléckt, dass et bal beängstegend ass. Amplaz dass si allerdéng dorauser de Schluss zéien der Normalitéit z’erleen, gleewen se endlech ee fonnt ze hunn, dee se versteet, a mierken net, dass ronderem se alles d’nämlecht ass. An dat obwuel se dem Virstadliewen dach sou onbedéngt entfléie wëllen, fir am Endeffekt awer rem Feeler ze begoen, déi se doranner fesselen.
De Sam Mendes ass wuel den ofwiesslungsräichste Regisseur, deen et an Hollywood gëtt, erënnert Revolutionary Road op en éischte Bléck vläicht u säin éischte Film American Beauty, sou ass et trotzdem eng komplett aner Geschicht. Qualitativ bleift en allerdéngs sénger Linn trei ni e schlechte Film ze man, well no Road to Perdition an Jarhead ass och Revolutionary Road rem en absolute Succès. Dest souwuel duerch d’brilliant Adaptatioun vum Richard Yates sénger Romanvirlag, wéi och duerch d’schauspilleresch Leeschtunge vum Kate Winslet, Leonardo DiCaprio a Michael Shannon, déi allendräi eventuell souguer déi bescht Leeschtunge vun hirer Carrière bréngen. Dat ganzt ofgerond mat der wéi ëmmer genialer Kameraaarbecht vum Roger Deakins an mer hunn ee vun de wierklech beschte Filmer vum Joer 2008.
Et ass iergendwéi witzeg, dass déi zwee beschte Filmer, déi ech vun 2006 bis elo gesinn hunn, mam Wuert “Little” ufänken.
Op dem Grommel séng Nofro hin, dann och e bësse méi, wéi just déi reng Feststellung:
Bei all Respekt, deen ech virum Martin Scorsese, Alfonso Cuarón an Alejandro Gonzalez Iñarittu hunn, dem Todd Field séng Leeschtung an “Little Children” iwwertrompt deenen dräi hir Meeschterleeschtungen, wat d’Regie betrëfft souguer nach. An dat ass fir mech en bal onméiglechen Effort.
D’Chemie tëscht de Schauspiller ass herrlech, d’Kate Winslet, de Patrick Wilson, d’Jennifer Connelly an den Jacky Earle Haley bréngen hier jeweileg Personnagen mat Iwwerzeegung riwwer an iwwerzeegen och am Dialog ënnerteneen. D’Kameraféirung bitt dem Todd Field ëmmer rem d’Méiglechkeet mat de Biller a Sequenzen ze spillen, a kann domadder effizient Zäit, déi vergeet iwwerbrécken, an dëst och visuell duerstellen.
Eppes, wat een net gewinnt ass vu Filmer, ass dass et en Off-Kommentar get. Gutt, a “Shawshank Redemption” oder “Million Dollar Baby” schlüpft de Morgan Freeman an eng Erzielerroll, mee am Géigesaz zu dësem Film, erzielt en eben aus sénger Erënnerung. Hei schwieft en allwëssenden Erzieler iwwert der Klengstad, deen d’Handlunge begleet a kommentéiert. Dëst kënnt engem am Ufank sécherlech komesch vir, mee no enger Zäit get et zu engem interessanten Nieweneffekt, deen an dat brillant Ensemble mat ageet.
Iwwer d’Geschicht wëll ech net ze vill Wierder verléiren, vu dass ech dem Grommel näicht verdiewe wëll. Mee just sou vill: ech hunn de ganze Film net op d’Auer gekuckt. Dat kënnt seele vir.
A fir déi, déi et néideg hunn: dëse Film bitt eng Alternativ fir déi Leit, déi d’Kate Winslet wëlle plakeg gesinn, ouni nach emol Titanic ze kucken.