Wéi Freaks and Geeks um Enn vum leschte Joerdausend op der amerikanescher Chaîne NBC gelaf ass, ass eigentlech alles schif gelaf, wat fir eng Serie ka schif lafen. Onattraktiv, a wiesselnd Zäiten fir d’Ausstrahlung hunn um Enn dofir gesuergt, dass no 12 ausgestrahlten Episode Schluss war. Déi 6 weider produzéiert Episoden si réischt méi spéit a Reruns gewise ginn.
Freaks and Geeks war e Konzept, wat eigentlech ni funktionéiere konnt. Eng als Comedy klassifizéiert Serie, déi awer eng Stonn laang dauert, gëtt et scho seelen. Dass d’Serie, fir déi Zäit onvirstellbar, ouni “laughter track” auskoum, ass nach méi iwwerraschend. De wierklechen Doudesstouss huet sech d’Serie awer doduerch ginn, dass se direkt an der éischter Episod – an eigentlech och an den nächste 17 Versich – op grouss Witzer verzicht huet, an probéiert huet eng naturalistesch Approche anzegoen. Freaks and Geeks sollt realistesch sinn an net an d’Zort Hyperrealitéit schweifen, déi een vu villen Comedy-Serien gewinnt ass. An dat ass der Serie och gelongen. Allerdéngs war et wuel e Feeler dëse Realismus sou z’interpretéieren, dass just virun der éischten Ënnerbriechung fir Reklammen d’amerikanescht Publikum virun den Apparaten domat konfrontéiert gi sinn, wéi e behënnerte Jong vun enger Tribün fällt a sech den Aarm brécht. Wéineg iwwerraschend, hunn d’Leit duerno a Massen ëmgeschalt, ouni op d’Serie zréck ze kommen, sou dass doraus am Endeffekt gouf, wat ee sou schéin eng “noble failure” nennt.
(more…)
Wéi all Joer kann ech et och dest Joer et net loossen, mer scho méintelaang am Viraus Gedanken ze man, wat dat Joer wuel fir Filmer op mech duerkommen. Vu ménge meeschterwaartene Filmer vum läschte Joer hunn der genee zwee et an d’Top 10 vum Joer gepackt, dofir awer och op déi Positiounen, déi se an där Lëscht schon anhaten. Interessant.
Animania
Ofgesinn vun den animéierte Filmer, déi nach a ménger Top 10 optauchen gëtt et nach eng Rëtsch interessantes op dat een sech freen dierf. Do wieren den net amerikanesche Virtuosen Sylvain Chomet an Hayao Miyazaki hir neiste Wierker: L’Illusioniste an Gake no ue no Ponyo. An dann awer och den a Lëtzebuerg produzéierte 9, dee fuerchtbar interessant ausgesait, souwéi dem Pianocktail Lieblingsregisseur Wes Anderson Fantastic Mr. Fox. A schlussendlech nach dem Robert Zemeckis säin A Christmas Carol mam Jim Carrey.
Fir ze laachen
Op éischter Plaz muss do natierlech de Brüno erwient ginn, den neiste Film mam Sasha Baron Cohen a senger bekannter Roll als schwult éisträichescht Watochëmmer. (500) Days of Summer vum Marc Webb kléngt wéi eng interessant Romanz mam Joseph Gordon-Levitt a Zooey Deschanel. Nailed vum David O. Russell handelt vun enger jonker Fra, déi sech en Nol an de Kapp schéisst an duerno d’Welt e bëssen anescht gesäit. An de Sam Mendes, wéi och de Fatih Akin betrieden en neien Terrain mat hire Komödien Away We Go an Soul Kitchen. Den Ed Wright bréngt an där Zäit eng Comicadaptatioun mam Michael Cera, déi sech Scott Pilgrim vs. The World nennt, während den Jason Reitman den George Clooney an Up in the Air zum Profirausgeheier gi léisst.
D’Dammen hannert der Kamera
The Hurt Locker vum Kathryn Bigelow, e Film iwwert e bekannte momentanen amerikanesche Krich ass 2008 scho mat Succès op Festivale gelaf, an dem Jane Campion säin neisten Bright Star, ass alleng vum Numm vun der Regisseurin hir jo schon en absolute Must. D’Anna Boden huet zesumme mam Ryan Fleck nach Sugar gedréit. Iwwert en Baseballspiller.
Action, Action, Action
Comicadaptatiounen sinn och dest Joer nees drun: Wolverine a Watchmen sinn do déi mam meeschte Profil. An da gëtt et natierlech na sou Filmer, déi sech Terminator:Salvation an Star Trek nennen.
Europäesch Starregisseuren um Wierk
Souwuel den Alejandro Amenabar an de Lukas Moodysson beginn d’Doudsënn en amerikanesche Film ze dréien. Dem Moodysson säi neiste Film Mammoth ass zu Berlin scho relativ gefloppt, während dem Amenabar säi Projet Agora, deen am réimeschen Ägypten spillt, mech net interesséire géif, wann ech heen net immens fanne géif. Dann gëtt et endlech nees eppes Neies vum Lars von Trier: Antichrist ass de wonnerschéinen Titel fir säin neiste Film. D’Briten Stephen Frears an Paul Greengrass bréngen engersäits en Kostümdrama mam Michelle Pfeiffer mam Numm Chéri, an fir de Greengrass eng weider Kollabo mam Matt Damon am Krichsfilm Green Zone. An de Guy Ritchie bréngt de Sherlock Holmes zréck an de Kino.
Déi Grouss aus Amerika
Den Terrence Malick ass bekannt als Philosoph vum Kino an och a sengem neisten The Tree of Life, iwwert eng Famill an de 50er mam Brad Pitt als Papp, wäert e vill Geleenheete fannen, Wisen an den Himmel ze filmen. De Michael Mann ass och rem do mat séngem Public Enemies, engem Gangsterfilm mam Johnny Depp an Christian Bale. De Rob Marshall dogéint dréit d’Musical Nine an deem sechs (!) Oscargewënner dra virkommen: Daniel Day-Lewis, Sofia Loren, Penélope Cruz, Nicole Kidman, Judi Dench a Marion Cotillard. Dobäi gesellt sech nach d’nominéiert Kate Hudson. Wow. An d’Fergie vun de Black Eyed Peas. Haha. An de Clint Eastwood dréit den Morgan Freeman a Mandela an allebéid wäerten se wuel nees en Oscar gewannen.
Déi vum läschte Joer remkommen an dem Ledger säi wierklech läschten
Nee, The Dark Knight war net dem Heath Ledger seng läschte Roll, dat ass The Imaginarium of Doctor Parnassus. Vu dass en deen allerdéngs net fäerdeg gedréit krut, an dat deet nach ëmmer wéi, hunn den Johnny Depp, Jude Law an Colin Farrell seng Roll weidergespillt. Des weideren kommen dann The Lovely Bones (Peter Jackson), an The Soloist (Joe Wright) dest Joer wierklech an de Kino.

Where the Wild Things Are
(more…)
Ech si sou, sou, sou gespaant, wéi den neie Film vum Judd Apatow am Endeffekt si wäert. Desen Trailer gesait engersäits fuerchtbar aus, anerersäits huet e meng Erwaardung nach emol gesteigert. Erklär mir een dat.
PS: E Méindeg, meng alljährlech Filmvirschau, mat den 10 meeschterwaartete Filmer vum Joer.
Lo wou des Woch Pineapple Express, de läschte vum Judd Apatow produzéirte Film op DVD rauskomm ass, hunn ech d’Gefill wier et un der Zäit e Luewlidd op den zweifellos beschten an erfollegräichste Produzent vu Komödien vum neie Joerdausend ze sangen.
Ugefaang huet dem Apatow säi kreative Virmarsch mat den zwou Telésserien Freaks & Geeks an Undeclared, déi an Europa ni wierklech den Duerchbroch gepackt hunn (och wann Undeclared d’läscht Joer kuerz op Pro7 gelaf ass). Hei gesäit een d’Usätz vun der Apatowsche Comedy-Schoul scho ganz gutt: de Witz am richtege Liewe sichen, am Dialog an am stereotypesche Verhalen, an dobäi ëmmer rem op déi nämlecht Gesiichter vertrauen.
(more…)