Bäitrag getagged ‘joy division’

Summer Is Over

Geschriwwen den 1/09/2009 vum ThorbenEe Kommentar

summerisoverDe Summer ass eriwwer. Et ass den éischten September. Dobaussen ass et haut net schéin. Dat ass Fakt. Ech sinn elo gläich e Joer bei Pianocktail, mä dozou kommen ech eng aner Kéier. Am Summer wor et roueg hei, an dat obwuel mir jo well zu fënnef am Bond sinn, fir déi méi sporadesch Lieser; Lynn heescht eisen neien Stagiäre (de Spellchecker sot, dass dat sou geschriwwe gëtt). An dat kann nëmmen eppes heeschen: De Summer wor maträissend. Fir dat ganzt nach eng Kéier anzepaken, hunn ech en klengen Mix zesummegebaut fir mäi Summer ze resuméieren. Gitt net ze vill dra picken, et ass nëmme Musek. Et heescht: Summer Is Over

  1. Kevin Shields – Are You Awake
  2. Urbs – Ununited / Toujours le même film
  3. Moby – Shot in the back of your head
  4. Daft Punk – Harder Better Faster Stronge
  5. Belle And Sebastian – Nothing in the silence
  6. Camille – Mon petit vieux
  7. Arab Strap – The first big weekend
  8. Joy Division – She’s lost control
  9. Björk – Frosti
  10. Amy McDonald – Caledonia

An nee. Ech sin keen Amy McDonald Fan, mee e bessen schotteschen Kitsch dierf jo sinn. An d’Pianocktail Mixtape existéiert, mee ech haderen momentan mam Cover. Mee et ass do, et existéiert an et kënnt raus.

Hei kann een Summer is Over lauschtren
[audio:SummerIsOver.mp3]
Hei kann een Summer is Over roflueden.

Plazen 125 – 101

Geschriwwen den 4/11/2007 vum Chris7 Kommentaren

Sou, da fänkt et lo sou lues un interessant ze ginn. De läschte Schrëtt virun den Top 100, an déi gi réicht immens, oh mei, wann dir wéisst…

(more…)

Control

Geschriwwen den 6/10/2007 vum Chris2 Kommentaren

D’Geschicht vum Ian Curtis dierft méi oder manner bekannt sinn. Geplot vun Depressiounen, ënnert sénger Epilepsie an dem Erfolleg leidend a vun der Iddi besiess, jonk ze stierwen, huet den Ian Curtis, Sänger vun der Band Joy Division sech1980 am Alter vu just 23 Joer d’Liewe geholl.

Den Anton Corbijn, Regisseur vu “Control”, war deemols 25 Joer al a Photograph fir den NME. Als solchen huet en och Fotoen vun der hautesdags legendärer Postpunkband gema an den Ian Curtis perséinlech kannt. 27 Joer no séngem Dout huet en dem Curtis säi kuerzt Liewen fir de Kino festgehal, d’Geschicht baséirend op dem Debbie Curtis séngem Roman iwwert hiere verstuerwene Mann.

“Control” fänkt un mat engem typesche Bild vum Ian Curtis. E fëmmt. Emsou méi interessant geréit d’Cinematographie doduercher, dass de Corbijn decidéiert huet de Film a Schwaarz/wäiss ze halen, wat en extreme Kontrast tëscht Liicht an Däischtert bidd, genee sou wéi et och beim Curtis séngem Liewen, der Musék vun Joy Division an der Handlung vum Film de Fall ass. Et schwankt een ëmmer tëschent dem düstere Sound vun der Musék an dem Humor vun de Bandmemberen. Dat Erstaunlecht um Film ass neemlech, dass obwuel den Ian Curtis als extrem negativ Perséinlechkeet agestuft dierf ginn, de Film vun humorvolle Szenen lieft. Engersäits gëtt dat dem Wierk eng gewëss Frëscht, anerersäits gëtt d’Tragik vum Curtis séngem Ausgang domadder verstärkt.

Wier des Welt gerecht (an dat ass se numol net), kéint de Sam Riley sech sécher sinn am Januar am Januar fir den Oscar nominéiert ze ginn. Den Jamie Foxx krut en Oscar fir séng Performance als Ray Charles, den Joaquin Phoenix war nominéiert als Johnny Cash, mee allebéid erreechen se net d’Déift déi de Sam Riley sénger Interpretatioun vum Ian Curtis verleet. Sief et de bizarren Danzstil, oder just säin ëmmer zweifelnden, ängschtleche Bléck, de Sam Riley leet eng Leeschtung hin, déi een nëmmen an den héchsten Téin luewe kann. D’Samantha Morton iwwerzeegt och als Debbie Curtis, während d’Bandmemberen vun Joy Division hier humoristesch Alagen ouni Makel spillen. Enttäuschend ass just d’Alexandra Maria Lara an der Roll vum Annick Honoré. Et keeft een him d’Roll vum Fan, genee sou wéineg of, wéi séng Léift fir den Ian. Hatt ass an der Roll einfach feelbesat.

Alles an allem huet den Anton Corbijn en erstaunlechen Debut als Regisseur higeluegt an e Film gedréit, deen net nëmmen Fans vun Joy Division gefalen dierft. Allerdéngs ass et eben en Artfilm, mat engem ganz spezielle Sujet, an net jiddereen kann eppes domadder ufänken. Fir Leit, déi keng Aanung vun der Postpunkszen oder Rockmusék u sech hunn, ass de Film sécherlech net empfielenswert, well en dach ze fokuséiert op säin Thema ass a wéineg Spillraum no baussen huet, zemols well dem Curtis séng Liebeleien zwar permanent ugeschnidde ginn, mee fir en neutrale Spectateur kaum novollzéibar sinn dierften. Sou bleift niewebäi just na d’Musék a ween déi o net gäer huet soll d’Fanger vum Film lossen.

Wertung: ***/****


Buy accutane online buy accutane online australia replica hermes handbags david jones handbags Buy accutane online cheap juicy couture louis vuitton bags kardashian kollection handbags Theme compat side effects micardis adalat replica hermes handbags cheap replica handbags michael kors Damier Ebene Canvas vuitton handbags high quality replica handbags high quality replica handbags