Bäitrag getagged ‘jonathan safran foer’

Allerlee

Geschriwwen den 9/05/2010 vum LynnEe Kommentar

Et ass Sonnden nomëtteg an et ass langweileg zu Heidelberg. Kee gutt Wierder fir raus, ze faul fir eppes ze léieren, also maache mer mol Äerdbier-Molbier-Crème an hannerloosse mol rëm eng kéier eppes um Nocki. Eppes vun allem.

Ugefaang gëtt bei engem léiwe Mënsch deen allerlee zum Thema Léift mécht; Streetart, Fotoen a Biller. Iwwert hee selwer ass nit alt zevill rauszefannen well seng Biographie nëmmen vu sengen Erfahrungen an deem Beräich erzielt, mee ech huelen un en ass Spuenier, a seng Saache sinn immens flott (wann och deelweis bëssen cheesy). Hee nennt sech Brusse an hei kennt der iech ukucken wat hee sou zwafft. Dat hei ass iwwregens meng Lieblingsfoto vun him.

Weider geet et mat e bësse Literatur, an zwar mam Jonathan Safran Foer. Wei der schon all wësst hunn ech heen a seng Bicher, wat a wei hee schreift immens gär. An hei krut ech eng Kuerzgeschicht vun 2002 vun him geschéckt déi ech, wéi alles vun him, immens fannen. A PRIMER FOR THE PUNCTUATION OF HEART DISEASE.

Dann well ech iech nach e Video weisen deen ech immens flott fannen, vun der schwedescher Band Little Dragon. Si komme vu Göteborg a maache schéinen Trip-Hop. De Video ass wonnerschéi gemaach vum schwedesche Kënschtler Johannes Nyholm. An d’Lidd, Twice, hun ech mëttlerweil scho sou dacks gelauschtert dass et mer scho bal op d’Nerve geet. Awer nëmme bal.

YouTube Preview Image

Zu gudder läscht  nervt den Thorben mech scho säit engem Mount ech soll mol hei vum Play-Doh Village erzielen, deem Tumblr dee mer säit bal zwee Méint hunn. Ech war jo scho mi laang fuerwetzeg wat sou cool un dem Konzept wier a wéi ech dunn dës Foto a mengem Reader hat hunn ech mer geduecht ech misst och mol all di Fotoen, Zitater, Videoen a sou weider déi ech sou fannen an dei mer gefalen a sou en Tumblr paken. Den Thorben hunn ech zum Co-Tumblr ernannt. A voilà, dat ass en. A well eis de Konzept vum Tumblr sou gefällt, huet den Thorben dunn virun enger Woch nach een opgemach, fir eppes fir d’Reputatioun vu Bären ze maachen. Hell Yeah, Bears!

Alles ist Erleuchtet oder Der Anfang der Welt kommt oft

Geschriwwen den 24/01/2010 vum Lynn32 Kommentaren

Där wesst jo schon alleguer dass ech d’Romaner vum Jonathan Safran Foer fuerchtbar gear hun, well der dat natiirlech all hei gelies hudd. Lo hun ech virun engem Mount ongefeier gesin dass hei zu Heidelberg sain Everything is Illuminated als Theatersteck op daitsch opgefouert get. An natiirlech hun ech mer dat, obwuel ech et eigentlech nit gear hun en englesche Roman daitsch interpretéiert ze gesin, missen ukucken. Well schließlech soll ee nit souvill Virurteeler hun an et kéint jo sin dass mer dat och op daitsch ganz gudd gefällt.

An sou sollt et dunn och sin. D’Steck get am Zwinger 1 opgefouert, ee relativ klenge Sall deen zimlech improviséiert ausgesait. Fennef breed Reihen mat (ongemittleche) Still an keng richteg Bühn. Op der lenker Sait si blo Maueren mat bloem Buedem opgebaut, an der Mett uewen as eng kleng Leinwand, drenner e Schreiwdesch a rechts eng komesch donkelgro, kescht-ähnlech Konstruktioun.

D’Geschicht handelt vum Jonathan, dem Autor sain Alter Ego, deen an d’Ukraine reest fier dat jüdescht Duerf Trachimbrod ze fannen an di Fra di sai Grousspapp am zweete Weltkrich virun de Nazien gerett huet. Dobai get hee begleet vum Alex, dee vu sengem Papp a senger Firma, Heritage Tours, als Iwwersetzer ugeheiert get. Wei de Numm vun der Agence et scho seet hellefen si Leit hier Wuerzelen an den Heemechtslänner vun hieren Viirfahren ze fannen. Op hierem Trip sin och nach dobai, als Chauffeur, dem Alex sai Grousspapp dee vu sech selwer behaapt blann ze sin an den Sammy Davis jr. jr., dem Grousspapp seng leefeg Mudder dei heen als Blannenhond begleet. Hier Rees as relativ abenteuerlech, besonneg fier den jüdeschen Amerikaner Jonathan, deen Angscht virun Henn huet an dee nit verstaan get vu senge Begleeder, ennert aanerem well e Vegetarier as.

Niewt dem Jonathan senger Rees get op der lenker Sait vun der Bühn d’Geschicht vun der Staat Trachimbrod erzielt, wei se zu hierem Numm koum, an di komesch, schéin, traureg Geschicht vum Brod. De Shtetl Trachimbrod krut sai Numm vum Floss Brod a vum Trachim B., deem sai Won an dese Floss gerannt as an heen a seng Frau embruecht huet. Et get just nie eng Laich vun hinne fonnt mee et taucht ee Pupelchen aus dem Waasser op. D’Brod, dat vun deem aale Jankel opgezu get.

Als drett Handlung as do dann och nach den Alex deen dem Jonathan no hierer Rees Breiwer scheckt. Di zwee sin duerch hier Rees gudd Frenn gin an duerch hier Familljegeschichten, dei sech ähnlech sin, zesumme gewuess.

D’Steck as op seng eegen Aart a Weis a mat groussaartege Schauspiller emgesaat. D’Onstemmegkeeten tescht der onglaicher Reesgrupp brengen een zum Laachen, während den Hannergrond vum zweete Weltkrich natiirlech eescht as an nodenklech mecht, besonneg zum Schluss, der Erleuchtung. D’Sammy Davis jr. jr. get wonnerbar vum Franziska Beyer gespillt an den Alex jongléiert perfekt tescht engem Daitsch mat russeschem Accent an Héichdaitsch. Op der Leinwand get emmer rem ugewisen wann d’Szen vu lenks no riets wiesselt an Detailer vum Brod senger Geschicht gin dem Lieser gezielt. Schlussendlech entdeckt den Zuschauer dann wei di zwou Geschichten verbonn sin, doriwwer hinaus dass den Jonathan no där Staat sicht där hiere Floss dem Brod sai Numm gin huet.

Ech kann dat Steck also nemmen empfehlen, falls e puer Lieser hei zu Heidelberg sin. Et get am Februar nach draimol, den 6. den 9. an den 20. opgefouert, weider Spillpläng si nach nit raus. Fier all di aaner kann ech natiirlech awer och de Roman empfehlen.

Extremely loud and incredibly close

Geschriwwen den 3/10/2009 vum Lynn13 Kommentaren

Et as endlech rem Hierscht. Do kann een et sech rem erlaaben sech mat engem Téi op d’Couche ze tesselen an einfach nemmen ee Buch ze liesen ouni ee schlecht Gewessen ze kreien well dobaussen sou gudd Wieder as.

Besonneg gear liesen ech dann mol rem eng Keier ee Buch dat ech scho baal auswenneg kennen well et main Lieblingsroman as. Schon oft gelies (a mettlerweil besetzen ech et drai mol) hun ech et schon oft recommandéiert mee well mer jo ni ee nolauschtert erzielen ech iech lo mol dovun.

Dobai handelt et sech em ‘Extremely loud and incredibly close’ vum Jonathan Safran Foer. De Foer as een amerikaneschen Autor, bekannt gi mat sengem éischten Roman ‘Everything is illuminated’ (2002) deen och mam Elijah Wood verfilmt gouf. Dese Roman as 2005 rauskomm. D’Buch bestecht schon alleng (an der Houghton Mifflin Ausgab) duerch sai géniale Cover. Bis een et opschléit a mierkt dass e vu bannen nach besser as.

D’Geschicht handelt vum Oskar. Heen huet ning Joer an as ee superintelligenten an léiwen Jong deen alles well wessen a rausfannen an di verréckst Saachen erfennt. Hien erzielt seng Geschicht, eng wonnerschéin, bewegend Geschicht, aus der éischter Persoun. Den Oskar wunnt zu New York an huet sai Papp den 11. September am World Trade Center verluer. Sai Papp huet em alles bedeit, a lo, mei wi ee Joer mi spéit huet en sai Verloscht nach nit verkraaft. Hien erzielt dem Lieser wei sai Papp war a weifill heen e vermesst. Enges Daags fennt den Oskar dann a sengem aalen Ukleedezemmer an enger Vaase ee Schlessel, a mat engem eenzegen Indiz zu wat dese Schlessel kéint geheieren mecht heen sech op d’Sich fier sengem Papp rem e besse mei noo ze sin. Parallel zum Oskar senger Geschicht erzielt de Roman nach d’Geschicht vun zwee Menschen di him op hier Aart a Weis noo sin. Di drai Komponenten si perfekt matenee verbonn an erklären wei alles sou komm as wei et as.

Wat d’ Buch nach mei besonneg mecht sin d’Biller an d’Fotoen tescht dem Text. Si illustréieren wat d’Personnagen erliewen a wat hinne wichteg as a brengt si dem Lieser nach vill mei noo. Am Text gi Saachen ugestrach, et get domat gespillt. Di Aart a Weis wei den Oskar seng Geschicht erzielt as sou extra. Et mierkt een natiirlech dass heen eigentlech nach ee klenge Jong as deen traureg iwwer sai Verloscht as mee aanersaits as en sou intelligent a clever wi een et nit onbedingt vun engem Ningjähregen erwaart. Et kann ee nit aanescht wei hee gear ze hun.

tumblr_kq9lgoGu8Z1qzb7gjo1_500

“In bed that night I invented a special drain that would be underneath every pillow in New York, and would connect to the reservoir. Whenever people cried themselves to sleep, the tears would all go to the same place, and in the morning the weatherman could report if the level of the Reservoir of Tears had gone up or down, and you could know if New York was in heavy boots. And when something really terrible happened – like a nuclear bomb, or at least a biological weapons attack – an extremely loud siren would go off, telling everyone to get to Central Park to put sandbags around the reservoir. 

Anyway.”

Et as wierklech ee wonnerschéint Buch, perfekt fier reenereg Hierschtdeeg.


Buy accutane online buy accutane online australia replica hermes handbags david jones handbags Buy accutane online cheap juicy couture louis vuitton bags kardashian kollection handbags Theme compat side effects micardis adalat replica hermes handbags cheap replica handbags michael kors Damier Ebene Canvas vuitton handbags high quality replica handbags high quality replica handbags