Bäitrag getagged ‘jeff bridges’

Kuerz kritiséiert: E Kinniksräich fir blo Kanéngercher (Twitterkapseln)

Geschriwwen den 17/02/2011 vum Chris4 Kommentaren

Kritiken an maximal 140 Zeechen, an jo, ech hu gutt Filmer gesinn an der Lescht. Wierklech erstaunlech wéi héich den Niveau war.

Animal Kingdom (Michôd, ***1/2)
Gudden australesche Gangster–Kino (Thierry!), dien Realismus mat Billerbuchopnamen afänkt. Heiansdo e bëssen ze vill des Gudden.

Blue Valentine (Cianfrance, ****)
Schéin, fuerchtbar, séiss, brutal, lëschteg, traureg. Op de Risiko hin, dass ech mech dofir an de Kommentare erkläre muss: Meeschterwierk.

Rabbit Hole (Mitchell, ***1/2)
E Film mat enger rouegen, genee richtegen Approche zu senger Thematik. Nicole Kidman – sensationell wéi et sämtlech Emotiounen kanaliséiert.

Restrepo (Junger, Hetherington, ***1/2)
Imposant, erstaunlech, schockéirend, mënschlech. Awer iergendwéi feelt um Schluss e klenge Schotz Panache fir der Dramatik gerecht ze ginn.

True Grit (Coens, ***)
Ënnerhalsame Western, mat top Performance vu Bridges, Steinfeld, an Damon. Witzeg, réirend, elegant gemaach. Mä einfach net méi wéi dat.

A lo nach eng kleng Informatioun zum Schluss. Meng Top 10 Filmer vum Joer 2010 ginn nächste Sonndeg den Owend virun den Oscars annoncéiert, fir déi déi et interesséiert. An dëst Joer probéieren ech eppes neies, well der iech dat Ganzt nämlech net duerchliese musst, mä an enger Podcast Episod lauschtere kënnt. Dofir wäert ech d’Céline vu La Poupée Russe als Gaascht um (Skype-)Mikro hunn, wat mat mir (an och eventuell eisem Nic) zesummen seng Top 10 vum Joer duerchgeet.

Dat sollt cool ginn. Wann der iergendeng Froen bezüglech dem Filmjoer 2010 hutt, déi der gär behandelt gesi wéilt, mellt iech an de Kommentaren a mir kucken driwwer ze schwätzen.

Kuerz kritiséiert: True Grit

Geschriwwen den 14/01/2011 vum Thorben5 Kommentaren

Fir déi, deenen et sollt entgaangen sinn: Ech wunnen fir en halleft Joer oder sou a Kanada. Méi genee gesot an der Küstenprovenz Nova Scotia. Viru kuerzem wor ech do fir t’éischte Kéier am Kino, wat a Kanada bal d’selwecht ass wéi bei eis, mat der Ausnahm vun Apparater mat deenen ee ka säi Popcorn an Margarinn ersaufen. De Choix wor tëscht The Fighter, Tron, True Grit an Little Fockers. Als Fan vum Jeff Bridges an den Coens wor do natierlech kaum Diskussioun.

True Grit geet em dat 14-jähregt Mattie, deem säi Papp wéinst enger Ieselzechkeet erschoss gouf. Dem Mattie seng Mamm ass domm wéi Brout, dofir muss hat sech em d’Bestattung këmmeren. Vill méi wëll hat awer och Revanche. Revanche fir den Dout vu sengem Papp. Dofir geet hat op d’Sich nom beschten, stäerksten, gewieftesten an zouverlässegsten Mann. E knëppelvollen Flick. Wat soss?

De Flick (Marshall Cogburn), gespillt vum Jeff Bridges mécht et eben, och wann net sou motivéiert, fir d’Suen, déi Mattie zimmlech clever kritt huet an als Sold ubidd. Laascht kënnt och nach den Tom Chaney, Texas Ranger, jonken Mann, deen de Mäerder vum Mattie sengem Papp wéinst engem Kappgeld wëll op Texas brengen. Well deen jonk, attraktiv, zouverlässeg an virun allem niichter ass, décidéiert sech d’Mattie dann awer nach emmer fir de Stracki an sou ginn se dann op den Tour, mol zu zweet, mol alleng, mol zu drëtt.

De Rescht verroden mir lo mol net.

Den True Grit huet een Motiv. Revanche. An dat ass alles, wat dee Film undreiwt. De Film ass iwwregens laut Coens keen Remake vum 68/69er True Grit, mä eng Ëmsetzung vum Buch. Den John Wayne, bekannt als Duke, gouf immens vum Jeff Bridges, bekannt als Dude, ersat. Top Choix, och wann een net versteet, wat en a sengem Sopor sou nuschelt. D’Hailee Steinfeld als Mattie bidd eng Leeschtung déi esou buedemstänneg, frech an extravagant ass, dass ech mech un d’Mathilda aus dem Luc Besson sengem Léon erënnert gefillt hunn (Thor, Black Swan an No Strings Attached – wat gëtt dat e Joer). D’Coens verstinn et dobäi, d’männlech Mentalitéit emzesetzen an enger Welt wou Männer enk Boxen droen dierfen an Prosecco schlürfen. Ähnlech wéi den Anton Chigurh an No Country for Old Men ass och de Rooster Cogburn eng Blopaus, en Idol an e Viirbild fir de modernen Mann vun haut. An den Dude brëngt dem Duke seng Mentalitéit, dass e Mann man muss, wat e man muss, immens riwwer. Gläichzäiteg verbënnt den Dude awer den Duke mam Dude, sou dass dem Cogburn och d’Dude-Mentalitéit unhänkt, d’Saachen am Liewen méi gemittlech ze huelen. Wat kann eis Generatioun sech méi wënschen?

Fräibéier. Mä och dat kënnt am Film net ze kuerz.

True Grit ass e Western. E Western. E richtegen Western. Mat Schéissereien, korrupten Cowboys, Saloons, Edelmänner an witzege Kleeder. An wat nach besser ass, ass, dat et en Coen Film ass. Méi nach: Et ass en Coen-Western. Bäm. Kee Gespills, kee Geschnörkels, just drop.

Oscar Liveblog 2010

Geschriwwen den 7/03/2010 vum Chris39 Kommentaren

19:27 Et geet lass. First things first:
Wiem ech d’Präisser wënschen:
Beschte Film – A Serious Man
Bescht Regie – Kathryn Bigelow
Beschte Schauspiller – Colin Firth
Bescht Schauspillerin – Gabourey Sidibe
Beschten Niewenduersteller – Christoph Waltz
Bescht Niewenduerstellerin – Vera Farmiga
Bescht originalt Dréibuch – A Serious Man
Bescht adaptéiert Dréibuch – In the Loop
Beschten auslännesche Film – Un prophète
Beschten animéierte Film – Fantastic Mr. Fox
Beschten Documentaire – The Cove
Beschte Schnëtt – The Hurt Locker
Beschte Kamera – The Hurt Locker
Bescht Art Direction – Avatar
Beschte Kostümdesign – Bright Star
Beschte Makeup – District 9
Beschte Filmmusek – Up
Bescht Lidd – “The Weary Kind” aus Crazy Heart
Sound Editing – The Hurt Locker
Sound Mixing – The Hurt Locker
Visuell Effekter – Avatar
Bei de Kuerzfilmer hunn ech ausser Wallace and Gromit: A Matter of Loaf and Death kee gesinn, an enthale mech dofir.

(more…)

NY Times Performances of the Decade

Geschriwwen den 19/02/2010 vum ChrisEe Kommentar

Ech sinn nach net grad sou wäit fir d”Pianocktail Awards fir dëst Joer ze lancéieren, mä op engem gudde Wee. Ech denken net, dass grouss Iwwerraschunge wäerten dobäi sinn, vue dass ech all Film, deen ech gär hunn, scho genuch hei gewierdegt hunn. Mä ech waarde mol nach bis dass ech nach ëm puer méi Filmer gesinn hunn, bis dass ech se raushaen.

E Video, deen ech fonnt hunn, a fuerchtbar interessant fannen ass dëse vun der NY Times zesumme gestalltene Video an deem Schauspiller iwwert hir léifste Performance vum Joerzengt schwätzen. Et ass wierklech interessant ze gesinn, wat dës Leit als dat Beschten ugesinn. A ganz éierlech, et ass schwéier mat hinnen driwwer ze streiden.

YouTube Preview Image

Buy accutane online buy accutane online australia replica hermes handbags david jones handbags Buy accutane online cheap juicy couture louis vuitton bags kardashian kollection handbags Theme compat side effects micardis adalat replica hermes handbags cheap replica handbags michael kors Damier Ebene Canvas vuitton handbags high quality replica handbags high quality replica handbags