Bäitrag getagged ‘Jan Banning’

Al Gebaier an Bürokraten

Geschriwwen den 25/02/2010 vum Lynn4 Kommentaren

Hei well ech iech kuerz zwou Fotostrecken fierstellen dei ganz flott unzekucke sin. Fiertéischt wier do den Jason Powell deen sech an der Library of Congress aal Fotoen vu Gebaier a Monumenter siche geet fier se auszedrecken. Dann geet en op dei Plaatz wou di Foto x Joer mi fréi gemaach gouf a fotograféiert se op genau der selwechter Plaatz. Sou gesait een dann en Extrait aus enger vergaangener Zait an der Rumm vun haut. Dat ganzt heescht ‘Looking Into The Past’ an as eng wierklech flott Iddi wou schéi Fotoen entstaan sin. Et gesait een wou fréier aal, schéi Gebaier a Kinoen stungen, stin haut grouss modern Büros- a Geschäftsgebaier. Op munche Fotoen as den Iwwergank vun der aaler Foto zur heiteger Realitéit sou fléissend dass een e kaum bemierkt. An awer as alles aanescht. Hei de Link.

Di zweet Streck as vum Jan Banning an heescht ‘Bureaucratics’. Den hollännesche Fotograf as joerelaang duerch China, d’ USA, Indien, Liberien, Russland, Frankraich, de Jemen a Bolivien gereest fier ze fotografeieren wei et op de verschiddenen Plaatzen beim Staat sou zou sech geet. Hien huet Bürokraten op verschiddenen Plaatzen an der Hierarchie an hiere Büroen geknippst, wei a wou se schaffen, wat zimlech interessant an och deelweis e besse witzeg ze gesin as. Deen een huet nemmen Baststill an en Heft, deen aaneren alles wat e brauch plus zwee Geweiher. Bei munche Fotoen erkennt een direkt vu wou d’Leit kommen, bei aaneren nit onbedingt. Mei Fotoen fannt der hei, do kennt der och noliesen ween di verschidde Persounen sin a wat se verdingen.


Buy accutane online buy accutane online australia replica hermes handbags david jones handbags Buy accutane online cheap juicy couture louis vuitton bags kardashian kollection handbags Theme compat side effects micardis adalat replica hermes handbags cheap replica handbags michael kors Damier Ebene Canvas vuitton handbags high quality replica handbags high quality replica handbags