Ech hunn déi Säit well zënter puer Wochen a méngem Tirang a lo wou se ufänkt sech wierklech ze fëllen, a wou ech och den éischte Film vu Paramount Vantage gesinn hunn, stellen ech iech se da vir.
Op www.vantageguilds.com fannt der Informatiounen zu de fënnef grousse Filmer, déi Paramount Vantage dësen Hierscht/Wanter an de Kino bréngt: “Margot at the Wedding”, “A Mighty Heart”, “The Kite Runner”, “Into the Wild” an dem P.T. Anderson säin “There Will Be Blood”. Do fënnt een Informatiounen zu de Leit, déi un de Filmer geschafft hunn, et fënnt een Trailer an Ausschnëtter vun de Filmer a wat vläicht am Interessantsten ass, et kann een d’Musék zu de Filmer läuschtren.
Mäin Tipp: Gitt iech dem Eddie Vedder séng brillant Lidder zu “Into the Wild” ulauschtren. Et ass absolut derwäert.
A ménger Review zu “The Painted Veil” hat ech virun em puer Méint geschriwwen, dass een e Film dorunner miesse kann, wéi oft ee während em op d’Auer kuckt an dass ee wann ee guer net drop kuckt mat engem saugudde Film gesegent ass. “Into the Wild” ass souee Film. Et ass e Film, an deem ee sech éischter dobäi erwësche géif, op d’Auer ze kucken an der Hoffnung, dass en nach éiweg viru geet.
Wien, mäi Bäitrag iwwer d’Oscars gelies huet, ka sech vläicht erënneren, dass ech do gesot hunn, ech hätt keng héich Erwaardungen an dëse Film. Ech ka guer net beschreiwen, wéi schlëmm ech widderluecht gi sinn. Ech schumme mech scho bal.
Zum Film: De Sean Penn befënnt sech alt rem eng Kéier hannert der Kamera, do wou ech en och léiwer hunn, an huet dem Jon Krakauer säi Bestseller iwwert e jonke Mann (Emile Hirsch), dee just vun der Uni kënnt an decidéiert säi Liewen an der moderner Zivilisatioun opzeginn a sech amplaz ouni Identitéit oder Geld einfach op de Wee mécht fir d’Welt z’entdenken. Säin ultimativt Ziel ass Alaska, wat e schliesslech och erreeche soll. Eng Saach, déi de Sean Penn ganz interessant mécht, ass wéi en d’Alaskastory parallel zu sénger zwee Joer laanger Rees dohin lafe léisst. Et gëtt dem Spectateur d’Gefill, dass alles, wat dem Christopher Johnson McCandless alias Alexander Supertramp geschitt op de Schlusspunkt zouleeft. Deen ech natierlech net verroden, ech wees jo net ob jiddereen d’Buch gelies huet.
Och d’Narratioun vum Film ass brillant emgesat. Mir verfollegen prinzipiell den Chris/Alex op sénger Rees, mee zäitgläich kréie mer ëmmer him sénger Schwëster (Jena Malone) séng zimmlech poetesch Gedanken zu der Rees ze héiren, an hatt beschreift wéi sech d’Liewen vu séngen Elteren, déi net woussten wou hiere Jong wier verännert. Bal als drëtten Aspect vun der Narratioun gesellt sech d’Musék vum Eddie Vedder dozou, déi eng herrlech Symbios mat Bild an Text ageet.
An enger Geschicht déi d’Schéinheet vun der Natur zu souengem Extrem afänke muss, gehéiert natierlech och eng gutt Cinématographie. Dës hunn ech um Ufank als stéirend empfond, mee no an no ass mer kloer ginn, dass d’Aarbecht mat extrem ville Close-ups, déi mat verschiddene Groussastellungen vun der Natur kontrastéiert gëtt, genee de richtege Choix ass. Zwee zentral Biller ginn doduerch festgehal: de Mënsch an der Natur, an de Mënsch u sech. Et ass dat, wat de Chris op séngem Trip erliewe wollt. E wollt un eng Zort vun Urmënschheet, eens mat der Natur, zréckkommen an dat kéint net besser duergestallt ginn wéi an dësem Film.
Den Emile Hirsch ass zu groussen Deeler vum Film op sech alleng gestalt a meeschtert dës Herausfuerderung mat Bravour. Den 22 Joer alen Acteur, dee bis dohin just mat Filmer wéi “The Girl Next Door” bekannt war, weist, dass heen iergendwann emol e ganz grousse gi kann. Séng Chancen fir den Oscar nominéiert ze ginn, ginn awer net nëmmen duerch säin jonkt Alter, mee virun allem doduerch verréngert, dass him wéineg Interaktioun mat anere Schauspiller gegönnt ass, déi weise kéin, dass en dat ganzt wierklech spillt an net just erliewt. Wann en awer op aner Mënschen trëfft, sou iwwerzeegt net nëmmen heen, mee och säin Schauspillkolleg vun deem Moment. Sief et de Vince Vaughn, d ‘Catherine Keener oder dat jonkt, mir bis dohin am Fong onbekannt Kristen Stewart, alleguer spillen se zentral wichteg Elementer vum Alex sénger Rees, an alleguer sinn se extrem iwwerzeegend.
Den Héichpunkt vum Film sinn awer déi 3 Méint, déi e mam Rob Friends (Hal Holbrook) verbréngt. Den Hal Holbrook, mat séngen iwwer 80 Joer bréngt eng Leeschtung vun enger onbeschreiflecher emotionaler Déift. Net nëmmen den Alex, de Rob, mee och de Spectateur léiert villes iwwer Léift, Frëndschaft an d’Liewen u sech, duerch deenen zwee hier Konversatiounen. Wann et ee Moment am Film gëtt an deem ech eventuell hätt kënnen den Tréinen nokommen, wier et déi läscht Szen tëschent deenen zwee gewiescht, bevir den Alex an Alaska geet.
Mee dat wat mer aus dem Film léiren, ass, dass et kee Grond gëtt ze kräischen, äusser vläicht Freed. D’Schéinheet vum Liewen u sech, an d’alldeeglecht Gléck, wat ee mat anere Mënschen deele kann si Saachen, déi de Film engem méi nobréngt. De Film ass en immensen emotionalen Rëtt an eng Onbekannt, op deem engem ëmmer rem nei Leit begéinen, déi engem weiderhëllefen, déi hier Wäisheet mat engem deelen, déi ee Léift spiere lossen. De Film, kuerz a knapp, fänkt d’Liewen an a beschreift et a Form vun engem zwee Joer dauernden Trip.
Bewertung: ****/****

Vu dass, ech gesot krut, dass éischtens Interesse un den Oscars besteet an zweetens, ech méi schreiwe soll, fänken ech haut da mol mat engem Introduktiounsstéck fir d’Oscars un.
D’Oscars wierklech verfollegen, fänkt net mat der Red Carpet Show un an hält mam Schluss vun der Telésemissioun op. Nee, et heescht e ganzt Joer laang Artikel liesen, spekuléiren, Theorien opstellen, a mat aneren, wéi och mat sech selwer streiden, wat a virun allem wéi d’Academy wielt. Eng wichteg Saach däerf een dobäi nie vergiessen: Kee wees iergendeppes. Well och wa jidderee mengt, en hätt se duerchkuckt, mer ginn dach all Joer nees iwwerrascht mat sensationelle Gewënner an Nominéirungen. An natierlech och mat kierperlech Péng verursaachenden Omissiounen.
(more…)