One top ten list isn’t cool. You know what’s cool? Three top ten lists. Wéi virun enger Woch ugekënnegt hei dann elo den éischten – a wahrscheinlech leschte – Podcast, deen ech hei op Pianocktail publizéiere wäert. D’Céline vun La Poupée Russe an den Nic, laang verschollene Co-Blogger deelen nieft mir mat, wat déi beschte Filmer vum Joer 2010 sinn.
Mir schwätzen iwwer Schwulepornoen, driwwer vum Matt Damon den Aasch “gespankt” ze kréien, iwwer dem Céline seng Wënsch bestued ze ginn, a Waasser wat een a Brand stieche kann. Niewebäi nach d’sozial Grënn déi aus engem e Bankreiber maachen – mir ginn allem op de Grond. An net ze vergiessen iwwer déi Filmer déi d’Céline a mech kräische gedoen hunn!
Lauschtert iech et un. Et ass laang, mä hoffentlech dowäert.
A fir déi, déi ze liddereg sinn fir sech dat schéint Stéck unzelauschteren, nom Broch kënnt der iech d’Lëschten eng Kéier duerchliesen. Mä dat wier natierlech oncool.
D\’Pianocktail Filmer vum Joer 2010
Ech hunn sou eppes nach ni gemaach, dofir entschëllegt d’technesch Mängel. D’Highlight ass natierlech wéi een no bal enger Stonn meng Noperen am Hannergrond héiert, déi hir Party op de Balkon verluecht hunn. Geleeëntlech Tipp- a Skypegeräicher sinn och net wierklech professionell, ech weess. Mä bon.
Musek:
Trent Reznor an Atticus Ross – Hand Covers Bruise
Grizzly Bear – While You Wait for the Others
(more…)
Wéi ech beim Chris sengem Post scho kommentéiert hunn, fannen ech dëse Film immens a ginn him ****/**** . Ech mengen net, datt et immens vill Sënn mécht, nach eng weider Kritik zum Film ze schreiwen, well ech net mengen, datt ech een dovun ofhalen oder encouragéiere wäert, de Film kucken ze goen. Ech ginn dovun aus, datt déi meescht Lieser vun dësem Blog scho säit Joere wëssen, datt dëse Film gemaach gëtt, an datt et – wéi all Film vum Christopher Nolan – e Muss fir all Kinogänger ass, alleng fir matschwätzen ze kënnen. Nuff said. Dofir just nach e puer Gedanken zum Film. . .
Wéivill dem Film seng aktuell Popularitéit vun der Popularitéit vum Regisseur a vu sengem Cast ofhänkt, weess ech net. Mä ech mengen, datt d’ Handlung vum Film esou einfach an awer uspriechend ass, datt et guer net verwonnerlech ass, datt de Film esou e grousst Publikum fënnt: e Groupe vun “Agente” kritt eng Missioun z’ erfëllen, eng extrem schwéier Missioun, si hunn och e Plang, mä bei deem Plang klappt net ëmmer alles esou wéi erwaart, an et kënnt zum Konflikt, dee bis zum Schluss vum Film muss geléist ginn. Dat Rezept funktionéiert am Kino ëmmer erëm, ech denken elo u Filmer wéi ‘Oceans Eleven’ a seng Fortsetzungen, oder och un d’ ‘James Bond’-Filmer.
Wat bei ‘Inception’ nei dobäi kënnt ass d’ Tatsaach, datt sech déi ganz Missioun an der Dramwelt vun engem anere Mënsch ofspillt, an do gesäit ee menger Meenung no, datt den Nolan e Genie ass. Leit wéi den David Lynch oder vum Charlie Kaufman wësse wéi een en Dram a senger ganzer Absurditéit op d’Leinwand bréngt: Do tauchen op emol Elementer oder Persounen aus dem Naischt op, an den Afloss vun der Aussewelt op den Dram ass – wann iwwerhaapt – schwéier z’ erkennen. Net esou beim Nolan: d’ Dreem, wann och immens fantastesch a bombastesch duergestallt, hunn immens kloer Strukturen, äiskal Regelen déi net gebrach ginn. Alles wat am Film virkënnt huet e ganz kloeren Ursprong, näischt ass dem Zoufall iwwerlooss. Dat widdersprécht zwar wahrscheinlech der Art a Weis, wéi déi meescht vun eis hir Dreem erliewen, ass awer fir en Thriller wéi deen hei noutwendeg. Falls dat anescht gemaach gi wier, hätt d’ Aktioun entweder net funktionéiert, oder et wier net dee konventionellen Thriller ginn, deen den Nolan geplangt hat.
Plot holes ginn et menger Meenung no keng, a fir d’ Handlung kënnen nozevollzéie, muss ee während der éischter Stonn vum Film op all Wuert lauschtere wat geschwat gëtt, well an där Stonn ginn d’ Regele vum Dram (an domat och déi Regelen, déi fir de Rescht vum Film gülteg sinn) erklärt. Wann een déi Spillregelen net matkritt, verléiert een de Fuedem, an et kritt een héichstens nach eenzel Deeler vun engem Puzzle mat, deen een herno net méi zesummegeluecht kritt. Et ass bestëmmt e Film, deen ee soll méi wéi eemol kucken, bei enger zweeter Kéier kann ee bestëmmt den Drama, d’ Action-Sequenzen oder déi freudianësch a jungianësch Symbolik méi appréciéieren, well een da weess wéi den Hues leeft.
Ech hunn Leit héieren, déi dem Film virgeworf hunn, et misst ee sech vill ze vill konzentréiere, fir nach iwwerhaapt eppes ze verstoen, ech dogéint fannen et grad gutt datt mol rëm ee Film am Kino ass, dee vu séngem Public verlaangt, datt en aktiv nolauschtert (- wann ee bedenkt, datt déi meescht Blockbuster haut esou opgebaut sinn, datt een nach ëmmer alles verstoe soll, wann ee während dem Film op d’Toilette geet, ass daat definitiv eng Seelenheet). Et kann een dem Film vläit virwerfen e wier iwwerlueden, oder e géif sech fir méi clever hale wéi en ass, mä ech mengen net datt dat de Fall ass. Filmer, deenen een dat vill méi kéint virwerfe sinn z.B. ‘Fight Club’, ‘The Sixth Sense’ oder ‘The Usual Suspects’ déi zum Schluss ëmmer op een absurde plot twist zeréckgräife fir nach kënne méi interessant ze wierken (wee lo domat net d’ accord ass, ka mer eng Email schreiwen). Bëlleg Tricks ginn et beim Christopher Nolan keng: Op A follecht B. B gëtt meilewäit am Viräus ugedeit. Op B follecht logescherweis C. asw. Et ass am Fong esou einfach, wéi den Nolan de Plot vun dësem Film opgebaut huet. Komplex ass just d’ Welt an där sech dës Geschicht ofspillt, an ech wäert mer eng Freed draus maachen, mer déi Welt nach e puer mol unzekucken. Den Owend zum Beispill.
Okay, sorry, ech wäert net wierklech iwwer Sense & Sensibility schreiwen, och wann dem Ang Lee seng Verfilmung vum Jane Austen sengem Roman natierlech e Genoss ass. (Dat wier mol eng Idee, en Artikel iwwer Austen Verfilmungen. Any takers?) Wat hei geschitt ass, ass, dass ech mer en Titel gesicht hunn, deen iergendwéi op eng spilleresch Aart a Weis Inception an Toy Story 3 ëmschreift, déi zwee wuel am meeschten erwaarte Filmer vum Summer 2010. An ech soen iech dann och mol am Viraus, dass der vum drëtt- respektiv aachtbeschte Film aller Zäiten net wäert enttäuscht sinn. (*houscht*)
(more…)