
19:27 Et geet lass. First things first:
Wiem ech d’Präisser wënschen:
Beschte Film – A Serious Man
Bescht Regie – Kathryn Bigelow
Beschte Schauspiller – Colin Firth
Bescht Schauspillerin – Gabourey Sidibe
Beschten Niewenduersteller – Christoph Waltz
Bescht Niewenduerstellerin – Vera Farmiga
Bescht originalt Dréibuch – A Serious Man
Bescht adaptéiert Dréibuch – In the Loop
Beschten auslännesche Film – Un prophète
Beschten animéierte Film – Fantastic Mr. Fox
Beschten Documentaire – The Cove
Beschte Schnëtt – The Hurt Locker
Beschte Kamera – The Hurt Locker
Bescht Art Direction – Avatar
Beschte Kostümdesign – Bright Star
Beschte Makeup – District 9
Beschte Filmmusek – Up
Bescht Lidd – “The Weary Kind” aus Crazy Heart
Sound Editing – The Hurt Locker
Sound Mixing – The Hurt Locker
Visuell Effekter – Avatar
Bei de Kuerzfilmer hunn ech ausser Wallace and Gromit: A Matter of Loaf and Death kee gesinn, an enthale mech dofir.
(more…)
Antichrist (Lars von Trier)
De Lars von Trier ass vläicht mëll, mä grad esou genial – an ech sinn em onendlech dankbar dofir, dass e mer d’Méiglechkeet gëtt de Begrëff tour de force ze benotzen. Well dat ass dësen Film, deen gläichzäiteg déi schéinsten an zerstéierendste Biller vum Joer liwwert.
(more…)
Filmpouster si sou eng Saach. Wat ass e gutt Pouster? Eent, wat eppes iwwert de Film ausseet? Eent, wat d’Leit an de Kino lackelt? Eent, wat fir sech artistesch wertvoll ass? Sécher, kann een op déi dräi Saache kloer mat “Jo” äntwerten.
Sou huet e Filmpouster fir “Beowulf” sécherlech keen artistesche Reiz, bréngt et awer fäerdeg Séancen ze fëllen. Et ass vläicht net gutt, mee effizient. Anerersäits kann en effizient Pouster och säugutt sinn, sou wéi d’knätschgielt Pouster zu méngem Film vum Joer 2006 “Little Miss Sunshine”.
Sou hunn ech virun zwee Joer an och d’lescht Joer mäin Artikel ugefaang, an ech wëll et wéi der gesitt dëst Joer nees sou man. Bei der schier onendlecher Zuel vu grausam ellene Filmpouster, déi all Joer eis Kinoe verpeschten, muss een einfach och déi wierdegen, déi eppes besonnesches duerstellen. Muncht Pouster op menger Lëscht ass vläicht net besonnesch kreativ, mä huet awer e speziellt Gefill mat deem et de Film ëmschreiwt, deen et virstelle soll.
Jo, ech recycléiere schamlos d’Texter, déi ech an de leschte Joeren scho gebraucht hunn. Mä wat gëtt et ze soen? Ech maachen net méi, wéi eng kleng Sammlung vu schéin ze kuckende Filmpouster. Do brauch et net vill Wierder, d’Biller schwätze fir sech.
(more…)
Ech zweiflen ganz staark drun, mä ech hoffen awer, dass dëse Film a Lëtzebuerg an de Kino kënnt. Eng absolut brillant Comédie mat eeschtem Hannergrond, eng Zort “The Office” op zwou (herrlech) Stonnen ausgebreet, déi bescht britesch Comédie op mannst zënter Hot Fuzz.
Fir jiddereen op der Insel: direkt kucke goen. Fir jiddereen um Festland: ech drécken d’Daumen, dass en et bis dohi packt.
Bewertung: ***1/2 / ****