EFW: Hulk
EFW = ënnerbewertete Film vun der Woch. Wéi den Numm scho seet, ass dëst eng Serie, déi all Dënschdeg op Pianocktail lafe wäert. Dat hei ass déi véiert Episode.
“Hulk” (2003)
Regie: Ang Lee
Dréibuch: Stan Lee an eng jett anerer
Cast: Eric Bana, Nick Nolte, Jennifer Connelly, Josh Lucas
Okay, ech huelen un, dass méng Aussoo, dass dëse Film ënnerbewert wier zimmlech kontrovers ass. Stëmmt, ass se. Ech ginn zou: de Film ass net immens gutt. Mee, en ass net su schlecht wéi e gema gëtt. An zwar well den Ang Lee eng aner Approche zum Thema hat, wéi d’Maacher vun de “Spider-Man” an den “X-Men” Filmer se hunn/haten. “Hulk” ass visuell anescht, et huet en anere Rhythmus an der Erzielstruktur.
Eigentlech denken ech souguer, dass de Film ufänglech souguer ganz staark ass, d’Schwächte leien eendäiteg an der läschter halwer Stonn vum Film, déi einfach nëmmen nach katastrophal sinn an de Film ënnergoe lossen. Dem Nick Nolte säi Personnage vum Bruce Banner séngem Papp huet kee Bezuch zu der Geschicht, en ass sënnfräi duergestalt an d’Konfrontatioun tëscht him a séngem Jong ass iwwerhast an gefilllos ofgerattert. Mee dovun ofgesinn fënnt een awer e visuellt Konzept, wat méi wéi déi einfach VFX benotzt, mee probéiert eng Struktur ronderëm d’Geschicht opzebauen, déi no um Comic läit. Den Ang Lee geet méi wäit wéi déi meescht aner Regisseuren virun him (an och no him), mee et feelt awer iergendwéi u läschter Konsequenz.
Mäi Statement: de Film ass ënnerbewert, mee kee Meeschterwierk.
