Hotel Chevalier
Et ass vill driwwer geschwat ginn, dass d’Natalie Portman sech entschloss hätt fir dëse Kuerzfilm vum Wes Anderson plakeg virun der Kamera ze weisen. All déi, déi dowéinst de Film kucke wëllen, muss ech enttäuschen: et gesäit een net méi wéi säin Hënneschten fir ongeféier zwee Mol fënnef Sekonnen. Op dat d’Suen wäert sinn, weess ech net.
De Film, deen virun dem Wes Anderson séngem neieste long métrage “The Darjeeling Limited” (Kritik dovunner kënnt méi spéit, muss de Film jo sacke loossen) ass séng Suen op jidfer Fall wäert. Et ass net vill, wat dra geschitt. Alles wat mer hunn, ass d’Renconter vun enger fréierer Koppel (Portman an Jason Schwartzman) an engem Paräiser Hotel, respektiv d’Virbereedung vum männleche Personnage dorobber. Dat ganzt ass witzeg, mee wéi beim Anderson üblech gläichzäiteg och batter traureg. Den eenzege wierklechen Dialog, dee mer kréien, deet eis laachen, mee gëtt eis awer den Abléck an eng onwahrscheinlech verletzte Séil, déi den ëmmer zimmlech driipsegen Schwartzman, mat de Ronn 10 Wierder, déi e vläicht schwätzt, méi wéi iwwerzeegend duerstellt.
Visuell ass de Wes Anderson séngem Stil trei bliwwen, a bitt e faarwefrout Bild, an deem näicht dem Zoufall iwwerlooss ass. Insgesamt erzielt de Film net vill. Mer wëssen net, wat virdru geschitt ass, mer wëssen net, wat kënnt (äusser natierlech et huet een “The Darjeeling Limited” virdru gesinn), mee et fillt een trotzdem mam Jason Schwartzman. An dat ass eng grouss Konscht a méngen Aen: dem Zuschauer an puer Minuten e Personnage no ze bréngen, an en sech als séngesgläichen firzestellen.
Kuerze Film, kuerz Kritik.
Bewertung: ***1/2 / ****
