Hot Chip @ o2Academy, Glasgow
Wann ech zu der Musek sou mëll danzen, dass zwou vu mengen Zéiwe bludden, ouni dass ech et mierken – an ech hunn et effektiv réischt de Moien gemierkt, wéi ech meng Strëmp vum Buedem an de Wäschkuerf beweegt hunn – dann huet mat grousser Wahrscheinlechkeet d’Band, op där hirem Concert ech war, alles richteg gemaach. Hot Chip sinn hirem Ruff gerecht ginn an hunn e wonnerbaren Optakt fir hir Fréijoerstour higeluecht an d’o2Academy zum Rocke bruecht, och wann dës iwwerraschend net ganz ausverkaf war.

Et ass scho komesch, wann een déi Hären op der Bühn gesäit, déi do nach emol e Krack méi onscheinbar wierken, wéi een sech dat souwisou erwaart – géif een se op der Strooss gesinn, et géif een net denken, dass se eng vun de beléifteste Bands a Groussbritannien wieren. An definitiv net an deem Genre vu Pop fir deen si stinn. “Thieves in the Night” war dann dat éischte Lidd mat deem se déi absurd Tatsaach zelebréiert hunn, dass puer Typen, déi ausgesinn wéi wa se kéinten de Comité vun der lokaler Sociétéit vun Klingon-Schwätzer sinn, déi momentan cleversten Danzmusek op der Wekt produzéieren. Et huet ee kaum gemierkt wéi séier d’Zäit verflunn ass, sou immens waren d’Lidder openeen ofgestëmmt an dozou bestëmmt eis um Danzen ze halen. D’absolut Highlight waren natierlech déi 15 Minuten an deenen se mat “Ready for the Floor”, “One Life Stand” an “Over and Over” hir wuel bekannteste Songs hannerenee gereit hunn – och wann fir mech perséinlech och “I Feel Better” als Encore e wierklech grousse Moment war.
Wéi gesot, ech ka keng Concert-Reviews schreiwen. Ech ka mech just driwwer freeën, dass ech do war. A wéi ech et maachen. Wann der d’Chance hutt Hot Chip live ze gesinn: verpasst et net.


