Wéi ech schon öfters, wann och wuel net hei um Blog, festgehalen hunn, gëtt et a mengen Aen musikalesch näischt méi innovatives a kreatives wéi gudde Rap. Hey, déi beschte Lëtzebuerger Formatioun am Moment ass de Läb, an dat mat engem gréissere Virsprong. Vue dass an der Ëffentlechkeet awer leider déi manner gutt Vertrieder vun dëser Museksriichtung méi Opmierksamkeet kréien, ass de Genre zimlech a Verruff geroden. Dofir freeën ech mech ëmmer wann déi talentéiert Artisten awer iergendwéi wouer geholl ginn. Natierlech ganz héich op der Lëscht vun respektabele Museker ass do The Streets, déi ech schon öfters mol erwänt hunn. (Woubäi mer afällt, dass ech déi Lëscht vun de beschte Museker vum Joerzéngt ni fäerdeg geschriwwen hunn. Hmm… The Streets wier an den Top 10 gewiescht.)
Anyway, de Guardian huet haut dem Mike Skinner säin neisten Album virgestallt, an et kann een sech dat gutt Stéck um Site ganz ulauschteren. An, jo, et ass gutt. Keen Original Pirate Material oder A Grand Don’t Come for Free, mä awer en extrem gelongent Wierk. Dofir: Lauschteren.
Geschriwwen den 8/12/2009 vum Thorben7 Kommentaren
Ech hunn op Spotify Tobi & Das Bo fir mech remendeckt. Beim stöbern an der Wikipedia hunn ech dann eng Foto vum Bo gesinn, an geduecht “merde, ass deen aal”. Hien ass 33. An dunn duecht ech mir: Jo, déi éischt Spueren vun Hiphop op Däitsch kommen vun Ufank 80er, och wann dat éischter e Witz wor. Mä wéi et dann richteg lassgoung, woren mer awer nach 1987, wéi Heidelberg déi éischt däitsch Rap-Haaptstaad ginn ass, fir dann an den 90er vun Hamburg, an dann, tragescherweis, vu Berlin oofgeléist gouf. Et ass also guernet verwonnerlech, dass den Torch 1971 gebuer ass, an am selwechten Joerzéngt vill vun deenen Rapper, déi fir mech haut nach emmer wichteg sinn. De Sido ass 1980 gebuer. Net méi relevant.
Mä wat ass eigentlech mat Lëtzebuerger Rap? Do gouf et dann mol d’LCS Mafia, belächelnswäert Initiativen wéi 100GN oder Aggro Biergem wou den T-Way sech bis haut nach seng Pubertéitsproblemer vum Häerz schwätzt. An dann ginn et natierlech Beschnidden Mee Kathoulesch (naja, Rap?) an De Läb déi fantastesch Saache maan.
Well eis Lieser so Intelligenzbommen sinn: Wou ass dee richteg coolen lëtzebuergeschsproochegen Hiphop? Wou sinn Texter mat Wuertwitz, Stil an Flow?