Bäitrag getagged ‘harry potter’
De Chris hat emol probéiert eng Filmkritik an Haiku-Form ze schreiwen, an ass zur Conclusioun komm, datt et net wierklech geet. Ech probéieren et elo mat engem Sonnet (Shakespeare-Style, just op Lëtzebuergesch):
-
Ech hat mer ee ganz gudde Film erwaart,
Mä dat wat ech gesinn hu wor de Glanz.
Ze waarden op den zweeten Deel gëtt haart,
Mä dann ass d’Oktologie endlech ganz.
-
De Film wor gutt gespillt, sou vill steet fest
(Den Daniel, d’Emma an de Rupert och,
Si woren allen dräi neess „at their best“),
Ech kucken e vläit nach emol dës Woch.
-
Ech muss so’n, ech wor tiptop ënnerhal,
Och wann ech d’Bicher all gelies schonn hat:
Gutt inszenéiert Action léisst kee kal,
A gudden Drama och net, mierkt Iech dat.
-
Obwuel et vläit ni wäert en aacht Buch ginn,
Wéilt ech scho muer deen aachte Film gesinn.
-
Naja, vill besser ass et och rëm net. Trotzdem véier Stäre fir de Film. ****
Merci Här Yates!
Antichrist (Lars von Trier)
De Lars von Trier ass vläicht mëll, mä grad esou genial – an ech sinn em onendlech dankbar dofir, dass e mer d’Méiglechkeet gëtt de Begrëff tour de force ze benotzen. Well dat ass dësen Film, deen gläichzäiteg déi schéinsten an zerstéierendste Biller vum Joer liwwert.
(more…)
Déi ganz Geschicht »
Aus der Kategorie: Featured, Film
Tags:a single man, antichrist, armando ianucci, colin firth, coraline, david yates, duplicity, harry potter, henry selick, in the loop, jason reitman, lars von trier, oran moverman, peter jackson, reuben fleischer, the lovely bones, the messenger, tom ford, tony gilroy, up in the air, zombieland
Geschriwwen den 23/02/2010 vum Thorben8 Kommentaren
Den Harry huet schwaach gegrinst. Jo, den Hittchen opdoe war vill besser wéi en Zaubersproch soe missen, mee hien hätt et léiwer gehat, wa si en hätten opdoe kënnen, ouni dass all Mënsch nogekuckt huet. Den Hittchen huet anscheinend zimlech vill vun engem gefuerdert. Den Harry huet sech an deem Moment weder daper nach besonnesch gescheit oder soss eppes vun all deem gefillt. Wann den Hittchen dach nëmmen en Haus genannt hätt fir Leit, déi sech liicht katzeg gefillt hunn, dat wier genee dat Richtegt gewiescht fir hien.
Säit 2009 verdreiwt d’ASBL KairosEditioun eng lëtzebuergesch Iwwersetzung vum éischten Harry Potter Band, ee vun deenen dräi Harry Potteren déi ech gelies hunn. Fir 30 Euro, wat net geschenkt ass, kann een d’Buch kaafen. Iwwersetzungen sinn emmer en kroplegt Thema, zumols wa Leit mengen, dass een präferenziell ëmmer sollt d’Iwwersetzung liesen. Ech zéihen, wann ech der entspriechender Sproch mächteg sinn, zwar och d’Original viir, fannen awer dass gutt Iwwersetzungen eng aaner Vue op e Wierk (Buch, Film…) kënnen ginn.
Egal wéi, ech sinn e Fan vun der Lëtzebuerger Sproch, a freeën mech, wann soueppes rauskennt. Hei de Link.
Wéi all Joer kann ech et och dest Joer et net loossen, mer scho méintelaang am Viraus Gedanken ze man, wat dat Joer wuel fir Filmer op mech duerkommen. Vu ménge meeschterwaartene Filmer vum läschte Joer hunn der genee zwee et an d’Top 10 vum Joer gepackt, dofir awer och op déi Positiounen, déi se an där Lëscht schon anhaten. Interessant.
Animania
Ofgesinn vun den animéierte Filmer, déi nach a ménger Top 10 optauchen gëtt et nach eng Rëtsch interessantes op dat een sech freen dierf. Do wieren den net amerikanesche Virtuosen Sylvain Chomet an Hayao Miyazaki hir neiste Wierker: L’Illusioniste an Gake no ue no Ponyo. An dann awer och den a Lëtzebuerg produzéierte 9, dee fuerchtbar interessant ausgesait, souwéi dem Pianocktail Lieblingsregisseur Wes Anderson Fantastic Mr. Fox. A schlussendlech nach dem Robert Zemeckis säin A Christmas Carol mam Jim Carrey.
Fir ze laachen
Op éischter Plaz muss do natierlech de Brüno erwient ginn, den neiste Film mam Sasha Baron Cohen a senger bekannter Roll als schwult éisträichescht Watochëmmer. (500) Days of Summer vum Marc Webb kléngt wéi eng interessant Romanz mam Joseph Gordon-Levitt a Zooey Deschanel. Nailed vum David O. Russell handelt vun enger jonker Fra, déi sech en Nol an de Kapp schéisst an duerno d’Welt e bëssen anescht gesäit. An de Sam Mendes, wéi och de Fatih Akin betrieden en neien Terrain mat hire Komödien Away We Go an Soul Kitchen. Den Ed Wright bréngt an där Zäit eng Comicadaptatioun mam Michael Cera, déi sech Scott Pilgrim vs. The World nennt, während den Jason Reitman den George Clooney an Up in the Air zum Profirausgeheier gi léisst.
D’Dammen hannert der Kamera
The Hurt Locker vum Kathryn Bigelow, e Film iwwert e bekannte momentanen amerikanesche Krich ass 2008 scho mat Succès op Festivale gelaf, an dem Jane Campion säin neisten Bright Star, ass alleng vum Numm vun der Regisseurin hir jo schon en absolute Must. D’Anna Boden huet zesumme mam Ryan Fleck nach Sugar gedréit. Iwwert en Baseballspiller.
Action, Action, Action
Comicadaptatiounen sinn och dest Joer nees drun: Wolverine a Watchmen sinn do déi mam meeschte Profil. An da gëtt et natierlech na sou Filmer, déi sech Terminator:Salvation an Star Trek nennen.
Europäesch Starregisseuren um Wierk
Souwuel den Alejandro Amenabar an de Lukas Moodysson beginn d’Doudsënn en amerikanesche Film ze dréien. Dem Moodysson säi neiste Film Mammoth ass zu Berlin scho relativ gefloppt, während dem Amenabar säi Projet Agora, deen am réimeschen Ägypten spillt, mech net interesséire géif, wann ech heen net immens fanne géif. Dann gëtt et endlech nees eppes Neies vum Lars von Trier: Antichrist ass de wonnerschéinen Titel fir säin neiste Film. D’Briten Stephen Frears an Paul Greengrass bréngen engersäits en Kostümdrama mam Michelle Pfeiffer mam Numm Chéri, an fir de Greengrass eng weider Kollabo mam Matt Damon am Krichsfilm Green Zone. An de Guy Ritchie bréngt de Sherlock Holmes zréck an de Kino.
Déi Grouss aus Amerika
Den Terrence Malick ass bekannt als Philosoph vum Kino an och a sengem neisten The Tree of Life, iwwert eng Famill an de 50er mam Brad Pitt als Papp, wäert e vill Geleenheete fannen, Wisen an den Himmel ze filmen. De Michael Mann ass och rem do mat séngem Public Enemies, engem Gangsterfilm mam Johnny Depp an Christian Bale. De Rob Marshall dogéint dréit d’Musical Nine an deem sechs (!) Oscargewënner dra virkommen: Daniel Day-Lewis, Sofia Loren, Penélope Cruz, Nicole Kidman, Judi Dench a Marion Cotillard. Dobäi gesellt sech nach d’nominéiert Kate Hudson. Wow. An d’Fergie vun de Black Eyed Peas. Haha. An de Clint Eastwood dréit den Morgan Freeman a Mandela an allebéid wäerten se wuel nees en Oscar gewannen.
Déi vum läschte Joer remkommen an dem Ledger säi wierklech läschten
Nee, The Dark Knight war net dem Heath Ledger seng läschte Roll, dat ass The Imaginarium of Doctor Parnassus. Vu dass en deen allerdéngs net fäerdeg gedréit krut, an dat deet nach ëmmer wéi, hunn den Johnny Depp, Jude Law an Colin Farrell seng Roll weidergespillt. Des weideren kommen dann The Lovely Bones (Peter Jackson), an The Soloist (Joe Wright) dest Joer wierklech an de Kino.

Where the Wild Things Are
(more…)
Déi ganz Geschicht »
Aus der Kategorie: Film
Tags:500 days of summer, 9, a christmas carol, agora, ang lee, antichrist, away we go, bright star, chéri, coraline, fantastic mr fox, funny people, green zone, harry potter, henry selick, invictus, jean-pierre jeunet, judd apatow, l'illusioniste, los abrazos rotos, mammoth, martin scorsese, micmacs à tire-larigot, nine, pedro almodóvar, pete docter, ponyo, public enemies, scott pilgrim, sherlock holmes, shutter island, soul kitchen, spike jonze, sugar, taking woodstock, terminator: salvation, the hurt locker, the imaginarium of doctor parnassus, the lovely bones, the soloist, the tree of life, up, up in the air, watchmen, whatever works, where the wild things are, wolverine, woody allen
Harry Potter begibt sich auf die Suche nach der “Horkruxe”, die sich im Besitz des Magiers Lord Voldemort befindet und der in dieser einen Teil seiner Seele aufbewahrt. Rowling ist mit ihrem Finale sehr zufrieden, in einem Interview sagte sie kürzlich: “Es ist wundervoll, die Serie mit ‘Deathly Hollows’ zu beenden”.
Ech wëll jo net pingeleg sinn, mee wann een en Artikel schreiwt, an dat net fir d’Grevenbroicher Tageblatt, mee fir soe mer mol Spiegel Online, misst et dach dra sinn entweder anstänneg (oder just minimal) ze recherchéiren, oder kuerz an der Redaktioun nozefroen ob dat sou richteg ass, vu dass eventuell ee vun dene Leit, déi dem Artikel no schon 80’000 Exemplarer vum siwente Band virbestallt hunn, en Aarbechtskolleg kéint sinn, dee sech ganz e bësse mat der Geschicht auskennt. Da wéisst een neemlech, dass et eppes wéi d’Horkruxe guer net get. Dat, wat der Horkruxe am ähnlechste kënnt, neemlech déi 6 verschidden Horcruxes befannen sech och net am Besëtz vum Magier Lord Voldemort, mee sinn op verschiddene Plaze verstoppt. 4 mussen nach zerstéiert ginn. Mee effektiv sinn et Deeler vun der Séil, bravo.
Firwat ech dat erzielen? Well mer an de läschte Wochen ëmmer méi Feeler op SpOn opgefall sinn. Et ass zwar nach ëmmer mäin éischt Informatiounsmëttel, mee et dierft dach e bësse méi genee zougoen. Ech si mer bewosst, dass dat hei nëmmen e winzege, quasi onbedeitende Feeler ass (cf. Schock-Beichten-Schock). Mee wann ee scho sou liicht ze evitéirend Feeler mecht, wéi ass dat da bei méi komplizéierte Saachen?
Dofir mäin Tipp: www.spiegelkritik.de
… get den Dag un deem ech mech a ménger Kummer aspären, mat genuch Proviant ausrëschten, Handy, PC, Televisioun net aschalten an soulaang wéi ech eben brauche wäert, fir d’Buch ze liesen, net rauskommen. Wee mech deen Dag ereesche wëll, muss ménger Mamm eng Noricht hannerloossen, déi si dann u mech weiderleet. Et däerf ee jo kee Risque agoen. Et kéint jo een engem et verdiewen.
Ech weess, dass kee mäin Enthusiasmus deele wäert, mee dat ass mir soueppes vun egal. Nee, eigentlech sinn ech souguer frou, vu dass da wéineger Leit a Versuchung kënne komme mer d’Geschicht ze verdiewen.
Fir déi, déi net wësse wat ech mengen: “Harry Potter and the Deathly Hallows”