D’ Holmes-Fans hu Grond zur Freed: No Joere vu mannerwäertegen, stümperhafe Versich hire Lieblingsdetektiv op den Écran ze bréngen, nodeems Nimm wéi Basil Rathbone oder Jeremy Brett scho bal vergiess goufen, ginn et säit e puer Joeren eng ganz Rei qualitativ héichwäerteg Reboots oder Neierfannunge vum Arthur Conan Doyle sengem Stoff. Et gëtt House M.D., déi dem Holmes seng Kriminalfäll a medizinesch Fäll verwandelt, et gëtt dem Guy Richie säi Sherlock Holmes, dee méi a Richtung Action-Film tendéiert, an elo gëtt et säit kuerzem och Sherlock, eng nei Série op BBC 1, vun där déi éischt Episod A Study in Pink de 25. Juli ausgestrahlt gouf.

A Study in Pink erënnert selbstverständlech un A Study in Scarlet, dat éischt Sherlock-Holmes-Buch vum Doyle. Och wann d’ Geschicht an déi modern Zäit verréckelt gouf, an och wann deen een oder anere Plotdetail verännert gouf, kann een d’ Parallelen tëscht där neier Série an deem ale Buch net iwwersinn. Zumools bei där Zeen, an där de Sherlock Holmes an den John Watson sech kenneléiere, gouf praktesch de gesamten Dialog vun 1887 bäibehal (de Watson kënnt esouguer a béide Versiounen aus dem Afghanistan-Krich heem). Den Holmes gëtt gespillt vum Benedict Cumberbatch, de Watson vum Martin Freeman (The Hitchhiker’s Guide to the Galaxy, The Office). Allebéid si se immens charismatesch, a passen op hir Rolle wéi den Nol op de Kapp. Obwuel d’ Geschicht haut spillt, huet dem Holmes seng Apparence, seng Diktioun a seng Kleedung nach ëmmer eppes vun engem viktorianeschen Dandy à la Oscar Wilde, an heiansdo dauert et bis en eng SMS schreift (säin allerléifsten Hobby, anscheinend) bis den Zuschauer sech drun erënnert, datt et net de Sherlock Holmes aus dem 19. Joerhonnert ass.
Geschriwwe gouf Sherlock vum Steven Moffat (dee fir de Reboot vun Dr. Who verantwortlech ass a mam Edgar Wright zesummen d’ Dréibuch fir deen neien Tintin geschriwwen huet) a vum Mark Gatiss (fréieren Auteur a Schauspiller fir League of Gentlemen), deen och selwer an der Série matspillt. Mat Hëllef vun deenen zwee immens cleveren Scénaristen huet Sherlock et fäerdegbruecht eng gutt Balance tëscht Spannung, Vitesse an Humor ze fannen, an dobäi nach dem Doyle trei ze bleiwen. D’ Ëmsetzung ass duerchaus originell, ech ginn dëser éischter Episod ****/**** a recommandéiere se jidderengem, dee Loscht op e gudde Krimi mat gudde Charakteren huet.
Als ‘Sherlock Holmes’-Fan hat ech Angscht dëse Film an de Kino kucken ze goen. No allem, wat ech héieren hat, hunn ech mer eng primitiv Geschicht an iwwerdriwwen Action erwaart, an ech sinn net dovun ausgaang, meng Kandheetshelden an dësem Film z’ erkennen. Ech louch falsch.
Natierlech waren dem Arthur Conan Doyle seng Erzielungen ni rammelvoll mat Kläppereien. Heiansdo gëtt kuerz driwwer geschwat, an de Watson seet vun Zäit zu Zäit, datt den Holmes en exzellente Boxer ass, mee esou wéi an dësem Film huet Action beim Doyle net existéiert. Mee wéi kann ee soss ee Film iwwert den Detektiv maachen, deen e Publikum vun haut ënnerhält? Si mer mol éierlech, déi meescht Fäll, déi den Holmes am Doyle senge Geschichten ze léisen huet, sinn esou onspektakulär, wéi e Pompjee, deen eng Kaz vun engem Bam erof hëlt. Déi eenzeg ‘Sherlock Holmes’-Verfilmunge bis haut, déi bei de Leit eenegermoosse beléift waren, waren d’Filmer mam Basil Rathbone, an do hate se aus dem viktorianëschen Dandy e Spioun gemaach, deen Nazie gejot huet. Eppes neies ass d’Mëschung tëscht Holmes an Action also definitiv net. Iwwerdriwwen haart hunn ech d’Action-Zeenen net empfonnt, et ass vun der Gewalt hir méi no un engem ‘Indiana Jones’ wéi un engem ‘Terminator’.
Wat mech méi impressionéiert hat, war, wéi d’Personnagen am Film duergestallt waren. Ech war frou ze gesinn, datt immens vill Aspekter vum Holmes endlech mol de Wee op d’ Leinwand fonnt hunn: hien ass e Ruppjhang, seng Kummer ass en eenzege Säustall, en ass esou clever wéi en ignorant ass… Schauspillerësch gesinn ass den Detektiv-Duo einwandfrei: De Robert Downey Jr. liwwert déi Qualitéit, déi ee vun him gewinnt ass, a befënnt sech op deem selwechten Niveau wéi den Jeremy Brett, dee bis haut menger Meenung no dee beschten Holmes-Darsteller war. Den Jude Law hunn ech esou gutt fonnt wéi nach ni virdrun. Ervirzehiewen ass och den Eddie Marsan, deen et als éischte fäerdeg bruecht huet, dem Personnage vum Inspector Lestrade wierklech Liewen anzehauchen, an net einfach nëmmen en iwwerflëssege Vollidiot ze spillen.
De Film huet seng Schwächten, an der Halschent zitt e sech e bëssi, awer ech kann en trotzdem nëmme recommandéieren, och deenen, déi dem Doyle säi Wierk gutt kennen. Ech hoffen awer, datt de Guy Richie bei deene geplangte Fortsetzungen eventuell och déi eng oder aner original Geschicht mat abaut. Wee léiwer bei méi klasseschen Interpretatioune bleift, deem empfehlen ech dem Billy Wilder säin ‘The Private Life of Sherlock Holmes’, eng vun deene beschte Kino-Adaptatioune bis haut.
Bewertung: ***1/2 / ****