Ech sinn nach net grad sou wäit fir d”Pianocktail Awards fir dëst Joer ze lancéieren, mä op engem gudde Wee. Ech denken net, dass grouss Iwwerraschunge wäerten dobäi sinn, vue dass ech all Film, deen ech gär hunn, scho genuch hei gewierdegt hunn. Mä ech waarde mol nach bis dass ech nach ëm puer méi Filmer gesinn hunn, bis dass ech se raushaen.
E Video, deen ech fonnt hunn, a fuerchtbar interessant fannen ass dëse vun der NY Times zesumme gestalltene Video an deem Schauspiller iwwert hir léifste Performance vum Joerzengt schwätzen. Et ass wierklech interessant ze gesinn, wat dës Leit als dat Beschten ugesinn. A ganz éierlech, et ass schwéier mat hinnen driwwer ze streiden.
Dass den Jason Reitman en neie film gedréit hätt, war mer bis virun engem Mount komplett onbekannt – zënterhir huet sech dat allerdéngs geännert, vu dass den Echo, deen de Film zu Telluride an Toronto bis ewell krut absolut phänomenal ass. Ech weess net, wéini ech fir d’lescht (wann iwwerhaapt) ech sou positiv Reaktiounen op e Film gesinn hunn, dee grad eréischt zwee mol fir de Public gewise gouf.
Op jidfer Fall, hei ass den Trailer, deen ech nach net an enger Versioun fonnt hunn, déi sech embedde léisst. E gesäit effektiv fantastesch aus.
Vu dass, ech gesot krut, dass éischtens Interesse un den Oscars besteet an zweetens, ech méi schreiwe soll, fänken ech haut da mol mat engem Introduktiounsstéck fir d’Oscars un.
D’Oscars wierklech verfollegen, fänkt net mat der Red Carpet Show un an hält mam Schluss vun der Telésemissioun op. Nee, et heescht e ganzt Joer laang Artikel liesen, spekuléiren, Theorien opstellen, a mat aneren, wéi och mat sech selwer streiden, wat a virun allem wéi d’Academy wielt. Eng wichteg Saach däerf een dobäi nie vergiessen: Kee wees iergendeppes. Well och wa jidderee mengt, en hätt se duerchkuckt, mer ginn dach all Joer nees iwwerrascht mat sensationelle Gewënner an Nominéirungen. An natierlech och mat kierperlech Péng verursaachenden Omissiounen.