Bäitrag getagged ‘franka potente’

House M.D. – Broken

Geschriwwen den 23/09/2009 vum Jacques18 Kommentaren

Alleguerten denen, déi déi 5. Staffel nët fäerdeggekuckt hunn, oder déi näischt iwwert déi nei Folg “Broken” wësse wëllen, empfehlen ech dëse Bäitrag nët ze liesen.

House_MD (more…)

#30 Lola rennt

Geschriwwen den 11/12/2006 vum Chris4 Kommentaren

Dem Lola säi Frënd, de Manni muss 100.000 € opdreiwen. An dat an zwanzeg Minutten. Dofir fänkt d’Lola u mat rennen, fir séngem Frënd säi Liewen ze retten…

D’Franka Potente ass wahrscheinlech déi schéinsten däitsch Schauspillerin, och wann hatt dat net gäer héiert. Zesumme mam coolsten däitsche Schauspiller an interessantesten däitsch Regisseur entsteet sou den beschten däitsche Film an de läschte Joeren. Dat Emwerfend drun ass, dass mat engem einfache “Stop!” d’Lola d’Geschicht nei un d’Lafe bréngt, wann et net geklappt huet. Soueppes géif een sech dach och mol wënschen. An iwweraus originell ass et allemools. Mee virun allem sinn d’Gespréicher vum Film et, déi en zu dem man wat en ass, an net d’Action, wéi een unhuele kéint. Dat wat och eng vum Film sénge Stäerkten ass, ass de Fakt, dass e keng Minutt ze laang ass. Et ginn heinsdo Filmer, wou een denkt, “dat do war lo wierklech zevill, net all Film muss 120 Minutten dauren”, mee hei ass et wierklech dat Essenziellt wat gewise get, an dann ass et fäerdeg.

D’Iddi, dass eng Klengegkeet alles anescht verännere kann, ass net nëmme wouer, mee op sou eng genial Aart a Weis veraarbescht e wierklecht Konschtwierk.

Eenzeg Minuspunkten: Dat gehirlos nervegt Lidd, wat net mol d’90er entschëllege kënnen, an d’Zeechentricksequenzen, déi scheisse ausgesinn, obwuel d’Iddi gutt war.


Buy accutane online buy accutane online australia replica hermes handbags david jones handbags Buy accutane online cheap juicy couture louis vuitton bags kardashian kollection handbags Theme compat side effects micardis adalat replica hermes handbags cheap replica handbags michael kors Damier Ebene Canvas vuitton handbags high quality replica handbags high quality replica handbags