Bäitrag getagged ‘Fotografie’
Geschriwwen den 21/10/2010 vum Lynn2 Kommentaren

Den 10. Oktober 2010 war rëm soueen Dag op deem sech Koppele gär bestueden, de Welt-Zombie-Dag an och een Dag fir Geeks (42). Op deem Dag hu sech 10 Fotografen zesumme gedoen an hiren Dag an hier Welt an 10 Fotoen festgehal. Zesumme gedoe hu si sech nit wierklech, well si kommen all aus verschiddene Stied op verschiddene Kontinenter, mä dat wat hei entstan ass, ass ouni Zweiwel zimlech cool ginn. 100 Fotoen vun engem Dag, mä mat ganz verschiddenen Impressiounen.

Si beschreiwen hire Projet sou: “The 1010 project was devised as an antidote to everything in modern life always having tobe bigger, better, louder and brighter than what’s been before.” Fonnt hunn ech de Projet op mengem léifsten schwedeschen Fotoblog, dem Hilda Grahnat sengem, an och um Brian W. Ferry sengem Blog. Lo hoffen ech just dass der dat hei nit schon op 7000 aner Blogs gesinn hutt well ech sou spéit u sinn. Mee d’Liewen zu Stockholm ass ustrengend.

Geschriwwen den 25/02/2010 vum Lynn4 Kommentaren
Hei well ech iech kuerz zwou Fotostrecken fierstellen dei ganz flott unzekucke sin. Fiertéischt wier do den Jason Powell deen sech an der Library of Congress aal Fotoen vu Gebaier a Monumenter siche geet fier se auszedrecken. Dann geet en op dei Plaatz wou di Foto x Joer mi fréi gemaach gouf a fotograféiert se op genau der selwechter Plaatz. Sou gesait een dann en Extrait aus enger vergaangener Zait an der Rumm vun haut. Dat ganzt heescht ‘Looking Into The Past’ an as eng wierklech flott Iddi wou schéi Fotoen entstaan sin. Et gesait een wou fréier aal, schéi Gebaier a Kinoen stungen, stin haut grouss modern Büros- a Geschäftsgebaier. Op munche Fotoen as den Iwwergank vun der aaler Foto zur heiteger Realitéit sou fléissend dass een e kaum bemierkt. An awer as alles aanescht. Hei de Link.



Di zweet Streck as vum Jan Banning an heescht ‘Bureaucratics’. Den hollännesche Fotograf as joerelaang duerch China, d’ USA, Indien, Liberien, Russland, Frankraich, de Jemen a Bolivien gereest fier ze fotografeieren wei et op de verschiddenen Plaatzen beim Staat sou zou sech geet. Hien huet Bürokraten op verschiddenen Plaatzen an der Hierarchie an hiere Büroen geknippst, wei a wou se schaffen, wat zimlech interessant an och deelweis e besse witzeg ze gesin as. Deen een huet nemmen Baststill an en Heft, deen aaneren alles wat e brauch plus zwee Geweiher. Bei munche Fotoen erkennt een direkt vu wou d’Leit kommen, bei aaneren nit onbedingt. Mei Fotoen fannt der hei, do kennt der och noliesen ween di verschidde Persounen sin a wat se verdingen.


Geschriwwen den 5/12/2009 vum Lynn4 Kommentaren
Ongefeier 200 nei Items a sengem Feed Reader ze hun all Daag as heiansdo nerveg well dacks nit vill Ordentleches dobai as. Mee dann fennt een awer heiansdo interessant oder witzeg Saachen, wie zum Beispill Pesto an eng Diskett. Oder et entdeckt een impressionant Fotografen. D’Laurence Olivier as vu Montreal a mecht wonnerschéin Fotoen. Dat as jo nit sou spektakulär well et vill talentéiert Fotografen get mee wat ech zimlech remarkabel fannen as dass d’Laurence 16 Joer aal as. An hat huet grad ee Buch mat senge Fotoen feardeg gestallt.
Dem Laurence seng Fotoen strahle fier mech alleguer eng gewess Rou aus. Souguer wa Beweegung ze gesin as, sin se iergendwei berouegend, wat secher un de Pastellfaarwen lait di dominéieren. Dat alleréischt wat mär bei senge Fotoen opgefall as, as dass een (baal) ni d’Gesiichter vun de Meedercher drop gesait. Nujee, ech verstin guer naischt vu Fotografie an dofier well ech dat alles och guer nit probéieren ze analyséieren. Mee wat ech soe kann as dass ech seng Aarbecht wonnerschéin fannen an och bewonneren. Wei dat sou as an der Blogwelt as, hun ech hat glaichzaiteg a verschiddene Blogs fonnt, hei kennt der zum Beispill nach e puer Fotoe fannen. Op Recordis Photography hun ech och ee klengen Interview mam Laurence fonnt deen der vlaicht interessant fannt. Et sollt ee vill mei oft sou schéin Fotoen kucken, dat mecht den Daag dach direkt mi agréabel.