Bäitrag getagged ‘forgetting sarah marshall’

Pianocktail Awards 2008: Bescht Lidd

Geschriwwen den 26/01/2009 vum ChrisEe Kommentar

Okay, ech hunn zwar nach 3-4 Filmer ze gesinn dest Joer, mee vu dass kee vun hinnen en originalt Lidd huet, denken ech kann ech dat jo scho mol als Zéckerche virschécken. Jo, d’Oscars hunn dest Joer just dräi Lidder nominéiert a komescherweis hunn déi et souguer allen dräi op méng Lëscht gepackt – allen dräi komme se aus Filmer, an deenen ondenkbar Léiften ugesprach ginn: Slumdog Millionaire an Wall·E.

Komplettéiert gëtt de Line-up duerch zwou ménger Meenung no absolut dilletantesch Omissiounen vun der Academy, déi eng war sou definitiv z’erwaarden, vu dass Forgetting Sarah Marshall net onbedéngt deen Hit war, déi aner war e grousse Schock, vu dass The Wrestler dach e beléifte Film ass, an de Boss souguer schon en Oscar an eng weider Nominéirung fir sech beasproche kann. Net ze schwätzen dovunner, dass en e Golden Globe fir d’nämlecht Lidd krut. Wat déi fënnef Lidder verbënnt, ass, dass se all eppes wierklech zum Film bäisteieren, oder wéi am Fall vu läschterem e wonnerschéine Résumé dovunner iwwert den Schlusscredits zitt.

An domadder net berücksichtegt hunn ech dat woerscheinlech bekannteste Filmlidd vum Joer: “Another Way to Die” vum Jack White an Alicia Keys, aus Quantum of Solace. Dest aus zwee Grënn: éischtens hunn ech de Film net mol gesinn, zweetens fannen ech et net sou genial, wéi een et vun zwee sou immense Muséker erwaarde kéint. Och knapp gescheitert ass méng Léift fir Poppuupsmusék an “The Call” vum Regina Spektor aus The Chronicles of Narnia: Prince Caspian.

An domadder en Héich op déi 5 Nominéierter:

(more…)

Judd Apatow: King of Comedy

Geschriwwen den 18/01/2009 vum Chris2 Kommentaren

Lo wou des Woch Pineapple Express, de läschte vum Judd Apatow produzéirte Film op DVD rauskomm ass, hunn ech d’Gefill wier et un der Zäit e Luewlidd op den zweifellos beschten an erfollegräichste Produzent vu Komödien vum neie Joerdausend ze sangen.

Ugefaang huet dem Apatow säi kreative Virmarsch mat den zwou Telésserien Freaks & Geeks an Undeclared, déi an Europa ni wierklech den Duerchbroch gepackt hunn (och wann Undeclared d’läscht Joer kuerz op Pro7 gelaf ass). Hei gesäit een d’Usätz vun der Apatowsche Comedy-Schoul scho ganz gutt: de Witz am richtege Liewe sichen, am Dialog an am stereotypesche Verhalen, an dobäi ëmmer rem op déi nämlecht Gesiichter vertrauen.

(more…)


Buy accutane online buy accutane online australia replica hermes handbags david jones handbags Buy accutane online cheap juicy couture louis vuitton bags kardashian kollection handbags Theme compat side effects micardis adalat replica hermes handbags cheap replica handbags michael kors Damier Ebene Canvas vuitton handbags high quality replica handbags high quality replica handbags