Festen 1.0
Wee mengt, ech wier scho erëm aus der Vakanz rëm, dee kennt d’Autopost-Funktioun vu Wordpress net. Hei de Chris, de Joki, eisen jonken Padawan an ech mat eise Gäscht.
Wee mengt, ech wier scho erëm aus der Vakanz rëm, dee kennt d’Autopost-Funktioun vu Wordpress net. Hei de Chris, de Joki, eisen jonken Padawan an ech mat eise Gäscht.
Merci, et wor kleng, et wor léif. Ob Pianocktail geschidd eppes. Mee de Chris zielt dozou méi.
An elo upgraden ech nach ob 2.8.2, oder wees de Chris wéi dat geet?
Leschten Obruff fir den Festen.
Densten gin Détailer verschéckt. Mellt iech HEI AN ELO un.
Moien dir léif Leit. Hei just en Reminder fir den Festen 1.0. Umellen fir dat Fest kennt dir Iech hei.
Dir kritt dann nächst Woch eng eMail mat allen Infos dran. Dofir schreift iech online an! Prinzipiell ass et sou, dass et Musek wäert gin, vläit e Film dobaussen, vlait eppes viirgelies, an vläit leckert Iessen. Dat alles hänkt och dovun oof, ob dir eppes wellt matbrengen. Mir stellen e Grill an e Cago Béier, alles doriwwer hinaus sollt dir selwer matbréngen. Voilà. Soss nach eppes?
D’Plaatzen si limitéiert. Mellt iech un. Wa mer net all d’Leit kënnen obhuelen, gëtt geloust.
Wanns du wëlls kommen, mell dech hei onverbindlech un.
Mir maachen mat eisen Lieser, Frënn an Hater e Grillowend an probéiren alles mat ranzebréngen, woufir de Pianocktail steet. Eng Reserve u Gedrénks ass do, aanecht dierf jhiddereen selwer eppes matbréngen. Grill-Selbstverpflegung. Schlofplatzen virhanden. Déi genee Plaatz gëtt Ufank Juni matgedeelt, mee et wäert an der Géigend vun Iechternach bleiwen. De 25ten Juli ass e Samsten.