Et ass Freides Owes a vu dass ech sozial Kontakter fir iwwerschat halen, ginn ech net raus, mee widmen mech méngem Blog a ménger treier Lieserschaft vun Onbekannten. Also geet et virun am Countdown, wou mer eis lues awer sécher den Top 50 näheren.
Disclaimer: De Chris schätzt sozial Kontakter immens vill, zemols de Fede a schreift nëmme Kabes zur Belustegung vun der Gesellschaft. Äusserdem ass en doheem, well en e klenge Streber ass a voll Kraaft hu wëll fir muer säi French Culture Essay ze schreiwen.
(more…)
Anscheinend ginn déi Saache jo souguer vu munche Leit gelies, also denken ech mer, dass lo wou d’Wieder sou gutt ass de richtege Moment ass sech virun de Computer ze sëtzen a weider drun ze schaffen, gell?
Nom Broch komme se.
(more…)
Den Elliott Smith huet sech, der offizieller Versioun no, virun 4 Joer selwer d’Liewe geholl an deem en sech (wéi och ëmmer dat funktionnéire soll) zweemol e Messer a säin Häerz gerammt huet.
Säi Lidd “Needle in the hay” ass zwee Joer viru sengem Suizid am Kino ze héiere gewiescht, am Film “The Royal Tenenbaums” während de Richie Tenenbaum, gespillt vum Luke Wilson probéiert sech d’Liewen ze huelen, andeem s e sech d’Bolsoderen opschneid.
Haut lauschtren ech dat Lidd, a während deem liesen ech dass den Owen Wilson, eelere Brudder vum Luke, dëse Weekend probéiert huet sech d’Liewen ze huelen, andeem s e sech d’Bolsoderen opgeschnidden huet. Hiren eelere Brudder Andrew huet e fonnt an an d’Klinik bruecht, de Luke huet iwwerlieft.
Komesch, wéi su Saachen zesummenhänken.
D’Tenenbaums si keng normal Famill, vu dass di dräi Wonnerkanner, Chas (Ben Stiller), Richie (Luke Wilson) a Margot (Gwyneth Paltrow) a jonke Joeren zu Weltruhm opgestige sinn. Als Erwuessener kréien se awer näicht op d’Rei, wat och domadder ze dinn huet, dass hire Papp (Gene Hackman) d’Famill verlooss an zerstéiert huet. Dësen wëll lo mat Hëllef vu Lijhen séng Famill rem zréckgewannen…
Wéi ech dëse Film an de Kino kucke war, hat ech nach keng Aanung dovunner, wat e wierklech gudde Film géif ausman. Éierlech gesot, ech wollt de Ben Stiller kucke gon, well ech deen deemols wéi haut urkomesch fonnt hunn. Haut denken ech, dass The Royal Tenenbaums vläicht um Ursprong vu méngem cineastesche Bewosstsinn läit, wat sech em déi Zäit muss entwéckelt hunn. Mäi Lieblingspersonnage ass a bleift de Richie, de jénksten aus der Famill, deen onstierwlech a séng Adoptivschwëster verléift ass, an sou wéi den Edward Scissorhands dat Gutt representéiert. (Spoiler) Him gehéiert och d’Schlësselszen vum Film, wéi e sech versicht d’Liewen ze huelen, eng Szen bei däer ech ëmmer rem eng Héngerhaut kréien, net nëmmen wéinst dem Richie sénger ganzer Verzweiflung, déi hei sou drëschen a kal hire Klimax fënnt, mee och wéinst der Musék, déi dobäi leeft, “Needle in the hay” vum Elliott Smith, deen zwee Joer drop selwer no engem Selbstmord vun eis gaang ass (offiziell, ech denken séng Frëndinn huet en embruecht). (Spoiler)
The Royal Tenenbaums ass ee vun den originellsten Filmer, déi d’Amerikaner an de läschte Joeren ervir bruecht hunn a weist am grousse ganze gesinn d’Leed vun enger ganzer Famill, déi sech ausernee geliewt huet an iergendwéi rem probéiert zesummen ze fannen, an zesummen d’Péng vun all eenzelnem Member ze linderen.