Bäitrag getagged ‘eiff’

Best of the Fest

Geschriwwen den 27/06/2009 vum Thorben8 Kommentaren

Ech setzen elo an der Lobby vum Sheraton, an vill Aarbecht fällt haut net méi un. Dofir hei meng Highlights vum EIFF.

Highlights

De Forum vum UK Film Council zesummen mat der Cinema Exhibitors Association iwwer Digitalkino war ganz interessant. Se hun Lëtzebuerg eng Pionnéierroll am DCinema zougestan an kloer gemaach dat Digital wäert kommen. Dorun zweifelen ech net. Iwwer 3D gouf och vill geschwat, mee dat eng aaner Kéier.

Dem Ted Shilowitz vun RED wor do. RED ass eng jonk Firma, déi 1999 gegrennt gouf an bis elo réicht eng Kamera gebaut huet, déi awer d’Kamerawelt obgewullt huet. Mat enger Obléisung vu 4k huet d’RED ONE sech well als digitalen Standart etabléiert, an dat net zulescht weinst dem Spottpräis vun $17500. Dem Lars Von Trier sain Antichrist an dem Steven Soderbergh seng Filmer sin ob Red gedréint, de Lynch dréint ob RED etc. Gescht huet hien dun e Prototyp vun der RED SCARLET an der RED EPIC  dobäi gehat, déi eng kascht $2500 an huet eng 4k Obléisung. D’EPIC bréngt bis zu 9k momentan, et goufen awer Biller vun engem 28k Modul, dat sin 216 Megapixel.

En Engleschen Regisseur huet mir an aaneren Leit Noohellefstonnen a Final Cut gin. An endlech huet en Apple Mataarbechter agestan, dat Apple net capabel ass, richteg Hardware ze bauen. Deen neien Mac Pro ass trotzdem immens.

Weapons on Set wor e Workshop iwwer wéi Waffen kennen an dierfen ob Filmsets agesat gin, a wéi kriddeleg dat ass, zumols hei an Groussbritannien, wou d’Police emmer e bessen en nervösen Fanger um Oofzoch huet.

Filmer déi ech kucken wor an den 10 Deeg woren Painting With Light, Wide Open Spaces, Elkland, Pardon My French, Antichrist an Adventureland. Ausser dem Wide Open Spaces woren se all gudd..

Den EIFF ass immens, an ech well nächst Joer onbedengt rem dohin.

EIFF Programm annoncéiert

Geschriwwen den 7/05/2009 vum ThorbenKee Kommentar

Ech wees net wat ech maachen soll. Ech hun mech mega drugin fir eng Plaatz um EIFF ze kréien, an lo well ech guer net méi goen well ech léiwer well nemmen dohi goen.

An ech wees net wéieng Filmer ech soll kucken goen. 6 Ticketen hun ech, plus onlimitéierten Accès zu Filmer wann nach Plaazen fräi sin. De Rekord bei de Volontairen läit bei 60 Filmer an deenen 2 Wochen.

Während dem Festival sin emmer rem den Sean Connery, d’Tilda Swinton an den Seamus McGarvey do als Patron an gin hei an do eng Ried zum beschten. Oder soll ech awer léiwer Ticketen besuergen fir den Opening Film an eng Interviewronn mam Sam Mendes? Oder den Joe Dante, dem Regisseur vun de Gremlins? Ech kéint natierlech och den Interview mam Darren Aronofsky kucke goen. Oder zur Première vun der Remasterter Editiou vun Shallow Grave vum Danny Boyle, an hee kucken goen.

Oder ech kéint… de ganzen Programm fennt een hei.

Déi ganz Geschicht » Aus der Kategorie: Film Tags:

EIFF Opening Film

Geschriwwen den 25/04/2009 vum ThorbenEe Kommentar

Säit e puer Deeg ass den Opening Film vum Edinburgh International Film Festival bekannt.

Den Sam Mendes stellt säin vun der Fachpress schon bejubelten Film “Away We Go” viir.

Den EIFF ass en Dréihkräiz vun der Europäescher Filmkultur, een vun den Festivals aus der zweeter Reih (mat Venedeg, Berlin, Wien etc, an noo Cannes, Academy Awards an den ganzen first class Festivals) an deen eelsten onennerbrachenen Filmfestival ob der Welt.

An elo rood mol wien Fräikaarten huet an am Summer do schafft…

Déi ganz Geschicht » Aus der Kategorie: Film Tags:

Buy accutane online buy accutane online australia replica hermes handbags david jones handbags Buy accutane online cheap juicy couture louis vuitton bags kardashian kollection handbags Theme compat side effects micardis adalat replica hermes handbags cheap replica handbags michael kors Damier Ebene Canvas vuitton handbags high quality replica handbags high quality replica handbags