Bäitrag getagged ‘efw’

EFW: A.I.

Geschriwwen den 27/11/2007 vum Chris3 Kommentaren

EFW = ënnerbewertete Film vun der Woch. Wéi den Numm scho seet, ass dëst eng Serie, déi all Dënschdeg op Pianocktail lafe wäert. Dat hei ass déi sechst Episode.

A.I.: Artificial Intelligence (2001) 

Regie: Steven Spielberg
Dréibuch: Steven Spielberg

Cast: Haley Joel Osment, Jude Law

Wéi scho bei “Hulk” virun zwou Wochen, wëll ech als éischt feststellen, dass ech de Film net ouni Zweifel gutt fannen. Ech wëll just de Problem vum Film erklären, deen zu sénger schlechter Receptioun leet. De Film, deen de Stanley Kubrick eigentlech dréie wollt, mee scho viru séngem Dout dem Spielberg uvertraut huet, falls heen net méi dozou komme sollt en ze man, scheitert prinzipiell an der läschter véirel Stonn vum Film.

Bis dohinner befanne mer eis an eventuell dem beschte Film, deen de Steven Spielberg bis dohinner gedréit huet (et ass schwiereg anzeschätzen, well ouni anstännege Schluss och den Ufank u Wäert verléiert). De Problem ass, et mëssléngt dem Spielberg eng valabel Léisung fir d’Problemer a Froen ze fannen, déi e während iwwer zwou Stonnen opbaut. De Schluss ass konfus an onschlësseg. Zum Beispill hunn ech déi éischt zwou Kéieren, dass ech de Film gesinn hunn ëmmer geduecht: “Wat e Quatsch! Wou kommen déi blöd Aliens hir? A firwat kënnen déi dem Roboter David séng Mamm fir een Dag rembréngen?” Nujee, dat wat wéi Aliens ausgesäit solle weiderentwéckelt Roboter sinn, déi d’Mënschheet iwwerlieft hunn. Wann een dat bekäppt ass de Film direkt vill besser, mee och dann feelt et nach u wierklech iwwerzeegenden Äntwerten.

Egal wéi een de Film awer lo bewert, festzehalen si sécherlech dem Spielberg séng brillant Regie, den enormen techneschen Opwand, déi phänomenal Art Direction a Kameraféirung a virun allem dem Jude Law séng beschte schauspilleresch Leeschtung bis haut. An dat son ech als Amateur vu sénger Spillkonscht.

EFW: There’s Something About Mary

Geschriwwen den 20/11/2007 vum Chris5 Kommentaren

EFW = ënnerbewertete Film vun der Woch. Wéi den Numm scho seet, ass dëst eng Serie, déi all Dënschdeg op Pianocktail lafe wäert. Dat hei ass déi fënneft Episode.

“There’s Something about Mary” (1998)

Regie: Farelly Brothers
Dréibuch: Farelly Brothers

Cast: Ben Stiller, Cameron Diaz, Matt Dillon, Lee Evans, Chris Elliott

Brillant Comédie.

EFW: Hulk

Geschriwwen den 13/11/2007 vum Chris2 Kommentaren

EFW = ënnerbewertete Film vun der Woch. Wéi den Numm scho seet, ass dëst eng Serie, déi all Dënschdeg op Pianocktail lafe wäert. Dat hei ass déi véiert Episode.

“Hulk” (2003)

Regie: Ang Lee
Dréibuch: Stan Lee an eng jett anerer

Cast: Eric Bana, Nick Nolte, Jennifer Connelly, Josh Lucas

Okay, ech huelen un, dass méng Aussoo, dass dëse Film ënnerbewert wier zimmlech kontrovers ass. Stëmmt, ass se. Ech ginn zou: de Film ass net immens gutt. Mee, en ass net su schlecht wéi e gema gëtt. An zwar well den Ang Lee eng aner Approche zum Thema hat, wéi d’Maacher vun de “Spider-Man” an den “X-Men” Filmer se hunn/haten. “Hulk” ass visuell anescht, et huet en anere Rhythmus an der Erzielstruktur.

Eigentlech denken ech souguer, dass de Film ufänglech souguer ganz staark ass, d’Schwächte leien eendäiteg an der läschter halwer Stonn vum Film, déi einfach nëmmen nach katastrophal sinn an de Film ënnergoe lossen. Dem Nick Nolte säi Personnage vum Bruce Banner séngem Papp huet kee Bezuch zu der Geschicht, en ass sënnfräi duergestalt an d’Konfrontatioun tëscht him a séngem Jong ass iwwerhast an gefilllos ofgerattert. Mee dovun ofgesinn fënnt een awer e visuellt Konzept, wat méi wéi déi einfach VFX benotzt, mee probéiert eng Struktur ronderëm d’Geschicht opzebauen, déi no um Comic läit. Den Ang Lee geet méi wäit wéi déi meescht aner Regisseuren virun him (an och no him), mee et feelt awer iergendwéi u läschter Konsequenz.

Mäi Statement: de Film ass ënnerbewert, mee kee Meeschterwierk.

Déi ganz Geschicht » Aus der Kategorie: Film Tags:, ,

EFW: Anything else

Geschriwwen den 6/11/2007 vum ChrisKee Kommentar

EFW = ënnerbewertete Film vun der Woch. Wéi den Numm scho seet, ass dëst eng Serie, déi all Dënschdeg op Pianocktail lafe wäert. Dat hei ass déi drëtt Episode.

“Anything else” (2003)

Regisseur: Woody Allen
Dréibuch: Woody Allen

Cast: Woody Allen (de Maestro himself), Christina Ricci (méng grouss Kannerléift), Jason Biggs (den Haaptduersteller aus den “American Pie”-Filmer) an den Danny DeVito (muss ech net virstellen, oder?).

Munchereen seet, de Woody huet laang kee gudde Film méi gemeet. Anerer soe méi präzis, dass et säit 1994,1989 oder 1985 näicht Guddes méi vun em gi wier. Dat halen ech alles fir Kabes.

Okay, en Niveau vu séngem 1977-79er Streech (“Annie Hall”, “Interiors”, “Manhattan”) z’erreechen ass em net méi gelongen. Mee ween erwaart da sou eppes? “Hannah and her Sisters”? Herrlech. “Crimes and Misdemeanours”? E Genoss. “Bullets over Broadway”? Genial. A schließlech “Match Point”, deen ech voller Hybris an d’Gesellschaft vun den Enn 70er Meeschterwierker setzen.

Mee hei geet et em “Anything else” a wann der sou wëllt och em all aneren vill kritiséierte Woody-Film. “Anything else” ass natierlech näicht neies, jiddereen deen de Woody kennt, weess dass en sech net nei erfënnt. Mir hu rem e gescheiterten, liicht neuroteschen Artist an enger heikler Bezéiung zu enger jonker Joffer. Dozou gesellt sech nach säi Mentor, dee se absolut net méi huet, natierlech vum Woody selwer gespillt.

An de Film ass einfach witzeg a sympathesch. Méi net. Et ass kee grousse Kino, nee, et ass e gudde Film, deen d’Leit net zevill beusprocht. Et ass kee vum Woody sénge beschten, mee awer na besser wéi dat meescht wat rauskënnt.

EFW: The Rules of Attraction

Geschriwwen den 23/10/2007 vum ChrisKee Kommentar

EFW = ënnerbewertete Film vun der Woch. Wéi den Numm scho seet, ass dëst eng Serie, déi all Dënschdeg op Pianocktail lafe wäert. Dat hei ass déi éischt Episode.

“The Rules of Attraction” (2002)
Regisseur: Roger Avary (Oscar fir d’Dréibuch zu “Pulp Fiction”)
Dréibuch: Roger Avary, baséirend op dem Roman vum Bret Easton Ellis (“American Psycho”)

Cast: James van der Beek (jo, den Dawson aus der Creek), Shannyn Sossamon (aus de Klassiker “40 Days, 40 Nights” an “A Knight’s Tale”), Kip Pardue (de Ben aus “E.R.”), Ian Somerhalder (“Lost”, TV), Jessica Biel (“The Illusionist”), Clifton Collins Jr. (“Tigerland”, “Traffic”, “Capote”) an d’Kate Bosworth (“Superman Returns”) sinn déi Nimm, déi ee scho mol héiren hu kéint.

rules-of-attraction-1.jpgD’Geschicht dréit sech em em puer jonk, verwinnte Studenten um Camden Art College iergendwou an New England. Hir Zäit verbrénge se mat Saufen, Drojhen huelen a Sex. An iergendwéi ass d’Geschicht fiirchterlech konfus, a voller béiser Wierder. Am Zentrum steet, wat IMDb e “love triangle” nennt, ronderem en Drogendealer, eng Jongfra an e Bisexuellen.

Kléngt dach spannend, oder net? Ass et och. D’Handlung ass… naja, mee den Erzielstil ass ganz gutt, an de Schluss resp. Ufank (interconnected storylines gouf et och schon 2002 genug, a vu dass de Roger Avary u “Pulp Fiction” matschëlleg ass…) ass erschreckend, mee och bezeechnend fir déi absolut dekadenten a verwerflech Gesellschaft. Besonneg gutt gefällt mer d’Tatsaach, dass de Film, wéi dem Ellis säi Roman matzen an engem Saz ufänkt an och matzen an engem Saz ophält. Gutt gema.

A wem dat nach net duergeet: Am Film gëtt et e Lidd vun der däitscher Gangsterraplegend Der Wolf. Dofir: kucken. Ween en net gutt fënnt, ass dono wéinstens vu Laachen um Buedem oder prett fir op Ettelbréck.