#48 Edward Scissorhands
E Jong mat Schéiren amplaz vun Hänn kann nëmme vum Tim Burton verfilmt a vum Johnny Depp gespil
lt ginn.
Ech denken, dat ass eng Regel vum Spill, wat sech Hollywood nennt.
Den Edward get an d’Gesellschaft integréiert, e fänkt un de Leit d’Hoer an Hecken ze schneiden, a verléift sech souguer an dat jonkt Kim (gespillt vum Winona Ryder, wee wëll et dem Jong verdenken). Mee sou séier, wéi et mat sénger Existenz biergop geet, geet et och rem rof…
Et ass laang hir, dass ech de Film gesinn hunn, leider. Mee ech wees nach, dass ech vum Edward sénger Onschold verzaubert war. Ech denken, dass de Film d’Themata vun Toleranz, mee och vun der Perversioun vun eiser Gesellschaft, déi den Edward zum Schluss zerstéiert, op sou eng clever Aart a Weis behandelt, dass de Film eigentlech misst e Pflichtprogramm sinn fir FOMOS-Coursen. Den Edward ass sou en atypeschen Held, deen an der Welt net eens get an dorunner zebrécht a sou konschtvoll, wéi an desem Film ass sou eng Geschicht bis ewell seelen a Szen gesat ginn. Dat läit natierlech och um Burton séngem Stil, deen net vun deser Welt ze si schéngt a vu faarwefroue, surrealen Personnagen an Décoren liewt.
