Pianocktail » editors

#38 Editors
OPGEPASST: Virun deem ech erklären wat d’Editors hei an der Lëscht man, wëll ech iech op e Concours opmierksam man, deen ech heimadder als oppen erklären. Wat der man musst fir matzeman? Schéckt mer är Tipps fir d’Pianocktail Top 10 Muséker vum Joerzéngt op chris at pianocktail punkt lu an. Als Tiebreaker sot der mer nach wat äre Choix fir de Muséker oder d’Band vum Joerzéngt ass. Wat der gewanne kënnt? E Mixtape (op Kassett) mat den vu mir handgepickte beschte Lidder vun der Band vum Joerzéngt. Leet lass, a mat ärt bescht beim Errode vu méngen Top 10! De Concours leeft bis dass ech méng #30 bekannt ginn.

Et war d’Mëtt vum Joerzéngt, an ech hu Musék iwwert Winamp Radioen gestreamt, opgeholl an zu Recht geschnidden. Den NME Radio war zu där Zäit eng absolut Goldgrube (an ass et wuel och lo nach, just ech läuschtren en net méi) an ech hunn eng jett Bands doriwwer entdeckt. Ënnert anerem: Editors. Beim Zesummeschneide vu Lidder, ass mer opgefall, dass ech der direkt zwee vun hinnen um PC hat: “All Sparks” a “Bullets” – se hunn also zimmlech gutt ze si geschéngt, wann de Radio zwee Lidder vun hinnen banne kierzester Zäit bruecht huet. An dat waren se och – ech hu mer direkt d’CD besuergt an e Joer méi spéit hunn ech se live um Pukkelpop gesinn.

D’Editors kléngen, wann ee béis ass wéi Interpol meets Coldplay, also wéi eng Band déi probéiert U2 ze sinn. A ganz éierlech op der Theatralikskala fir Musék, déi vun 1 bis 10 geet, erreeschen se op mannst 14 Bono. Egal immens sinn d’Jongen aus dem englesche Stafford allemol, an en neien Album no den extrem erfollegräichen “The Back Room” an “An End Has a Start” soll dest Joer nokommen. Déi zwee gréissten Hits aus desen Alben, kënnt der lo direkt hei läuschtren, “Munich” an “Smokers Outside the Hospital Doors”:

Click here to view the embedded video.

Click here to view the embedded video.

PS: deem séng Stëmm kléngt ëmmer sou, och wann e live séngt. Wat eng Stëmm…

Pukkelpop – Retrospektive
Gëschter sinn ech dunn, vu méngem 5 Deeg daurenden Ausflug an d’Belsch remkomm, op deem ech probéiert hunn gutt Musék z’erliewen an ze liewen. Virun deem iergendee mech freet, wéi et war, schreiwen ech et also einfach a gekiirzter Form  nidder. (A Klammeren: Bewertunge vun de Concerten.)

Dag 1: E Mëttwoch um 15 vir 2 ass d’Rees ze Eechternoach op der Gare lassgaang, am Bus fir an d’Stad huet sech dunn den Tun zou mer gesellt, während mer de Joki an der Stad op der Gare getraff hunn. De Joki huet sech (am Endeffekt awer net) ausräichend mat Zigaretten ausgestatt, déi zwee hunn eng läscht gefëmmt a mer hunn eis um 15 op 3 an den Zuch bewegt, deen eis sollt op Liers bréngen. No 3 Stonne Fuert, an méi wéi engem domme Commentaire vum Joki, si mer dunn och ze Liers ukomm, mee d’Dieren vum Zuch sinn net opgaang, a sou si mer dunn mam Zuch an de Schapp gefuer. Do huet eis dunn en éier manner frëndleche belsche Schaffner entdeckt a gefrot wat mer nach a séngem Zuch verluer hätten. Nodeem mer en iwwert de Problem opgeklärt hunn, huet en eis dunn awer bewisen, dass d’Dieren wuel opgaang sinn – nodeem en se opgespaart huet a sot: “Mais elle s’ouvre!”

Eise Reesplang, war dunn bëssen duercheneen, mer souzen eng hallew Stonn am Zuch, bevir deen zréck op Liers gefuer ass, an dunn eng 3/4 Stonn ze Liers, bis dass mer den Zuch op Hasselt kruten. An ganz éierlech: Liers ass wuel dat ellensten, gottverloossente Kaff op der Welt. Et ass méi elle wéi Léck! Jo, du si mer op Hasselt gefuer, hunn eist Zelt opgeriicht, a pünktlech wéi mer fäerdeg waren huet et ugefaang ze reenen, wouropshin mir e Béier drénke waren an op dem Wee dohin eis Kollege, de Pit, de Jeff an de Vincent getraff hunn, déi quasi 50 Meter vun eis fort hiert Zelt opgeschlon haten. Alles an allem also e gelongenen éischten Dag.

Dag 2: Um 8 Auer opgestan fir duschen ze gon (da pennt nach all Sau, an et kënnt ee séier drun), um 11Auer op de Site. Den éischte Concert, dee mer gekuckt hunn war de Seasick Steve (7), eng One-Man Band aus Mississipi, deen richteg schéin ageheizt huet, mat séngem Folkblues. Nodeem s mer dunn eppes giess haten, si mer Bonde do Role (8) kucke gaang, eng Grupp aus Brasilien, déi aus engem DJ, deen alles samplet, an engem Jong an enger Damm besteet, déi Saachen op Portugiesesch an de Mikro blären. Et war de Glanz. Dono war Gogol Bordello (4-5) un der Rei, déi de Musikexpress ganz sympathesch als Balkanpop bezeechent, naja, ech gi se éier net méi kucken. Als néchst an eisem volle Programm waren d’Eagles of Death Metal (7), bei deene mer eis ganz no vir bewegt hunn, ouni an d’Pogogetümmel ranzekommen. Se hunn anstänneg gerockt, mir hu brav matgema, wat den Jesse Hughes vun eis gefuerdert huet, a sinn awer net op d’Lijhe ragefall, dass en nëmmen nach 1 Lidd spillen dierft, mee der awer nach 3 spille géif, well en ëmmerhin nach 12 Minutten Zäit hat.

Duerno ware mer Rilo Kiley (5-6) kucken, wat iergendwéi langweileg war, obwuel d’Musék dach ganz gutt ass. Bei den Editors (7-8) ass du keng wierklech gutt Ambiance am Publikum opkomm, obwuel se all hier Hits perfekt gespillt hunn an den Tom Smith alles gemaach huet, fir Stëmmung ze bréngen. Leider huet et net geklappt, mee trotzdem hunn ech mech ameséiert. I’m from Barcelona (8-9) géif ech als éichten Highlight vum Festival bezeechnen, well se eng immens Show ofgeliwwert hunn, mat Loftballonen a Konfetti, déi genial dozou gepasst hunn. Kee Witz.  Duerno si mer iergendwéi bei Hayseed Dixie (2-3) geland, an déi ware su schäiss, wéi se kléngen. Mir wier léiwer se wiere mer haut nach sou onbekannt, wéi se mer bis du waren. Du ware mer kuerz den Dizzee Rascall (8) kucken, mee just fir 2-3 Lidder, well déi aner bei de Stooges wollte wäit vir stoen. Wat den beschte britesche Rapper an deenen 10 Minuten awer bruecht huet, däerf een ouni Zweifel als enorm bezeechnen. Nach kuerz virum Iggy dunn e Lidd vum Jamie T (7-8) lauschtren, dee grad zoufällegerweis “If you’ve got the money” gespillt huet, wouzou ech natierleh matgesong hunn.

An du war et su wäit: d’Stooges (8-9) hu gespillt, an den Iggy Pop ass obwuel en ural ass, nach ëmmer voller Power. Insgesamt war de Concert saugutt, mee wat soll een och aneschteres vun enger Living Legend erwaarden dierfen. Dunn hunn ech mech op de Wee gema, fir d’M.I.A. (9) kucken ze goen an dat huet d’Bühn zum Brenne bruecht, an deem s et all séng Hits gespillt huet, inklusiv engem Cover vun “Where is my mind?” vun de Pixies. Grandios. Den Devendra Banhart (4) konnt mech du just enttäuschen, mee e war och einfach zimmlech öd. Öd wéilt ech och gäer behaapten, dass d’Kaiser Chiefs (2) gewiescht wieren, mee zum Katzen trëfft et éischter. Déi Band ka guer näicht. Vu dass mer schon zimmlech midd waren, hunn den Tun an ech, déi als eenzeg vun eis 6 et nach bis zu den Chiefs gepackt hunn, Low (6) net fäerdeg gekuckt, well mer soss ageschlof wieren a sinn Digitalism (7) kucke gaang, déi d’Dance Hall gerockt hunn, bevir mer bei Basement Jaxx (8) aus dem Hallefschlof gerappt gi sinn. Déi hunn en iwwerzeegenden Ofschloss fir den éischten Dag vum Festival besuergt, an all hier Hits gespillt. Et war tiptop, mee weider net der Ried wäert.

Dag 3: Den drëtten Dag hunn ech mat de wonnerschéinen DeVotchKa (8) ugefaang, déi d’Leit vum Little Miss Sunshine Soundtrack kennen dierften. Leider hu se “Till the End of Time” net gespillt. Als néchst war ech dunn The Rifles (7) kucken, déi eng zolitt Aarbecht ofgeliwwert hunn, mee méi och net. Dono hunn The View (7-8) zimmlech gerockt, mee vu dass ech zimmlech freckt war, souz ech just baussent dem Zelt a krut net alles mat. Dono war ech d’Beatsteaks (8) kucken, déi wéi ëmmer fir saugutt Stëmmung gesuergt hunn. Den Usoer konnt sech allerdéngs eng Uspillung op déi zwee Kricher net verknäifen. An du wor dat néchst Highlight drun, de Badly Drawn Boy (8-9) deen während dem Concert permanent zimmlech ugepisst gewierkt huet an um Ufank net richteg a Fuert komm ass, obwuel en mat “Everybody’s Stalking” direkt e richtege Kracher am Programm hat. Mee déi läscht fënnef Lidder (“The Shining”, “All Possibilities”, “A Minor Incident”, “Once Around the Block” an “Silent Sigh”) hunn alles zu engem gudde wende geloss. Virum läschte Lidd sot den Damon Gough dunn: “We should have played longer if respect was payed where it’s due” an du war och jidderengem kloer woufir e sou schlecht drop war.

Dunn hunn The Hives (8-9) an all hirer Routine an Hybris d’Main Stage zum Kache bruecht mat Sprëch wéi “According to Belgian law, The Hives are only allowed to play one more song, because otherwise your head might explode because of this great rock’n'roll music.” Als néchst ware mer du kuerz an d’Technozelt den James Holden (7) kucken, dee gutt elektronesch Musék gemaach huet, mee wann een net a Stëmmung ass, bréngt dat o näicht. No enger längerer Concertspaus, vu bal 2 Stonne si mer dunn Sophia (5) kucke gaang, déi mech fiirchterlech gelangweilt hunn. ‘t ass sécher keng schlecht Musék, mee ech verstinn net firwat d’Leit alles wat lues an driipseg ass, als genial ugesinn.

An du koum de beschte Concert vum Festival: Arcade Fire (10 mat Stärecher a knätschegem Feierwierk). D’Musék war elektriséirend, den Optrëtt perfekt astudéiert an iwwerzeegend, einfach nëmme brillant. Wann et eppes get wat mir d’Sprooch verschléit, da muss et wierklech eppes besonneges sinn.

Dinosaur Jr. (6-7) waren dono Dinosaur Jr., dat heescht eng Band mat däer ech net vill ufänke kann, mee ganz okay. An d’Smashing Pumpkins (7) waren enttäuschend. Se hu vun hire fënnef Lidder déi se ménger Meenung no op all Concert spille missten nëmmen zwee gespillt (“Tonight, Tonight”, “Bullet with Butterfly Wings”) a soss och näicht wierklech aussergewéinleches bruecht. Vläicht hu se awer och, wéi de Pit sot, just drënner gelidden, dass se Arcade Fire net d’Waasser reeche konnten, a mer nach sou am Bann vun den 10 Dammen an Hären aus Kanada waren.

Dag 4 a 5 iergendwann.

Nach puer mol schlofen bis…
… Pukkelpop 2007.

Ech hunn zwar nach ëmmer keen Ticket, mee dat kréie mer o nach hin. Wat ech haut maache wëll, ass einfach méng Highlights op déi ech mech am meeschte freeën, ze weisen. An dat – wéi sollt et anescht sinn – mat Hëllef vu Youtube-Videoen.

Do wieren éischtens d’Editors (16/08/17:05/Main Stage). D’Editors hunn ech kenne geléiert, wéi ech am Winamp den NME Radio gescrobblet hunn. Dat wonnerbart Lidd “All Sparks” hat et mer direkt ugedon, a kuerz drop war ech hin a weg, wéi ech “Bullets” a “Munich” héiren hunn. Dofir war ech mer dunn och hire saustaarken Album “The Back Room” sichen. Hiert neiste Wierk “An End Has a Start” ass säit puer Wochen dobaussen, an och wann ech et leider na net besëtzen sou iwwerzeegt mech dach déi éischt Single “Smokers Outside the Hospital Doors” voll a ganz. D’Editors sinn ëmmer su traureg düster an drängen trotzdem an d’Extatescht (wat e Saz), kléngen wéi Interpol gekräizt mat Coldplay an erreechen en bal identeschen Niveau. An dann kléngt dem Tom Smith séng Stëmm o nach wéi déi vum Ian Curtis (Joy Division).

Click here to view the embedded video.

Dann wier do natierlech d’M.I.A. (16/08/21:40 Dance Hall), wat wierklech kee Schwäin a Lëtzebuerg ausser dem Fede a mir appréciéiert, mee awer extrem talentéiert ass. Him säi Grime ass sou rëffeg cool, dass ech mech scho beim Tippen bal net akréien. “Bucky Done Gun” ass sou en asozialt Lidd, mee ech fannen et trotzdem immens. Mee déi Opnahm hei ass schäiss, well d’Tounqualitéit net gutt ass. Hoffentlech ass se ze Hasselt besser.

Click here to view the embedded video.

Dann kënnt och schon mäin allergréissten Highlight vum Weekend: de Badly Drawn Boy (17/08/18:10 Marquee Stage). De Mann mat der Mutz ass sou en talentéierten Singer/Songwriter, dass en et definitiv mam leider verstuerwenen Elliott Smith ophuele kann. Ech verléiren awer net zevill Wierder, well en nach a ménger Top 250 virkënnt. Dofir einfach säi wonnerbare Video zu “Once Around the Block”.

Click here to view the embedded video.

Dann kommen natierlech Arcade Fire (17/08/22:25 Main Stage), op déi ech wierklech gespaant sinn, well ech mech froen op hir Musék op däer rieseger Bühn funktionnéiert. Ech hoffen et op jidfer Fall. Fir d’éischte Kéier op de Goût vun der Band sinn ech komm, an deem ech mer einfach sou d’CD bei Amazon bestallt hunn, ouni je eppes virdrun vun hinnen héiren ze hunn. An ech hunn riicht an d’Schwaarzt getraff, well hier melodesch Geniesträicher nach an d’Musékgeschicht wäerten agoen. Hei spillen se “Neon Bible” live an engem Lift.

Click here to view the embedded video.

De läschten Dag waarden dann direkt véier grouss Saachen op mech. Fir d’éischt The Shins (18/08/15:15 Marquee Stage), déi all Indieschlampe op mannst aus “Garden State” bekannt sinn dierften. Dann de Mike Skinner alias The Streets (18/08/15:55 Main Stage), deen de coolste Rapper op der Welt ass. Dann déi sensationell Justice (18/08/20:20 Dance Hall) aus Frankräich, déi mech ëmmer vu Freed zum Laachen an Danzen bréngen. An als gudden Ofschloss schließlech Sonic Youth (18/08/22:40 Marquee Stage), déi nach emol fir ordentleche Kaméidi suergen. Hei dann e Liveoptrëtt vun de Shins (“Caring is creepy”), d’Videoen zu “Fit but you know it” vun The Streets, respektiv “D.A.N.C.E.” vun Justice a schließlech e Liveoptrëtt vun “Drunken Butterfly” vun Sonic Youth.

Click here to view the embedded video.

Click here to view the embedded video.

Click here to view the embedded video.

Click here to view the embedded video.