Bäitrag getagged ‘editors’

#38 Editors

Geschriwwen den 8/02/2009 vum ChrisEe Kommentar

OPGEPASST: Virun deem ech erklären wat d’Editors hei an der Lëscht man, wëll ech iech op e Concours opmierksam man, deen ech heimadder als oppen erklären. Wat der man musst fir matzeman? Schéckt mer är Tipps fir d’Pianocktail Top 10 Muséker vum Joerzéngt op chris at pianocktail punkt lu an. Als Tiebreaker sot der mer nach wat äre Choix fir de Muséker oder d’Band vum Joerzéngt ass. Wat der gewanne kënnt? E Mixtape (op Kassett) mat den vu mir handgepickte beschte Lidder vun der Band vum Joerzéngt. Leet lass, a mat ärt bescht beim Errode vu méngen Top 10! De Concours leeft bis dass ech méng #30 bekannt ginn.

Et war d’Mëtt vum Joerzéngt, an ech hu Musék iwwert Winamp Radioen gestreamt, opgeholl an zu Recht geschnidden. Den NME Radio war zu där Zäit eng absolut Goldgrube (an ass et wuel och lo nach, just ech läuschtren en net méi) an ech hunn eng jett Bands doriwwer entdeckt. Ënnert anerem: Editors. Beim Zesummeschneide vu Lidder, ass mer opgefall, dass ech der direkt zwee vun hinnen um PC hat: “All Sparks” a “Bullets” – se hunn also zimmlech gutt ze si geschéngt, wann de Radio zwee Lidder vun hinnen banne kierzester Zäit bruecht huet. An dat waren se och – ech hu mer direkt d’CD besuergt an e Joer méi spéit hunn ech se live um Pukkelpop gesinn.

D’Editors kléngen, wann ee béis ass wéi Interpol meets Coldplay, also wéi eng Band déi probéiert U2 ze sinn. A ganz éierlech op der Theatralikskala fir Musék, déi vun 1 bis 10 geet, erreeschen se op mannst 14 Bono. Egal immens sinn d’Jongen aus dem englesche Stafford allemol, an en neien Album no den extrem erfollegräichen “The Back Room” an “An End Has a Start” soll dest Joer nokommen. Déi zwee gréissten Hits aus desen Alben, kënnt der lo direkt hei läuschtren, “Munich” an “Smokers Outside the Hospital Doors”:

YouTube Preview Image YouTube Preview Image

PS: deem séng Stëmm kléngt ëmmer sou, och wann e live séngt. Wat eng Stëmm…

Déi ganz Geschicht » Aus der Kategorie: Lëschten, Musék Tags:

Pukkelpop – Retrospektive

Geschriwwen den 20/08/2007 vum Chris2 Kommentaren

Gëschter sinn ech dunn, vu méngem 5 Deeg daurenden Ausflug an d’Belsch remkomm, op deem ech probéiert hunn gutt Musék z’erliewen an ze liewen. Virun deem iergendee mech freet, wéi et war, schreiwen ech et also einfach a gekiirzter Form nidder. (A Klammeren: Bewertunge vun de Concerten.)

Dag 1: E Mëttwoch um 15 vir 2 ass d’Rees ze Eechternoach op der Gare lassgaang, am Bus fir an d’Stad huet sech dunn den Tun zou mer gesellt, während mer de Joki an der Stad op der Gare getraff hunn. De Joki huet sech (am Endeffekt awer net) ausräichend mat Zigaretten ausgestatt, déi zwee hunn eng läscht gefëmmt a mer hunn eis um 15 op 3 an den Zuch bewegt, deen eis sollt op Liers bréngen. No 3 Stonne Fuert, an méi wéi engem domme Commentaire vum Joki, si mer dunn och ze Liers ukomm, mee d’Dieren vum Zuch sinn net opgaang, a sou si mer dunn mam Zuch an de Schapp gefuer. Do huet eis dunn en éier manner frëndleche belsche Schaffner entdeckt a gefrot wat mer nach a séngem Zuch verluer hätten. Nodeem mer en iwwert de Problem opgeklärt hunn, huet en eis dunn awer bewisen, dass d’Dieren wuel opgaang sinn – nodeem en se opgespaart huet a sot: “Mais elle s’ouvre!”

Eise Reesplang, war dunn bëssen duercheneen, mer souzen eng hallew Stonn am Zuch, bevir deen zréck op Liers gefuer ass, an dunn eng 3/4 Stonn ze Liers, bis dass mer den Zuch op Hasselt kruten. An ganz éierlech: Liers ass wuel dat ellensten, gottverloossente Kaff op der Welt. Et ass méi elle wéi Léck! Jo, du si mer op Hasselt gefuer, hunn eist Zelt opgeriicht, a pünktlech wéi mer fäerdeg waren huet et ugefaang ze reenen, wouropshin mir e Béier drénke waren an op dem Wee dohin eis Kollege, de Pit, de Jeff an de Vincent getraff hunn, déi quasi 50 Meter vun eis fort hiert Zelt opgeschlon haten. Alles an allem also e gelongenen éischten Dag.

(more…)

Nach puer mol schlofen bis…

Geschriwwen den 3/08/2007 vum Chris2 Kommentaren

… Pukkelpop 2007.

Ech hunn zwar nach ëmmer keen Ticket, mee dat kréie mer o nach hin. Wat ech haut maache wëll, ass einfach méng Highlights op déi ech mech am meeschte freeën, ze weisen. An dat – wéi sollt et anescht sinn – mat Hëllef vu Youtube-Videoen.

Do wieren éischtens d’Editors (16/08/17:05/Main Stage). D’Editors hunn ech kenne geléiert, wéi ech am Winamp den NME Radio gescrobblet hunn. Dat wonnerbart Lidd “All Sparks” hat et mer direkt ugedon, a kuerz drop war ech hin a weg, wéi ech “Bullets” a “Munich” héiren hunn. Dofir war ech mer dunn och hire saustaarken Album “The Back Room” sichen. Hiert neiste Wierk “An End Has a Start” ass säit puer Wochen dobaussen, an och wann ech et leider na net besëtzen sou iwwerzeegt mech dach déi éischt Single “Smokers Outside the Hospital Doors” voll a ganz. D’Editors sinn ëmmer su traureg düster an drängen trotzdem an d’Extatescht (wat e Saz), kléngen wéi Interpol gekräizt mat Coldplay an erreechen en bal identeschen Niveau. An dann kléngt dem Tom Smith séng Stëmm o nach wéi déi vum Ian Curtis (Joy Division).

YouTube Preview Image

Dann wier do natierlech d’M.I.A. (16/08/21:40 Dance Hall), wat wierklech kee Schwäin a Lëtzebuerg ausser dem Fede a mir appréciéiert, mee awer extrem talentéiert ass. Him säi Grime ass sou rëffeg cool, dass ech mech scho beim Tippen bal net akréien. “Bucky Done Gun” ass sou en asozialt Lidd, mee ech fannen et trotzdem immens. Mee déi Opnahm hei ass schäiss, well d’Tounqualitéit net gutt ass. Hoffentlech ass se ze Hasselt besser.

YouTube Preview Image

Dann kënnt och schon mäin allergréissten Highlight vum Weekend: de Badly Drawn Boy (17/08/18:10 Marquee Stage). De Mann mat der Mutz ass sou en talentéierten Singer/Songwriter, dass en et definitiv mam leider verstuerwenen Elliott Smith ophuele kann. Ech verléiren awer net zevill Wierder, well en nach a ménger Top 250 virkënnt. Dofir einfach säi wonnerbare Video zu “Once Around the Block”.

YouTube Preview Image

Dann kommen natierlech Arcade Fire (17/08/22:25 Main Stage), op déi ech wierklech gespaant sinn, well ech mech froen op hir Musék op däer rieseger Bühn funktionnéiert. Ech hoffen et op jidfer Fall. Fir d’éischte Kéier op de Goût vun der Band sinn ech komm, an deem ech mer einfach sou d’CD bei Amazon bestallt hunn, ouni je eppes virdrun vun hinnen héiren ze hunn. An ech hunn riicht an d’Schwaarzt getraff, well hier melodesch Geniesträicher nach an d’Musékgeschicht wäerten agoen. Hei spillen se “Neon Bible” live an engem Lift.

YouTube Preview Image

De läschten Dag waarden dann direkt véier grouss Saachen op mech. Fir d’éischt The Shins (18/08/15:15 Marquee Stage), déi all Indieschlampe op mannst aus “Garden State” bekannt sinn dierften. Dann de Mike Skinner alias The Streets (18/08/15:55 Main Stage), deen de coolste Rapper op der Welt ass. Dann déi sensationell Justice (18/08/20:20 Dance Hall) aus Frankräich, déi mech ëmmer vu Freed zum Laachen an Danzen bréngen. An als gudden Ofschloss schließlech Sonic Youth (18/08/22:40 Marquee Stage), déi nach emol fir ordentleche Kaméidi suergen. Hei dann e Liveoptrëtt vun de Shins (“Caring is creepy”), d’Videoen zu “Fit but you know it” vun The Streets, respektiv “D.A.N.C.E.” vun Justice a schließlech e Liveoptrëtt vun “Drunken Butterfly” vun Sonic Youth.

YouTube Preview Image YouTube Preview Image YouTube Preview Image YouTube Preview Image