Bäitrag getagged ‘edgar wright’

Kuerz kritiséiert: Epesch Kämpf an epesch Dänzer.

Geschriwwen den 19/09/2010 vum ChrisKee Kommentar

Scott Pilgrim vs. the World (Edgar Wright, ***)

De Scott Pilgrim ass 22, an zesumme mat engem 17jähregen kathouleschen High school Meedchen, wéi em wiertwiertlech d’Meedche vu sengen Dreem begéint. Fir hat ze kréien, muss en allerdéngs seng 7 béis Exen bekämpfen a bezwéngen. An den Haaptrollen Michael Cera an Mary Elizabeth Winstead.

Ech maache keen Hehl draus, dass meng dräi Stären grousszügeg sinn. De Film ass ënnerhalsam, witzeg an en baut weiderhin op déi gutt Geschicht, déi dem Bryan Lee O’Malley seng Bicher ausgemaach huet. Ech weess net, wéi een d’Buch hätt kënnen technesch an inhaltlech besser an en zwee Stonne Film paken. An dofir dräi Stären. Wat allerdéngs schued ass, ass, dass doduerch de Film ab engem gewësse Punkt sech just nach wéi Kampf no Kampf ufillt, an sech engem déi wichteg Fro stellt: firwat dat Ganzt? Wou ass d’Motivatioun fir déi Kämpf? Dat erschléisst sech eigentlech wéineger. An doduerch ass dem Scott seng Katharsis am Endeffekt och problematesch, vue dass dach iergendwéi sou wéineg um Spill steet, a mer ze mann vun him wëssen, fir wierklech d’Pëll schlécken ze kënnen, déi de Wright eis opdëscht. Am Endeffekt ass d’gimmicky Handlung net méi wéi eng originell Geschicht, bei där d’alternativ Kreativitéit u sech keng déiwer Bedeitung huet, wéi den Zweck eppes anescht ze bidden. Vue dass de Film awer dobäi ëmmer probéiert sech op engem eenheetlechen Niveau ze halen, an keng Undeitungen zu méi Déift bréngt, déi en duerch seng Kierzt net hale kéint, kann een dem Film seng Problemer just iwwelhuelen, wann een en um Standard vum O’Malley senge Bicher miisst. An dat wier, opgrond vun der Ënnerscheedlechkeet vun de Medien, onfair.

Geometry and Grace @ Theatre Royal, Glasgow, 18. September 2010

Ech war an de Ballet. An et war iergendwéi cool. Däerf ee jo mol erwienen. Lo sinn ech eeschthaft um Iwwerleeën, ob ech an dem Matthew Bourne seng komplett iwwerdeiert Versioun vu Swan Lake an zwou Woche goe soll. Wee weess.

Scott Pilgrim: Trailer a Fotoen

Geschriwwen den 26/03/2010 vum Chris5 Kommentaren

Gëschter hat den Trailer zum vu mir emseg erwaartene Scott Pilgrim vs. the World vum Edgar Wright mam Michael Cera an der Roll vum eponymen Held. An dee kënnt der bei Apple a gudder Qualitéit genéissen. Den Trailer ënnerstëtzt mol d’Tagline vum Poster, déi de Film als “An epic of epic epicness.” bezeechent.Wat ech sou immens fannen, ass, dass de Film wéi et schéngt, den Humor vun de Bicher, sou wéi d’Actionsequenzen mat säuinteressanten Biller verbënnt.

Op Slashfilm kënnt der lo och 66 Biller aus dem Film bewonneren. Rëm eng Kéier komplett derwäert.

Scott Pilgrim

Geschriwwen den 15/03/2010 vum ChrisKee Kommentar

D’Geschicht, wéi ech op d’Scott Pilgrim Bicher gestouss sinn, ass séier gezielt. Als Fan vum Edgar Wright senge Filmer (Shaun of the Dead, Hot Fuzz) halen ech mech natierlech gär um Lafenden, wat hien als nächst geplangt huet. Dat war lo schon zënter längerem gewosst, dass et e Film mam Numm Scott Pilgrim vs. the World ass, an dass dësen op enger Serie vu graphic novels baséiere wäert.

Well ech ëmmer méi interesséiert un der Geschicht vun de Bicher gi sinn, well déi puer preview screenings vum Film enorm erfollegräich verlaf waren, hunn ech mer se da mol besuergt. An net méi aus der Hand geluecht. D’Bicher sinn extrem liicht ze liesen, mä awer voller Referenzen fir déi, déi duerno sichen. Als graphic novel modelléiert sech d’Serie als Action-Manga, hëlt dëse Genre awer grad sou op d’Schëpp wéi Videospiller, Popmusek a soss Popkultur. Kuerz gesot, d’Lecture war wéi e fiichten Dram fir mech – sou vill schéi Saachen, iwwert déi ee blogge kéint an deene puer Säiten.

De Scott Pilgrim verléift sech an d’Ramona J. Flowers, d’wuertwiertlecht Meedchen vu sengen Dreem. Fir mat him zesummen ze kommen, muss en sech awer als éischt beweisen an zwar an deem s en dem Ramona seng “seven evil ex-boyfriends” bekämpft an zerstéiert. Dat Ganzt gëtt mat sou vill Humor an Kreativitéit behandelt, dass et engem ni langweileg gëtt, och wann den Scott schon erëm muss an e Kampf goen, deen en natierlech gewënnt. Mä vue dass de Scott selwer och genuch Ballast mat sech ze schleefen huet, eng Exfrëndin, déi verréckt no him ass, eng Exfrëndin, déi säi Bandmember ass, an eng Exfrëndin, déi säin Häerz gebrach huet, ass d’Geschicht onendlech méi komplizéiert, wéi een et lo unhuele géif. An dach awer iergendwéi net.

Mam sechste Volume kënnt an dësem Summer de leschte Band raus, an deem all déi, momentan extrem vill, Froen geléist ginn – kuerz drop kënnt dem Ed Wright säi Film. Bis dohin leeën ech jidderengem un d’Häerz sech d’Bicher eng Kéier unzekucken. Et ass derwäert, well ech nämlech sou verréckt dono sinn, dass ech well e Scott Pilgrim Desktop-Hannergrond hunn. (Hey, keen huet gesot, Pianocktail wier keng Usammlung vu bematleedenswäerte Loser! An dem Lynn.)

Filmvirschau

Geschriwwen den 25/02/2007 vum Chris2 Kommentaren

Normalerweis hunn ech besser mech net op Filmer ze freen, virun deem iergendeen se gesinn huet. Et geet neemlech meeschtens grëndlech an d’Box. Rezent Beispiller: “Marie Antoinette” oder zwee Filmer op déi ech mech säit engem Joer freen, mee nach ëmmer net raus sinn. Kee gutt Zeechen. Mee a ménger Lëscht (scho rem eng) si se alt rem dobäi.

Ech hunn einfach mol, méi oder manner instinktiv 10 Filmer an enger Lëscht zesummegeklakt. Ech freen mech wierklech op se all, an ech mengen et si réicht zwee Stéck dovun dem Publikum virgestalt ginn. Een dovunner krut grauseg Kritike, den aneren wonnerbarer. Also, ech si gespaant.

Als éischt mol nach Filmer op déi ech mech freen, déi just na net a Lëtzebuerg ugelaf sinn: “The Fountain”, “Breaking and Entering” an “Clerks 2″. Déi missten awer geschwënn do sinn.

Dann em puer, déi am Laf vum Joer, oder och réicht Ufank 2008 misste kommen, déi et awer net a méng Lëscht gepackt hunn:

  • Sweeney Todd vum Tim Burton, mam Johnny Depp, Helena Bonham Carter, Sacha Baron Cohen an Alan Rickman. Iergendwéi trauen ech dem Tim Burton zou, heimadder e rieseg grousst Debakel ze produzéiren. Et kéint awer och genial ginn. Wann de Film do ass, wësse mer ob d’Geschicht vum mörderesche Coiffeur gutt bei him opgehuewen ass oder net.
  • My Blueberry Nights vum Wong Kar Wai mam Norah Jones, Jude Law, David Strathairn an Natalie Portman. Dem Wong Kar Wai säin éischten engleschsproochege Film, dofir sinn ech skeptesch. Dozou kënnt, dass d’Geschicht fiirchterlech no “Crossroads” oder “Glitter” kléngt. Mee kann de Wong Kar Wai e schlechte Film dréien?
  • Pirates of the Caribbean: At World’s End vum Gore Verbinski mam Johnny Depp, Keira Knightley, Orlando Bloom an Geoffrey Rush. Den zweete Film huet mer bei der zweete Kéier, dass ech e gekuckt hunn, awer nach gefall. En ass gutt. Mee wéi der Däiwel soll déi Geschicht lo weidergestréckt ginn? Gespaant sinn ech iergendwéi nach net.
  • Motherless Brooklyn vun a mam Edward Norton. D’Geschicht handelt vun engem Flic mat Tourette Syndrom. Ech si jo e grousse Fan vum Norton, mee “Keeping the Faith” war net sou den Hummer, dass ech hei och nach méng Zweifel hegen. Et kléngt fir mech bësse sou, wéi wann den Ed Norton sech séng Roll, mat däer en den Oscar gewanne wëll, selwer gecschriwwen huet. Firwat net, wann et gutt ass?

An nom Strëch da méng 10 Filmer.

(more…)

#26 Shaun of the Dead

Geschriwwen den 21/12/2006 vum ChrisEe Kommentar

A lo si mer och schon an der Halschent. Gott sei Dank.

Et get jo näicht, wat mech méi langweilt, wéi sou e richteg nullen Horrorfilm. Wat de Simon Pegg draus mëcht ass net nëmme kreativ, erschreckend, mee o nach sauwitzeg. Wéi bei “Life of Brian” och einfach mol just em puer Zitater:

Shaun: It’s not that I don’t wanna spend time with you, cause I do. It’s just… Ed doesn’t have too many friends.
Ed: Can I get… any of you cunts… a drink?

oder:

Shaun: [about Ed] He’s not my boyfriend!
Ed: [handing beer to Shaun] It might be a bit warm, the cooler was off.
Shaun: Thanks, babe.

oder:

David: I’m not staying here.
Liz: David, don’t, that’s suicide.
Ed: I think you should go.

oder:

Barbara: [Over the phone] Some men tried to get into the house.
Shaun: Well are they still there?
Barbara: [Over the phone] I’m not sure, we’ve shut the curtains.

an:

Shaun: I think one of us should shoot the other then do it themselves.
Liz: I don’t think I can do it, I’d mess it up.
Shaun: I don’t think I have it in me to shoot my mom, my flatmate, my stepdad and my girlfriend all at the same night.
Liz: [pauses] What makes you think I’ll take you back?
Shaun: You don’t want to die single do you?
Ed: [interrupting] That’s it. I’d like to be shot.


Buy accutane online buy accutane online australia replica hermes handbags david jones handbags Buy accutane online cheap juicy couture louis vuitton bags kardashian kollection handbags Theme compat side effects micardis adalat replica hermes handbags cheap replica handbags michael kors Damier Ebene Canvas vuitton handbags high quality replica handbags high quality replica handbags