Bäitrag getagged ‘dizzee rascal’
All Dag während der Weltmeeschterschaft schreift de Chris iwwer Fussball, d’WM a wéi hien se erlieft.
Hätten d’Englänner op den Dizzee Rascal gelauschtert a just bëssen souvill Asaz wéi hien, dann hätten se och gëschter gewonnen obwuel hire Golkipp net gutt genuch fir Luna Uewerkuer ass. Mä bon, ech zitéiere mäi Brudder: “Déi lescht Ekipp, déi op enger WM 1:1 géint d’USA gespillt huet ass Weltmeeschter ginn.” Wëllen d’Englänner dat packen, mussen se sech awer e bëssen um Rimm rappen, denken ech mol.
Um Rimm gerappt huet sech den Diego Armando Maradona, an ass zum Match komm. Net dass dat sou iwwerraschend wier, mä et hätt och kënnen anescht kommen. Säi legitimen Nofolger Lionel Messi huet an deem Match geschaten 172 Golchance gehat. Ouni ze treffen. Mä dofir haten d’Argentinier jo e Verteideger dee getraff huet.
Och getraff hunn zwee Koreaner – an dat huet mer richteg gutt gefall.Et muss een déi Südkoreaner einfach gutt fannen, denken ech. Nach besser hu mer allerdéngs meng 8 nei Panini-Biller gefall, déi ech haut krut, woumat mer well bei 32 feelende Biller wieren. Wat zimlech gutt ass op menger Panini/Coolheet-Skala, denken ech. Besser op alle Fall wéi d’Rap-”Analys” vu Blumentopf op ARD, déi dës als hip duerstelle soll. Et wëll einfach net a mäi Kapp eran firwat déi Däitsch ëffentlech rechtlech net verstinn, dass een net mat deem wat virun 10 Joer interessant war, lo punkte kann. Dat Onverméigen momentan Trends z’erkennen an sech ze änneren ass eigentlech scho bal rëm eng interessant soziologesch Studie wäert, déi ech opgrond vu mengem Desinteresse u Soziologie ni maache wäert.
De Match Algerien-Slowenien wäert ech haut verpassen, well Mammendag ass, an ech e bëssen e gudde Jong sinn a mat menger Mamm iesse ginn. D’Daumen ginn awer menge Kölner Novakovic a Brecko gedréckt. An muer schwätze mer dann driwwer ob ech dem Jogi Löw säi Schal richteg getippt hunn, ech soen: beige.
Depp vum Dag: Robert Green, England
Beschte Spiller vum Dag: Park Ji-Sung, Südkorea
Schlechteste Spiller vum Dag: Angelos Charisteas, Griechenland
Weblink vum Dag: Warten auf die Damenwahl bei 11Freunde.de
All Joer hunn ech eng bëssen anescht Aart a Weis fir meng léifste Lidder vum Joer virzestellen, an amplaz rëm eng Lëscht vu 50 Lidder ze presentéieren hunn ech mech dëst Joer dofir decidéiert déi am Endeffekt awer zimlech normal Zuel vun 20 Lidder rauszeschielen an déi hei an alphabetescher Reiefolleg ze feieren. Mol eppes anescht, he so?
Wéi all Joer hunn ech bestëmmt iergendeppes vergiess, ech sinn hei net esou genau wéi ech et bei Lëschten iwwer Filmer sinn, also maacht kee Kéipi wan äert Lieblingslidd net dobäi ass. Et ka sinn, dass ech einfach net dru geduecht hunn. An deem Fall dierft der et roueg an de Kommentaren erwienen. Oder et ass effektiv schäiss. An deem Fall kënnt der et fir iech behalen.
(more…)
Déi ganz Geschicht »
Aus der Kategorie: Featured, Lëschten, Musék
Tags:animal collective, arctic monkeys, clueso, coldplay, dizzee rascal, emiliana torrini, grizzly bear, laroux, mando diao, maxïmo park, moby, pet shop boys, phoenix, st. vincent, the gossip, the temper trap, the xx, white lies, yeah yeah yeahs, yonlu
OPGEPASST: D’Gewënnspill leeft just nach em puer Deeg. Ween na wëll matman: är Pronosticen, wéieng Kënschtler an den Top 10 vun de Muséker vum Joerzéngt ze fanne sinn, un chris at pianocktail punkt lu schécken. Weider mam Dizzee Rascal.
Ech hunn den Dizzee Rascal berouert. Méi genee: mir hunn am Backstage no sengem Optrëtt an der Glasgow University Union gehighfivet. Do virdrun huet e mir Daumen héich fir mäin Enthusiasmus während dem Concert ginn. Mäin Dizzee Rascal claim to fame.
Den Dizzee Rascal ass ee vun nëmme fënnef Muséker/Bands, déi ech zweemol live gesinn hunn, déi aner wieren Placebo, Eagles of Death Metal (#49), Nouvelle Vague an Arcade Fire. An heen ass absolut genial live. Net nëmmen danzt en an erzielt Witzer, mee en explodéiert quasi op der Bühn wann en optrëtt. Kee Wonner, dass säin Debutalbum “Boy in Da Corner” de Mercury Music Prize 2003 gewonn huet. Zwou Nummer 1 Single a Groussbritannien huet en iwwregens och: bei “Do They Know It’s Christmas?” huet hee matgeschafft, an “Dance Wiv Me” mam Calvin Harris war e groussen Hit läschte Summer.
Meng dräi Lieblingslidder “Jus’ a Rascal”, “Stand Up Tall” an “Fix Up, Look Sharp” kënnt der lo hei lauschtren:
(more…)
Gëschter sinn ech dunn, vu méngem 5 Deeg daurenden Ausflug an d’Belsch remkomm, op deem ech probéiert hunn gutt Musék z’erliewen an ze liewen. Virun deem iergendee mech freet, wéi et war, schreiwen ech et also einfach a gekiirzter Form nidder. (A Klammeren: Bewertunge vun de Concerten.)
Dag 1: E Mëttwoch um 15 vir 2 ass d’Rees ze Eechternoach op der Gare lassgaang, am Bus fir an d’Stad huet sech dunn den Tun zou mer gesellt, während mer de Joki an der Stad op der Gare getraff hunn. De Joki huet sech (am Endeffekt awer net) ausräichend mat Zigaretten ausgestatt, déi zwee hunn eng läscht gefëmmt a mer hunn eis um 15 op 3 an den Zuch bewegt, deen eis sollt op Liers bréngen. No 3 Stonne Fuert, an méi wéi engem domme Commentaire vum Joki, si mer dunn och ze Liers ukomm, mee d’Dieren vum Zuch sinn net opgaang, a sou si mer dunn mam Zuch an de Schapp gefuer. Do huet eis dunn en éier manner frëndleche belsche Schaffner entdeckt a gefrot wat mer nach a séngem Zuch verluer hätten. Nodeem mer en iwwert de Problem opgeklärt hunn, huet en eis dunn awer bewisen, dass d’Dieren wuel opgaang sinn – nodeem en se opgespaart huet a sot: “Mais elle s’ouvre!”
Eise Reesplang, war dunn bëssen duercheneen, mer souzen eng hallew Stonn am Zuch, bevir deen zréck op Liers gefuer ass, an dunn eng 3/4 Stonn ze Liers, bis dass mer den Zuch op Hasselt kruten. An ganz éierlech: Liers ass wuel dat ellensten, gottverloossente Kaff op der Welt. Et ass méi elle wéi Léck! Jo, du si mer op Hasselt gefuer, hunn eist Zelt opgeriicht, a pünktlech wéi mer fäerdeg waren huet et ugefaang ze reenen, wouropshin mir e Béier drénke waren an op dem Wee dohin eis Kollege, de Pit, de Jeff an de Vincent getraff hunn, déi quasi 50 Meter vun eis fort hiert Zelt opgeschlon haten. Alles an allem also e gelongenen éischten Dag.
(more…)
Déi ganz Geschicht »
Aus der Kategorie: Musék
Tags:arcade fire, badly drawn boy, beatsteaks, devendra banhart, devotchka, digitalism, dizzee rascal, editors, enter shikari, james holden, kaiser chiefs, kings of leon, m.i.a., pukkelpop, seasick steve, sonic youth, sophia, the rakes, the shins, the smashing pumpkins, the streets