Bäitrag getagged ‘disney’

Top 10 Filmer vum Joer 2009

Geschriwwen den 25/02/2010 vum Chris6 Kommentaren

#10 THE INFORMANT!
(Steven Soderbergh)

Ech hu mer et zur Gewunnecht gemaach, dass op menger zengter Plaz e Film ass, deen ech perséinlech extrem interessant fonnt hunn, mä wou ech vläicht net onbedéngt der Meenung sinn, dass en eng Top 10-Plaz hu misst. No Man on Wire an Into the Wild ass dat dëst Joer dem Steven Soderbergh säin absolut genialen The Informant! bei deem s de duerch dem Matt Damon seng beschte schauspilleresch Leeschtung bis haut ni wierklech weess wou s de dru bass. Wéi gesot, e wonnerbare Film mat wonnerbarem Cast.
(more…)

Disney kopéiert bei sech selwer

Geschriwwen den 20/04/2009 vum Thorben10 Kommentaren

Dat Trickfilmer ob der Hand zeechnen eng Sauaarbecht ass, kann sech jhiddereen viirstellen.

An wou Leit gebraucht gin, gëtt et deier. Disney haat do awer en Idee. Si hun einfach aal Szenen geholl, an déi an aaneren Filmer rembenotzt. Dat ass zumols beim Schneewittchen, den Aristocats an dem Dschungelbuch ze gesin. Anscheinend ass dat am Rotovision-Verfahren gemaach, en Verfahren wou e Bild vun hannen ob eng opak Uewerfläch projezéiert gett an dann oofgezeechent gett.

An däer Zeitung (däer hieren Numm ech aus Scham net nennen, et wor net d’SUN) wor den Teaser: Firwat gesin Disneyfilmer oft sou rassuréirend bekannt aus. Ob dat zur Popularitéit bäigedroen huet, ass eng interessant Froo. Avis un d’Hobbypsychologen.
YouTube Preview Image

Déi ganz Geschicht » Aus der Kategorie: Film Tags:

Enchanted

Geschriwwen den 21/11/2007 vum ChrisKee Kommentar

Kënnt der iech un déi schéin Zäit erënneren, wéi déi meeschte Kannerfilmer nach gezeechent waren an Disney de Marché regéiert huet mat immense Filmer?

Ech weess et ass laang hir. Dëst Chrëschtdag bréngt Disney eng Zort Parodie op d’Genre vum Märcheprinzessinnefilm raus, déi gläichzäiteg en nostalgesche Réckbléck dierft sinn. Dat ass och gutt, well nëmme Kannerfilmer, déi vun spriechenden Autoen ouni den David Hasselhoff um Steier, fuerzende grénge Monsteren oder danzende Pinguinen, wier a méngen Aen net z’erdroen. “Enchanted” gesäit effektiv no engem gudde Kannerfilm aus, an éischte Reviews no ass en dat och. E Spaass fir Grouss a Kleng. (Dat wollt ech nach ëmmer eng Kéier schreiwen.)

YouTube Preview Image

Buy accutane online buy accutane online australia replica hermes handbags david jones handbags Buy accutane online cheap juicy couture louis vuitton bags kardashian kollection handbags Theme compat side effects micardis adalat replica hermes handbags cheap replica handbags michael kors Damier Ebene Canvas vuitton handbags high quality replica handbags high quality replica handbags