Et gëtt näicht méi schéines, wéi wann e Filmpouster weess, wourem s de Film sech dréit an aus der üblecher “Bild vum Film mat enger latzeger Tagline” Routine ausbrécht. No Where The Wild Things Are an Los Abrazos Rotos ass dest den drëtte Pouster vum Joer, deen absolut genial ass, an deen d’Thema vum Film respektvoll remgëtt. Chapeau.
(InContention.com)
Lues awer sécher fänken ech un mech ze froen, wéini ech eigentlech soll zum Studéire kommen, wann permanent Filmer rauskommen, déi mech interesséieren. Dass ech eng Schwächt fir den Ang Lee hunn, wësst der opmannst duerch meng Verteidegungstaktiken fir seng Versioun vun Hulk, dass den Demetri Martin ee vu menge Lieblingskomiker ass, dierft och bekannt sinn, an da wier do nach den Emile Hirsch, deen an allem brilliant ass, an mat Into the Wild an als menger Meenung no beschtem Niewenduersteller a Milk grad op enger Well vu Succès schwëmmt.
Klak nach e bësse Rock’n'Roll dobäi, nenne mer et mol de gréisste Rockfestival an der Geschicht vun der Mënschheet, an du hues e Film, deen ech net verpasse wëll. An dese Film nennt sech Taking Woodstock an huet well en Trailer: