Bäitrag getagged ‘david fincher’

Podcast: Filmer vum Joer 2010

Geschriwwen den 27/02/2011 vum Chris12 Kommentaren

One top ten list isn’t cool. You know what’s cool? Three top ten lists. Wéi virun enger Woch ugekënnegt hei dann elo den éischten – a wahrscheinlech leschte – Podcast, deen ech hei op Pianocktail publizéiere wäert. D’Céline vun La Poupée Russe an den Nic, laang verschollene Co-Blogger deelen nieft mir mat, wat déi beschte Filmer vum Joer 2010 sinn.

Mir schwätzen iwwer Schwulepornoen, driwwer vum Matt Damon den Aasch “gespankt” ze kréien, iwwer dem Céline seng Wënsch bestued ze ginn, a Waasser wat een a Brand stieche kann. Niewebäi nach d’sozial Grënn déi aus engem e Bankreiber maachen – mir ginn allem op de Grond. An net ze vergiessen iwwer déi Filmer déi d’Céline a mech kräische gedoen hunn!

Lauschtert iech et un. Et ass laang, mä hoffentlech dowäert.
A fir déi, déi ze liddereg sinn fir sech dat schéint Stéck unzelauschteren, nom Broch kënnt der iech d’Lëschten eng Kéier duerchliesen. Mä dat wier natierlech oncool.

D\’Pianocktail Filmer vum Joer 2010

Ech hunn sou eppes nach ni gemaach, dofir entschëllegt d’technesch Mängel. D’Highlight ass natierlech wéi een no bal enger Stonn meng Noperen am Hannergrond héiert, déi hir Party op de Balkon verluecht hunn. Geleeëntlech Tipp- a Skypegeräicher sinn och net wierklech professionell, ech weess. Mä bon.

Musek:
Trent Reznor an Atticus Ross – Hand Covers Bruise
Grizzly Bear – While You Wait for the Others

(more…)

De “Zuckerberg-Film”

Geschriwwen den 9/11/2010 vum Jacques13 Kommentaren

Ech hat am Fong net wëlles eppes zum Film „The social network“ ze schreiwen, vue datt mer awer am Moment e bëssi langweileg ass, kënnt elo awer e klenge Post.

Wéi ech a mengem Kommentar zum Chris sengem Post schonn ugedeit hat, hält sech d’Begeeschterung zu dësem Film bei mir a Grenzen, och wann ech e fir ganz gelongen halen. Ee vun de Grënn war sécher och meng Erwaardungen, déi vum Chris a vum Céline (deenen hir Kritiken ech immens schätzen), wéi och vun der Press a vun deenen déi um Film matgeschafft hunn, ze héich geschrauft goufen.

Ee klenge Problem deen ech mam Film hunn, ass datt ech en net fir esou relevant hale, wéi e vu ville gemaach gëtt. Et gi Begrëffer benotzt wéi „e Portrait vun eiser Generatioun“, an ech fannen net, datt dat zoutrëfft. Ech erkennen d’Protagonisten aus dem Film net a menger Ëmwelt, a scho guer net a mengem Frëndeskrees zréck. Ech kenne kee vun den Nerds, den Harvard-Aristokraten, an ech kenne keng Leit, déi a fancy Diskoen hire Business beschwätzen.

Et soll ëm Facebook goen, dee Site, deen eis Generatioun an eis Art a Weis ze kommunizéieren definitiv immens geprägt huet, mä dat ass net de Fall. Et geet vill méi ëm de Mark Zuckerberg, de Grënner vun deem Site. Den Afloss, dee Facebook op eis Gesellschaft huet, gëtt (wann iwwerhaapt) nëmme marginal ugeschwat, an dat wier genee dat gewiescht, wat ech mer ënnert engem „Portrait vun eiser Generatioun“ erwaart hätt. „A capitalist society“ hätt als Titel menger Meenung no méi gepasst (och wann deen Titel definitiv manner interessant kléngt, a manner Leit ugezunn hätt).

Mä bon, ech sichen an engem Film haaptsächlech no enger gudder Story a gudde Schauspiller, oder ech wëll einfach nëmme gutt laachen. Doran ass de Film definitiv immens staark (d’Schauspiller si grandios), an och aus technescher Siicht ass näischt drun auszesetzen. Allerdéngs huet mech de Film net matgerappt. D’Dialoger sinn herrlech geschriwwen an an Zeen gesat, ech hunn oft iwwert deen een oder deen anere Sproch gelaacht, mä ech konnt fir d’Personnage wéineg Sympathie oder Empathie empfannen. En huet mech net wierklech beweegt.

Ech kommen nach eng Kéier op den Titel zréck, well e mech wierklech stéiert. Den Titel, sou wéi och deen éischten Teaser, huet säi Publikum op e „Facebook-Film“ virbereet, als wat en och oft bezeechent gouf. Et ass awer kee „Facebook-Film“ mä et ass de „Mark-Zuckerberg-Film“, e Biopic. Ech ginn elo vläit ze wäit, mä mir ass Facebook an dësem Film iwwer grouss Strecke wéi e McGuffin virkomm. Wier et elo e fiktive Site gewiescht, hätt et mer wahrscheinlech manner ausgemaach. Mä Facebook ass e wichtegen Deel vun eisem Alldag, vill Leit widmen deem Site e puer Stonne pro Dag. Ech fannen dat Phänomen vill méi interessant oder beängschtegend, wéi déi historesch oder fiktiv Origine vum Site.

Ech klenge méi negativ, wéi ech denken. Ech ginn dem Film 3 vu 4 Stären, dat heescht datt ech e gutt fannen. De Film ass saugutt inszenéiert, d’Schauspiller si grandios, an un der Technik ass och näischt auszesetzen. Meng Enttäuschung war minimal, mä se war do. Meng Begeeschterung och. Voilà.

Kuerz kritiséiert – Haiku Edition: Männer, déi Sue maachen.

Geschriwwen den 24/10/2010 vum Chris12 Kommentaren

Kann ech och op Lëtzebuergesch Haikus verfaassen?

The Social Network (David Fincher, ****)
Geeks wëlle Suen,
doduerch zerbrécht hir Frëndschaft.
Meeschterwierk. Weider.

The Town (Ben Affleck, ****)
E Bankiwwerfall
an d’Konsequenzen dovun
mécht eng top Story.

Wall Street: Money Never Sleeps (Oliver Stone, *1/2)
Onnéidegt Sequel.
Ganz schlecht geschriwwene Quatsch.
Här Stone, Suen zréck.

Net wierklech.

The Accidental Billionaires

Geschriwwen den 22/07/2010 vum Chris4 Kommentaren

Et war emol op Pianocktail eng Diskussioun an där hu mer gestridden. Déi Diskussioun huet mir keng Freed bereet an iech och net. Allerdéngs huet se mech zum Entschloss bruecht e Buch ze liesen. Dat Buch heescht The Accidental Billionaires (Amazon Link), ass vum Ben Mezrich, an ass d’Virlag fir de Film The Social Network vum David Fincher.

Vue dass ech säit e Sonndeg zu Glasgow sinn a gëschter bëssen Zäit hat, sinn ech mer an de Waterstone’s ëm puer Bicher siche gaang, ënnert anerem eben d’Geschicht iwwer d’Grënnung vu Facebook. A lo kënnt dat, wat iech alleguer interesséiert: nee, den Zuckerberg gëtt net glorifizéiert. E gëtt fair an oppen behandelt an et geet just ëm d’Businesssäit vun der Geschicht, also net ëm d’Moral vum Site selwer. A virun allem: jo, d’Geschicht ass sou, dass een e Film draus maache kann. Also eigentlech net just een, mä eben speziell de Mann deen aus Zodiac – enger net spannender Geschicht – ee vun de beschte Filmer vum Joerzéngt gemaach huet.

The Social Network

Geschriwwen den 8/07/2010 vum Chris53 Kommentaren

Den éischten Teaser zum David Fincher sengem “Facebook-Film” The Social Network hunn ech net interessant genuch fonnt fir en hei ze bréngen. (Dovun ofgesinn, dass ech ze liddereg gewiescht wier.) Dësen zweeten Teaser, deen sech de Facebook theme zu Notzen mécht, huet mech awer komplett iwwerzeegt. Sou hunn ech Trailer an Teaser gär – wa se kreativ sinn an net all ze vill eweg ginn. Sécherlech nieft Toy Story 3, Scott Pilgrim vs. the World, Somewhere an The Tree of Life dee Film op deen ech mech 2010 am meeschte freeën.

UPDATE (10/07/10; 18:24): Fir déi, déi de Kommentaren no eventuell der Meenung waren, dass de Film eng “Glorifizéierung” vum Mark Zuckerberg kéint sinn, hunn ech hei zur Berouegung en Artikel vu /Film.

Pianocktail Awards 2008: Gewënner

Geschriwwen den 24/08/2009 vum ChrisEe Kommentar

Uaaaaah. Den Nic alias Hugo Stiglitz huet mech de mëtten wéi mer Inglourious Basterds mat Harespele gespillt hunn, dorop opmierksam gemaach, dass ech et bis ewell vergiess hunn d’Gewënner vun de Pianocktail Awards z’annoncéieren. Dofir hei elo, mat 6 Méint Verspéidung d’Gewënner, just fir dass alles seng Richtegkeet huet:

(more…)

Filmvirschau

Geschriwwen den 25/02/2007 vum Chris2 Kommentaren

Normalerweis hunn ech besser mech net op Filmer ze freen, virun deem iergendeen se gesinn huet. Et geet neemlech meeschtens grëndlech an d’Box. Rezent Beispiller: “Marie Antoinette” oder zwee Filmer op déi ech mech säit engem Joer freen, mee nach ëmmer net raus sinn. Kee gutt Zeechen. Mee a ménger Lëscht (scho rem eng) si se alt rem dobäi.

Ech hunn einfach mol, méi oder manner instinktiv 10 Filmer an enger Lëscht zesummegeklakt. Ech freen mech wierklech op se all, an ech mengen et si réicht zwee Stéck dovun dem Publikum virgestalt ginn. Een dovunner krut grauseg Kritike, den aneren wonnerbarer. Also, ech si gespaant.

Als éischt mol nach Filmer op déi ech mech freen, déi just na net a Lëtzebuerg ugelaf sinn: “The Fountain”, “Breaking and Entering” an “Clerks 2″. Déi missten awer geschwënn do sinn.

Dann em puer, déi am Laf vum Joer, oder och réicht Ufank 2008 misste kommen, déi et awer net a méng Lëscht gepackt hunn:

  • Sweeney Todd vum Tim Burton, mam Johnny Depp, Helena Bonham Carter, Sacha Baron Cohen an Alan Rickman. Iergendwéi trauen ech dem Tim Burton zou, heimadder e rieseg grousst Debakel ze produzéiren. Et kéint awer och genial ginn. Wann de Film do ass, wësse mer ob d’Geschicht vum mörderesche Coiffeur gutt bei him opgehuewen ass oder net.
  • My Blueberry Nights vum Wong Kar Wai mam Norah Jones, Jude Law, David Strathairn an Natalie Portman. Dem Wong Kar Wai säin éischten engleschsproochege Film, dofir sinn ech skeptesch. Dozou kënnt, dass d’Geschicht fiirchterlech no “Crossroads” oder “Glitter” kléngt. Mee kann de Wong Kar Wai e schlechte Film dréien?
  • Pirates of the Caribbean: At World’s End vum Gore Verbinski mam Johnny Depp, Keira Knightley, Orlando Bloom an Geoffrey Rush. Den zweete Film huet mer bei der zweete Kéier, dass ech e gekuckt hunn, awer nach gefall. En ass gutt. Mee wéi der Däiwel soll déi Geschicht lo weidergestréckt ginn? Gespaant sinn ech iergendwéi nach net.
  • Motherless Brooklyn vun a mam Edward Norton. D’Geschicht handelt vun engem Flic mat Tourette Syndrom. Ech si jo e grousse Fan vum Norton, mee “Keeping the Faith” war net sou den Hummer, dass ech hei och nach méng Zweifel hegen. Et kléngt fir mech bësse sou, wéi wann den Ed Norton sech séng Roll, mat däer en den Oscar gewanne wëll, selwer gecschriwwen huet. Firwat net, wann et gutt ass?

An nom Strëch da méng 10 Filmer.

(more…)

#24 Fight Club

Geschriwwen den 26/12/2006 vum ChrisEe Kommentar

“Fight Club” ass e Film, wéi ech mer en net erwaart hunn. Natierlech war ech schon e Fan vum David Fincher wéinst “Se7en”, mee éierlech gesot, den Titel vum Film léisst jo net wierklech op vill hoffen, de Brad Pitt wor nie ee vu ménge Lieblingen, an obwuel ech den Edward Norton immens schätzen, konnt ech mech laang net dofir erwärmen. Gutt, iergendwann huet et misse sinn, an da kommen nach déi onwahrscheinlech schäiss Credits am Ufank vum Film.

Gutt. An dunn hunn ech de Film gekuckt a sinn ëmmer méi an déi absolut verréckte Geschicht ragewuess. Du denks du léiers d’Personnage kennen, du verstees net, wéi se zouenee passen, d’Marla wat komplett irritéiert, de Fight Club, d’Project Mayhem, alles ass sou iwwersënnlech a konfus, awer iergendwéi trotzdem reell. An dann dee Schluss.Et huet een et zwar am Gefill, mee wierklech erwaarde kann een et dach net. Mee wéi de Fincher de läschte Saz aus dem Edward Norton rausbréngt, wéi heen et spillt, wéi d’Helena Bonham Carter reagéiert a schließlech wéi dat beschte Lidd, wat et get perfekt an déi Szen rageréit ass ee vun de Grënn firwat et ëmmer rem schéin ass, dass et Filmer get.

#39 Se7en

Geschriwwen den 28/11/2006 vum Chris3 Kommentaren

De Brad Pitt an de Morgan Freeman sinn op der Sich no engem Seriekiller, dee vum Kevin Spacey gespillt get a Mënschen embréngt, well se géint Doutsënnen verstoussen. Geheie mer nach d’Gwyneth Paltrow an de Mix als dem Brad séng Fra, den John C. MacGinley an enger absolut lächerlecher Roll, den David Fincher als Regisseur an eng sëllechen morbid Biller, a bevir mer eis verkucken hu mer de beschte Thriller, dee je gedréit gouf.

Se7en strotzt vu cleveren Afäll, vu fir de Fincher typesch a präzis ausgeschafften Décoren, déi ideal d’Gefillswelt vun de Personnage vermëttelen. Exzellent sinn och d’biblesch Referenzen, déi ëmmer rem rageworf ginn an déi dem Film séng Glafwierdegkeet, och duerch dem Kevin Spacey säin Talent dese psychotesche Killer duerzestellen, matstëtzen. E souee Killer ass gutt virstellbar, an dofir ass och de Film realistesch. Den Héichpunkt vun der Geschicht ass gläichzäiteg och den Héichpunkt vum Film. Dese clevere Plottwist ka just de Fincher selwer toppen. Insgesamt ass Se7en méi wéi just e bëllege Thriller, mee eng richteg Studie vun den Haaptpersonnagen, wat duerch d’Duerstellung vum Fincher zu engem Gesamtkonschtwierk opsteigt, wéi et der wéineg get.


Buy accutane online buy accutane online australia replica hermes handbags david jones handbags Buy accutane online cheap juicy couture louis vuitton bags kardashian kollection handbags Theme compat side effects micardis adalat replica hermes handbags cheap replica handbags michael kors Damier Ebene Canvas vuitton handbags high quality replica handbags high quality replica handbags