Rou.
Et ass halt heinsdo sou. D’Uni fänkt un, et verdéiwt een sech a seng Bicher an huet keng Loscht méi eppes ze maachen, schreiwen, knëschelen, wat iergendeppes mat dëst oder dat ze dinn huet. A sou enger Situatioun befënnt sech am Moment leider déi ganz Pianocktail-Crew. An dofir ass et hei roueg. Keng Schreifblockaden, kee Gefill verréckt ze ginn, well een net schreiwe kann. Ganz einfach: keng Loscht.
Fir mech bedeit dat: keng Loscht Filmkritiken iwwer schlecht bis mëttelméissegt Geschir ze schreiwen (Away We Go, Creation z.B.), keng Loscht meng Lëscht vu Musiker weider ze féieren, a virun allem keng Loscht den Artikel iwwer d’Telésserien vum Joerzéngt fäerdeg ze schreiwen, wann do dach Serien dra sinn, fir déi ech kee Verständnis hunn. An dofir sinn ech hei roueg. An dat deet kengem Wéi. Wien dee Post als sënnlos ugesäit, huet Recht. Mä et kuerz emol z’erwienen, dass mir alleguer e flemmsegt Liewen hunn, däerf nach erlaabt sinn.
