Bäitrag getagged ‘concert’

Arcade Fire live an denger Stuff.

Geschriwwen den 28/07/2010 vum Chris3 Kommentaren

Fir all Fan vun Arcade Fire dierft et kee Geheimnis sinn, dass e Méindeg de laang erwaartenen drëtten Album The Suburbs e Méindeg eraus kënnt – yay. Wat dat ganzt nach besser mécht, ass, dass Arcade Fire decidéiert hunn hire Concert, den 5. August zu New York am Madison Square Garden fir jiddereen zougänglech ze maachen.

A mat zougänglech maachen, mengen ech lo net, dass der iech an e Fliger sëtze sollt fir op New York an do de Concert ze genéissen. Nee, de Concert kënnt an är Stuff/Schlofzëmmer, well e live op Youtube iwwerdroe gëtt: http://www.youtube.com/arcadefirevevo.

A well dat hei natierlech nach net genuch Leckerli ass fir all eis Lieser ze begeeschteren (obwuel eise Jacques sech bommen um Arcade Fire Concert ameséiert hat), kann ech dann nach als zousätzlech Info matdeelen, dass keen aneren wéi den Terry Gilliam (Time Bandits, Brazil, Twelve Monkeys) d’Regie vun der Iwwerdroung iwwerhëlt.

[via]

Hot Chip @ o2Academy, Glasgow

Geschriwwen den 13/02/2010 vum ChrisKee Kommentar

Wann ech zu der Musek sou mëll danzen, dass zwou vu mengen Zéiwe bludden, ouni dass ech et mierken – an ech hunn et effektiv réischt de Moien gemierkt, wéi ech meng Strëmp vum Buedem an de Wäschkuerf beweegt hunn – dann huet mat grousser Wahrscheinlechkeet d’Band, op där hirem Concert ech war, alles richteg gemaach. Hot Chip sinn hirem Ruff gerecht ginn an hunn e wonnerbaren Optakt fir hir Fréijoerstour higeluecht an d’o2Academy zum Rocke bruecht, och wann dës iwwerraschend net ganz ausverkaf war.

Et ass scho komesch, wann een déi Hären op der Bühn gesäit, déi do nach emol e Krack méi onscheinbar wierken, wéi een sech dat souwisou erwaart – géif een se op der Strooss gesinn, et géif een net denken, dass se eng vun de beléifteste Bands a Groussbritannien wieren. An definitiv net an deem Genre vu Pop fir deen si stinn. “Thieves in the Night” war dann dat éischte Lidd mat deem se déi absurd Tatsaach zelebréiert hunn, dass puer Typen, déi ausgesinn wéi wa se kéinten de Comité vun der lokaler Sociétéit vun Klingon-Schwätzer sinn, déi momentan cleversten Danzmusek op der Wekt produzéieren. Et huet ee kaum gemierkt wéi séier d’Zäit verflunn ass, sou immens waren d’Lidder openeen ofgestëmmt an dozou bestëmmt eis um Danzen ze halen. D’absolut Highlight waren natierlech déi 15 Minuten an deenen se mat “Ready for the Floor”, “One Life Stand” an “Over and Over” hir wuel bekannteste Songs hannerenee gereit hunn – och wann fir mech perséinlech och “I Feel Better” als Encore e wierklech grousse Moment war.

Wéi gesot, ech ka keng Concert-Reviews schreiwen. Ech ka mech just driwwer freeën, dass ech do war. A wéi ech et maachen. Wann der d’Chance hutt Hot Chip live ze gesinn: verpasst et net.

Déi ganz Geschicht » Aus der Kategorie: Musék Tags:,

Grizzly Bear – live @ o2abc, Glasgow

Geschriwwen den 4/11/2009 vum ChrisKee Kommentar

De Joël hat virun em puer Wochen doriwwer beriicht, wéi gutt him Grizzly Bear hiert Lidd “Two Weeks” gefällt – deemools wousst ech schon, dass ech se live gesi géif an hu mech dofir ëmsou méi gefreet, dass ech Lieser hunn, déi sech fir dës leider net ganz sou bekannte Band interesséieren.
grizzlybear1grizzlybear2
Hiren Album Veckatimest gehéiert definitiv nieft dem Yoñlu sengem zu menge Lieblingsalben vum Joer, a sou war et och schéin ze gesinn, dass se um Concert eng ganz Rei Lidder vun dësem Album gespillt hunn, dorënner natierlech och “Two Weeks”, “Southern Point” oder “Cheerleader”. Ech mengen, ech hunn nach ni eng wierklech Concert-Review geschriwwen, a maachen et dofir och lo net. Keng Anung, wéi een dat maache soll. Op jidfer Fall waren se gutt, ganz gutt souguer.
stvincent1
De wierkleche Standout allerdéngs war hire Support, St. Vincent, oder ganz einfach d’Annie Erin Clark, wat am Sufjan Stevens senger touring band spillt. Hatt huet mat enger Mëschung vun Tracks aus senge béiden Alben d’Bud wirklech gerockt, an och säin Duett mam Damien vu Grizzly Bear war einfach nëmme saustaark. Dat sinn d’Adjektiver mat deenen ech Concerte bezeechnen. Saustaark – immens. Dat wat ech iech heimat soe wëll, ass, dass der bei den CDs-Butték vun ärem Vertraue goe sollt, mat bis zu 30€ an der Hand (et dierf och Amazon sinn), an déi Suen do an déi wonnerbar Alben vu Grizzly Bear a St. Vincent investéiert – et ass derwäert.

A fir déi, déi net zu méi ze Denken am Stand sinn, jo d’Annie Erin Clark gesäit gutt aus, an jo, et ass ontypesch fir Meedercher Rockmusiker ze sinn. Mir musse lo net doriwwer diskutéieren.

múm

Geschriwwen den 27/08/2009 vum Lynn3 Kommentaren

Múm

Et get zwou Saachen di ech iech gear gif iwwer múm verzielen. Eischtens waren si geschter am Exit07 am Carré Rotondes live ze gesin an zweetens hun si e Méinden hieren neien Album ‘Sing Along to Songs You Don’t Know’ rausbruecht. Fier dei di múm (ausgeschwaat: moom) nit kennen, si sin eng islännesch experimentell Band di mat su munchen Instrumenter a Kläng spillt. Si hun als Duo virun 12 Joer ugefaang a si lo zu enger 7 Leit ennerwee.

Also fiertéischt de Concert. Den Exit07 as jo scho mol eng flott Location. Benni Hemm Hemm, d’ Virband hun ech nit ganz gesin mee dat wat ech gesin hu war liicht aschléifernd, mee et war ee jo och fier múm do. Si dunn fier hieren Deel ware wonnerbar. Ech hun hier Musik sou schon immens gear, si as lieweg, kann awer och traureg sin, si experimentéieren mat villen Téin soudass et engem ni langweileg get an klengen mat Zaiten e besse kannerech, zumols vum Gesang hier, mee wonnerschéin. Et kann een si och nit wierklech engem konkreten Genre zouuerdnen, do as ‘icelandic’ nach dee bäschten Tag (well e sou vague as). Si hun dech live direkt an hiere Bann gezunn, et war ee Genoss der Sängerin nozekucken well si einfach opgaang as an deem wat se mecht an dat ganzt mat sou vill Léift hierem Publikum matgin huet mat hierer wonnerbarer Stemm. De Sänger/Guitarist war och vollkommen a senger Musik dran an huet duerch e puer kuerz, witzeg Kommentarer sai Publikum zum laache bruecht wat hien nach mei sympathesch gemaach huet; ‘After this song you will know what the end of the world will smell like’. Och d’Violinistin war wi weggetrued an war wei an enger annerer Welt. A ganz genau sou war hier Musik live; wei aus enger aanerer Welt, wonnerschéin, exzentresch, melodesch. A wann ee gemengt huet si hätte schon all hier Instrumenter ausgepaak tauchen ob eemol zwou Block-Fluten op an imitéieren d’Gezwitscher vu Vigel. Wann der eng Kéier iergendwou an der Géigend vun engem Optrett vun hinne sidd, git dohin, et as wierklech derwärt.

‘The next song we play is about fish. ‘Cause that’s what we do. And it’s about love. ‘Cause that’s what we do.’

Dat brengt mech zu hierem neien Album, dee mat desem Lidd, ‘If I were a Fish’, ufänkt. Hiere fenneften Album fänkt domat scho mol wonnerschéin un, schon alleng vum Text hier as et ee Genoss:

‘If I were a fish
And you were a seashell
Would you marry me anyway
Would you have my babies’

Sou verreckt-exzentresch-witzeg-léif Texter passen nemmen ze gudd bei hier Musik a ronnen dat ganzt nach of. Ech wees nit wei oft een dat Wuert ‘wonnerschéin’ a sou engem Post benotze kann ouni langweileg ze gin, mee dat as wat den Album as: wonnerschéin. All Lidd aanescht, emmer rem mat aaneren Instrumenter wei ennert aaneren Gei, Cowbell a Xylophon mee och heiansdo elektronesch ugehaucht. ‘The Smell of Today is Sweet like Breastmilk in the Wind’ fänkt verreckt mat Cowbell un, ‘Hullaballabalú’ mi roueg mat Gesang an Ukulel. Also am grousse ganzen een absolut gelongenen Album dee jiddereen verzaubere kann, ech gif suguer soen hiere bäschten.

A well ech leider kee Video vun deem neien Album fanne konnt, hei ‘They Made Frogs Smoke ’til They Exploded’ vun ‘Go Go Smear The Poison Ivy’
YouTube Preview Image

Déi ganz Geschicht » Aus der Kategorie: Musék Tags:,

Us Kids Know

Geschriwwen den 30/10/2007 vum Chris4 Kommentaren

E Freideg war ech um Concert vun Arcade Fire. Well dës Band ouni Zweifel momentan eng vun de gréissten op der Welt ass, a wuel déi kënschtleresch bescht vum 21. Joerhonnert, wäert et och kee verwonneren, dass de Concert genial war. Mat e bëssen Distanz gesäit ee meeschtens Saache méi kloer, mee ech kann och lo na näischt anescht soen, keng nëmmen usazweis negativ Kritik schreiwen, déi mech als net komplett agehollenen Fanboy duerstelle géif. Dofir: keng Review.

Vill méi d’Fro vu wou dës Léift zu Arcade Fire kënnt.

Et ass deemols (lang lang ist’s her) 2005 lassgaang, wéi ech bei Amazon net op 20 € komm sinn, a fir kee Porto bezuelen ze missen nach eppes a mäi Kuerw leeë misst. De Gedanken dee mer du komm ass, war engersäits naiv, anerersäits brilant, wéi ech spéider feststellen duerft: Kaf der eng CD vun enger Band, vun däers de na nie eppes héiren hues! A méngen Recommandatiounen hunn ech du fir 9 € “Funeral” vun Arcade Fire fonnt. “Zack, an de Kuerw domat”, sot ech mer.

3-4 Deeg drop war de Päckelchen do an d’Begriefnis am CD-Spiller, während ech dunn dem Michel Houellebecq séng elementär Particule gelies hunn, hunn ech mech fir d’éischte Kéier vun de kanadesche Klangwelte vun Arcade Fire beriesele geloss. Méng éischt Reaktioun war Iwweraschung an Erliichterung (well ech déi 9 € net falsch investéiert hat). Den Opener “Neighbourhood #1 (Tunnels)” fannt der jo schon a méngen Top 250. Mee och de Rescht vum Album war eppes komplett neies, frësches, wat sech vun dem Alternative-Indie-Neo-Meedercherzumdanzebréng-Britpop ofgesat huet, deem ech zu däer Zäit ganz batter verfall war. An der Joeresendofrechnung ass “Funeral” als mäin zweetléifsten Album ofgestempelt ginn hannert “A Certain Trigger” vu Maxïmo Park. Déi zwee wäerten och dëst Joer nees em den Topspot kämpfen.

Du koum laang nix, den Album hunn ech ëmmer weider gelauschtert, mee vu dass ech anscheinend den eenzege war vu ménge Frënn, wousst ech o net wierklech ob ech se lo als eng vu ménge perséinleche Favoriten ugesinn.

2007 ass dunn d’”Neon Bible” opgaang an huet sech makellos un “Funeral” ugekett. Perséinlech Lieblingslidder vun dësem Album: “Intervention” an “No Cars Go”. An du sollt ech se endlech live gesinn, de 17. August 2007 um Pukkelpop an et war direkt mäi léifste Concert, well Arcade Fire eng Show bidden, déi s de soss (ech iwwerdreiwen) néirens kriss. De Concert an der SECC e Freideg stung deem an näicht no. E war deelweis souguer méi intensiv, well méng Begleeder dës Kéier d’CDen scho virum Concert haten an net réicht dono begeeschtert kaf hunn.

Als Ofschloss zitéiren ech da mol nach aus “Rebellion (Lies)” vun hierem Debütalbum, an zwar eng Zeil déi hier Musék wonnerbar beschreiwe kéint:

Come on baby in our dreams, we can live our misbehaviour.


Buy accutane online buy accutane online australia replica hermes handbags david jones handbags Buy accutane online cheap juicy couture louis vuitton bags kardashian kollection handbags Theme compat side effects micardis adalat replica hermes handbags cheap replica handbags michael kors Damier Ebene Canvas vuitton handbags high quality replica handbags high quality replica handbags