One top ten list isn’t cool. You know what’s cool? Three top ten lists. Wéi virun enger Woch ugekënnegt hei dann elo den éischten – a wahrscheinlech leschte – Podcast, deen ech hei op Pianocktail publizéiere wäert. D’Céline vun La Poupée Russe an den Nic, laang verschollene Co-Blogger deelen nieft mir mat, wat déi beschte Filmer vum Joer 2010 sinn.
Mir schwätzen iwwer Schwulepornoen, driwwer vum Matt Damon den Aasch “gespankt” ze kréien, iwwer dem Céline seng Wënsch bestued ze ginn, a Waasser wat een a Brand stieche kann. Niewebäi nach d’sozial Grënn déi aus engem e Bankreiber maachen – mir ginn allem op de Grond. An net ze vergiessen iwwer déi Filmer déi d’Céline a mech kräische gedoen hunn!
Lauschtert iech et un. Et ass laang, mä hoffentlech dowäert.
A fir déi, déi ze liddereg sinn fir sech dat schéint Stéck unzelauschteren, nom Broch kënnt der iech d’Lëschten eng Kéier duerchliesen. Mä dat wier natierlech oncool.
D\’Pianocktail Filmer vum Joer 2010
Ech hunn sou eppes nach ni gemaach, dofir entschëllegt d’technesch Mängel. D’Highlight ass natierlech wéi een no bal enger Stonn meng Noperen am Hannergrond héiert, déi hir Party op de Balkon verluecht hunn. Geleeëntlech Tipp- a Skypegeräicher sinn och net wierklech professionell, ech weess. Mä bon.
Musek:
Trent Reznor an Atticus Ross – Hand Covers Bruise
Grizzly Bear – While You Wait for the Others
(more…)
The King’s Speech (Hooper, **1/2)
Den George VI (Colin Firth) gëtt Kinnek, well säi Brudder ofdankt fir mat senger amerikanescher Frëndin liewen ze kënnen. A well dat net problematesch genuch ass, ass den neie Kinnek och nach en Tuddeler. A well dat nach ëmmer net problematesch genuch ass, geschitt dat Ganzt och nach an den 30er Joeren, also grad an där Zäit wou de Kinnek ufänke muss iwwer Radio Rieden ze halen, an dat während dem Krich och nach relativ oft. Dofir kritt den George en Sproochtherapeut aus Australien (Geoffrey Rush) zur Säit gestalt, fir dass en sech bessert.
Sou wäit, sou gutt. Mat där Geschicht kann een eigentlech e gudde Film maachen, deen sech iwwer soe mer quasi zwou Stonnen zitt. Eng interessant Prämiss, e bësse Krich, schéi Kostümer, schéin Décoren, etc. Et ass alles do wat ee brauch. Just leider ass dee Film esou schei, esou ongewollt iergendengem op d’Féiss ze trëppelen, dass en einfach extrem bluttaarm dohir kënnt. Vue dass iwwerhaapt keen sozialen Dialog agaang gëtt, muss een sech d’Signifikanz vun deem wat geschitt dobäi denken, wann een dat da brauch – a jo, dat brauch ech an dësem Fall. De Film gëtt sech net d’Méi fir der do ze hëllefen, mä erzielt der léiwer eng léif, plüscheg Geschicht driwwer wéi e Kinnek an säi Sproochtherapeut – no der zweete Kéier, dass en de Kinnek mate genannt huet, war et mer zevill – bescht Frënn ginn. Fir eng Kéier war et gutt, och dank dem exzellenten Colin Firth an der Energie vum Guy Pearce, mä e wonnerbare Film ass et net. Ech froe mech wat draus gi wier, wann en anere Regisseur/Auteur déi Geschicht hätt kënnen erzielen. D’Potential zu méi war do.
Somewhere (Coppola, ***1/2)
Streng geholl huet een am Trailer jo schon alles gesinn. Well de Film ganz einfach keng Handlung huet, näischt weider dra geschitt, de Personnage sech net verännert, an de Film net mol wierklech ufänkt, respektiv ophält. Vu Film zu Film schéngt d’Sofia Coppola méi op Handlungen ze päifen, well verglach heimat war Marie Antoinette Ulysses an Lost in Translation À la recherche du temps perdu. An awer huet de Film – deen, maache mer eis näischt vir, déi meeschte Leit der Dout langweileg fanne wäerten – eng extrem stëmmungsgelueden Ambiance, déi en ëmmer um Liewen hält. Ee vun de beschte Filmer vum Joer.
Antichrist (Lars von Trier)
De Lars von Trier ass vläicht mëll, mä grad esou genial – an ech sinn em onendlech dankbar dofir, dass e mer d’Méiglechkeet gëtt de Begrëff tour de force ze benotzen. Well dat ass dësen Film, deen gläichzäiteg déi schéinsten an zerstéierendste Biller vum Joer liwwert.
(more…)