Bäitrag getagged ‘coen brothers’

Kuerz kritiséiert: E Kinniksräich fir blo Kanéngercher (Twitterkapseln)

Geschriwwen den 17/02/2011 vum Chris4 Kommentaren

Kritiken an maximal 140 Zeechen, an jo, ech hu gutt Filmer gesinn an der Lescht. Wierklech erstaunlech wéi héich den Niveau war.

Animal Kingdom (Michôd, ***1/2)
Gudden australesche Gangster–Kino (Thierry!), dien Realismus mat Billerbuchopnamen afänkt. Heiansdo e bëssen ze vill des Gudden.

Blue Valentine (Cianfrance, ****)
Schéin, fuerchtbar, séiss, brutal, lëschteg, traureg. Op de Risiko hin, dass ech mech dofir an de Kommentare erkläre muss: Meeschterwierk.

Rabbit Hole (Mitchell, ***1/2)
E Film mat enger rouegen, genee richtegen Approche zu senger Thematik. Nicole Kidman – sensationell wéi et sämtlech Emotiounen kanaliséiert.

Restrepo (Junger, Hetherington, ***1/2)
Imposant, erstaunlech, schockéirend, mënschlech. Awer iergendwéi feelt um Schluss e klenge Schotz Panache fir der Dramatik gerecht ze ginn.

True Grit (Coens, ***)
Ënnerhalsame Western, mat top Performance vu Bridges, Steinfeld, an Damon. Witzeg, réirend, elegant gemaach. Mä einfach net méi wéi dat.

A lo nach eng kleng Informatioun zum Schluss. Meng Top 10 Filmer vum Joer 2010 ginn nächste Sonndeg den Owend virun den Oscars annoncéiert, fir déi déi et interesséiert. An dëst Joer probéieren ech eppes neies, well der iech dat Ganzt nämlech net duerchliese musst, mä an enger Podcast Episod lauschtere kënnt. Dofir wäert ech d’Céline vu La Poupée Russe als Gaascht um (Skype-)Mikro hunn, wat mat mir (an och eventuell eisem Nic) zesummen seng Top 10 vum Joer duerchgeet.

Dat sollt cool ginn. Wann der iergendeng Froen bezüglech dem Filmjoer 2010 hutt, déi der gär behandelt gesi wéilt, mellt iech an de Kommentaren a mir kucken driwwer ze schwätzen.

Top 10 Filmer vum Joer 2009

Geschriwwen den 25/02/2010 vum Chris6 Kommentaren

#10 THE INFORMANT!
(Steven Soderbergh)

Ech hu mer et zur Gewunnecht gemaach, dass op menger zengter Plaz e Film ass, deen ech perséinlech extrem interessant fonnt hunn, mä wou ech vläicht net onbedéngt der Meenung sinn, dass en eng Top 10-Plaz hu misst. No Man on Wire an Into the Wild ass dat dëst Joer dem Steven Soderbergh säin absolut genialen The Informant! bei deem s de duerch dem Matt Damon seng beschte schauspilleresch Leeschtung bis haut ni wierklech weess wou s de dru bass. Wéi gesot, e wonnerbare Film mat wonnerbarem Cast.
(more…)

Kuerz kritiséiert: Haiku Edition

Geschriwwen den 14/12/2009 vum Chris2 Kommentaren

A-Serious-Man-001-Large
A Serious Man (Coen Brothers, ****)

A brilliant film is
When truth is found to be lies
The Coens know that

Where the Wild Things Are (Spike Jonze, **1/2)

Beautiful story
But slow and uneventful
Okay overall

Zombieland (Ruben Fleischer, ***1/2)

Series of clichés
Turn the dream into a joke
Hilarity ensues

Okay, ech hu bei Zombieland gefuddelt, mä wann der “Hilarity” séier sot sinn et just dräi Silben an da geet et.

The Big Lebowski – The Fucking Short Version

Geschriwwen den 18/11/2007 vum Chris4 Kommentaren

Ech war gëschter “The Big Lebowski” (1998) an de Kino kucken. Heinsdo man ech sou Saachen a gi Filmer an de Kino kucken, déi ech scho gesinn hunn, jo. An et war immens, net nëmme well ee beim Entréesbillet e White Russian dobäi krut.

Haut sinn ech dunn op dëse Video op Youtube gestouss. Fir jiddereen, deen d’Zäit net huet de Film ganz ze kucken, eng op 2 Minute gekiirzte Versioun, déi all déi wichteg Szenen dran huet.

YouTube Preview Image

Buy accutane online buy accutane online australia replica hermes handbags david jones handbags Buy accutane online cheap juicy couture louis vuitton bags kardashian kollection handbags Theme compat side effects micardis adalat replica hermes handbags cheap replica handbags michael kors Damier Ebene Canvas vuitton handbags high quality replica handbags high quality replica handbags