Bäitrag getagged ‘clint eastwood’

Filmkomponisten vum Joerzéngt

Geschriwwen den 20/11/2009 vum Chris9 Kommentaren

Ouni vill Trara. Et war schon haart genug d’Informatiounen zesummen ze sammelen… a wierklech, boah, sinn ech midd, déi zeng menger Meenung no wichtegste Filmkomponisten vun 2000-2009:

#10 Jon Brion (Punch-Drunk Love, I Heart Huckabees, Eternal Sunshine of the Spotless Mind; Synecdoche, New York)
#09 James Newton Howard
(The Village, Collateral, Batman Begins, King Kong, Michael Clayton, The Happening, The Dark Knight, Defiance, Duplicity)
#08 Alberto Iglesias
(Hable con ella, La mala educación, The Constant Gardener, Volver, The Kite Runner, Ché, Los abrazos rotos)
#07 Yann Tiersen
(Le fabuleux destin d’Amélie Poulain; Goodbye, Lenin!)
#06 Howard Shore
(The Lord of the Rings Trilogy, Gangs of New York, The Aviator, The Departed, Eastern Promises, Doubt)
#05 Gustavo Santaolalla
(Amores perros, 21 Grams, Diarios de motocicleta, Brokeback Mountain, Babel)
#04 Thomas Newman
(Road to Perdition, Finding Nemo, Cinderella Man, Jarhead, Little Children, The Good German, Wall-E, Revolutionary Road)
#03 John Williams
(AI: Artificial Intelligence, Harry Potter and the Sorceror’s Stone, Minority Report, Harry Potter and the Chamber of Secrets, Catch Me If You Can, Star Wars Episode II, Harry Potter and the Prisoner of Azkaban, Memoirs of a Geisha, Munich, Indiana Jones and the Kingdom of the Crystal Skull)
#02 Clint Mansell
(Requiem for a Dream, The Fountain, The Wrestler, Moon)
#01 Alexandre Desplat
(Sur mes lèvres, Girl with a Pearl Earring, Birth, De battre mon coeur s’est arrêté, Casanova, Syriana, The Queen, The Painted Veil; Lust, Caution; The Golden Compass, The Curious Case of Benjamin Button, Chéri, Coco avant Chanel, Un prophète, Julie & Julia, Fantastic Mr. Fox, The Twilight Saga: New Moon)

Éierbar Erwienungen: Clint Eastwood, Tan Dun, Danny Elfman, Michael Giacchino, Philip Glass, Jonny Greenwood, Dario Marianelli, Hans Zimmer

Matt Damon x2

Geschriwwen den 28/10/2009 vum Chris4 Kommentaren

Hunn ech eigentlech iergendwann erwient, dass de Matt Damon mäi Lieblingsschauspiller ass? Net? Ass en awer.

Haut koumen zwee nei Trailer fir Filmer mat em raus. Éischtens wier do Invictus vum Clint Eastwood, an deem en den Francis Pienaar spillt, de Kapitän vun der 96er südafrikanescher Weltmeeschterekipp am Rugby. An éierlech gesot den Trailer, deen der bei Apple kucke kënnt, gesäit net sou schlecht aus. E bësse liicht vläicht, mä den Damon schéngt säi Kostüm fir d’Oscars alt scho mol bestellen ze kënnen.

Deen aneren Trailer ass fir Green Zone, e Thriller iwwert den Irakkrich, gedréit vum Paul Greengrass, deen schon mam Damon an den zwee leschte Bourne Filmer zesumme geschafft huet. Gesäit no engem anstännegen Actionfilm aus, deen eventuell och vun der Handlung hir méi ze bidden huet. Wann d’Dialoger am Trailer allerdéngs déi bescht sinn, déi se am Film fonnt hunn, da behitt eis Gott.

YouTube Preview Image

En Dram

Geschriwwen den 12/03/2009 vum Chris5 Kommentaren

Ech wollt dat hei lo nach de ganzen Dag néierschreiwen an mengen Hobbyanalysten zu Uschauungszwecken zur Verfügung stellen. An zwar hunn ech gëschter eppes komesches gedreemt, neemlech dass de Clint Eastwood mech zesummegeschlon huet. An zwar den 78 Joer ale Clint Eastwood.

Wat sot der dozou?

(PS: Ech sinn der festen Iwwerzeegung, dass hee mech zu Bräi schloe kéint. A géif, wann e wéisst wéi krass ech seng Filmer rofman.)


Buy accutane online buy accutane online australia replica hermes handbags david jones handbags Buy accutane online cheap juicy couture louis vuitton bags kardashian kollection handbags Theme compat side effects micardis adalat replica hermes handbags cheap replica handbags michael kors Damier Ebene Canvas vuitton handbags high quality replica handbags high quality replica handbags