
19:27 Et geet lass. First things first:
Wiem ech d’Präisser wënschen:
Beschte Film – A Serious Man
Bescht Regie – Kathryn Bigelow
Beschte Schauspiller – Colin Firth
Bescht Schauspillerin – Gabourey Sidibe
Beschten Niewenduersteller – Christoph Waltz
Bescht Niewenduerstellerin – Vera Farmiga
Bescht originalt Dréibuch – A Serious Man
Bescht adaptéiert Dréibuch – In the Loop
Beschten auslännesche Film – Un prophète
Beschten animéierte Film – Fantastic Mr. Fox
Beschten Documentaire – The Cove
Beschte Schnëtt – The Hurt Locker
Beschte Kamera – The Hurt Locker
Bescht Art Direction – Avatar
Beschte Kostümdesign – Bright Star
Beschte Makeup – District 9
Beschte Filmmusek – Up
Bescht Lidd – “The Weary Kind” aus Crazy Heart
Sound Editing – The Hurt Locker
Sound Mixing – The Hurt Locker
Visuell Effekter – Avatar
Bei de Kuerzfilmer hunn ech ausser Wallace and Gromit: A Matter of Loaf and Death kee gesinn, an enthale mech dofir.
(more…)
Ech sinn nach net grad sou wäit fir d”Pianocktail Awards fir dëst Joer ze lancéieren, mä op engem gudde Wee. Ech denken net, dass grouss Iwwerraschunge wäerten dobäi sinn, vue dass ech all Film, deen ech gär hunn, scho genuch hei gewierdegt hunn. Mä ech waarde mol nach bis dass ech nach ëm puer méi Filmer gesinn hunn, bis dass ech se raushaen.
E Video, deen ech fonnt hunn, a fuerchtbar interessant fannen ass dëse vun der NY Times zesumme gestalltene Video an deem Schauspiller iwwert hir léifste Performance vum Joerzengt schwätzen. Et ass wierklech interessant ze gesinn, wat dës Leit als dat Beschten ugesinn. A ganz éierlech, et ass schwéier mat hinnen driwwer ze streiden.
Ech hunn eng Regel, wann ech an den Utopolis ginn. Virun deem ech de Film kucken, rubbelen ech d’McDonalds Déngens um Ticket fräi a kucken wat ech gewonn hunn. Dëst huelen ech als Indicatioun wéi de Film gëtt. Seet den Ticket mer “Horrorvorstellung” gefällt de Film mer, gewannen ech eppes net ganz sou. Eppes besseres wéi e Cappuccino hunn ech nach ni gewonn gehat. Haut war et en Cheeseburger. Den Ticket litt net.
(more…)