Méng Feststellungen zum Fest vun der Léift:
- den James Brown war eng cool sau,
- The Mars Volta si komplett gefëmmt,
- Fësch ass yummy,
- nei Pyjamaen kommen ëmmer gutt un,
- Keelt ouni Schnéi ass net witzeg,
- ech verstinn einfach net, wat déi Geschicht mam Schäissen a “La Haine” op sech huet,
- de “Weihnachtsmann” get et net a Lëtzebuerg.
Et kann een iwwert dem Moby séng Musék soen, wat ee wëll, se gutt oder schlecht fannen, et ass net wichteg. Wat dese Personnage fir mech ëmmer rem interessant mecht si séng wierklech interessant an duerchduerchten Usiichten iwwer eis Welt. Dee Mann huet wierklech eppes am Kapp, schued, dass kaum een him nolauschtert.
if someone came to me and said: ‘i have proof that there was no virgin birth and that christ had a brother and a wife and a boston terrier!’ i’d say: ‘ok. but his teachings are still pretty remarkable, regardless of the circumstances of his life, right?’
En interessanten Artikel iwwer Chrëschtdag a Chrëschten. An och wann ech den pagan trappings, vun denen hee schwätzt frönen, sou denken ech dach, dass en ähnlech denkt wéi ech. Ech denke just, dass een duerch d’pagan trappings d’Theorie an d’Praxis emleede kéint.
Alt rem eppes schéins fir eis Scrubs Fans.
An zwar en Charlie Brown Filmchen, ageschwat vum Cast vu Scrubs. Eng schéin nei Versioun ménger Meenung no.
“I like to get my holiday rectal exam.” Herrlech.
E Kolleg vu mer haasst Chrëschtdag, séng Argumenter sinn d’fettegt a séisst Iessen, wat en degoutéiert, an d’Chrëschtdagslidder a -filmer, déi en nerven. Et ginn aner Leit, déi schwetzen vu Konsumterror.
Ech fanne Chrëschtdag richteg schéin. Hei si méng Grënn:
- Chrëschtdagsgebäck. Och, wann een et ëmmer maache kéint, get et et awer just Chrëschtdag. A Kichelcher si groussarteg.
- Konsumterror. Ech wees, vill Leit gleewen, d’Völlerei an d’Geschenker op Chrëschtdag wiere just Kommerzialiséirung an dofir verwerflech. Mee: fréier gouf och scho Chrëschtdag eppes besonneg schéines zervéiert, z’iesssen oder soss iergendwéi. Ech fannen et schéin, dass et eng Zäit am Joer get, an däer d’Mënschen sech wëlle géigesäiteg eng Freed man, sech no sinn an sech verwinnen. Dozou gehéiert och d’Shopping virdrun, wou ee wierklech probéiert eppes schéins fir Leit ze fannen, mat denen ee frou ass.
- Chrëschtdagsfilmer. Gutt, de “kleine Lord” ass net ze kucken, mee “Dr. Zhivago” zum Beispill ass immens. Wat virun allem awer schéin ass, ass dass Chrëschtdag de Leit awer iergendwéi eng Iddi vun enger onschëlleger Welt virgaukelt, zemols duerch d’Filmer, an et muss ee jo net ëmmer opgeklärt a sech allem Leed bewosst duerch d’Welt lafen.
- Chrëschtmaart. Et ass nëmme Kitsch, ech wees. Mee et ass awer schéin, an der Keelt baussen ze sinn, e Glühwäin ze drénken an der kitscheger Musék nozelauschtren (“Last Christmas” ausgeschloss). Dat muss sinn.
- D’Beliichtung. Ech fannen et wonnerschéin duerch eng Stad ze gon an et ass iwwerall hell. Et ass eng fierchterlech Stroumverschwendung, mee herrlech schéin.
- An ze gudder Läscht, get Chrëschtdag opmannst mir ëmmer e bësschen d’Gefill, dass eis Welt awer net sou schlecht ass. De religiéise Punkt, deen ech zwar net vertriede wëll, denken ech huet awer de schéine Gedanke vun der Néchsteléift. Chrëschtdag ass eng Zäit, déi eis dorunner erënnert, mat all dem Kitsch, der Völlerei, de Lidder, de Filmer etc. An um Schluss bleift engem d’Hoffnung, dass alles besser get.
(Ween Chrëschtdag net fir déi Hoffnung gebrauche wëll, däerf als düster Variant “Children of Men” an de Kino kucke gon.)