An de Kommentaren zu mengem éischte WM-Tagebuch huet den Joël sech onglécklech doriwwer gewisen. Sou eppes hat ech mer deelweis schon erwaart. An dofir ginn ech da lo och senger Fuerderung no nees iwwer Filmer ze schreiwen an eng Idee ze ginn, wat een dëse Summer a Lëtzebuerg ënnerhuele kann. Eppes wat ech jidderengem recommandéieren ass dat, wat ech e Mëttwoch gemaach hunn, nozemaachen. De Witz ass: déi genial Kombinatioun war net gewollt, mä ass mer spéider réischt bewosst ginn.
Als éischt sinn ech no fënnef Joer nees eng Kéier op Klierf gefuer fir mer dem Edward Steichen seng faszinant Fotosaustellung “Family of Man” ukucken ze goen. Während d’Fotoen natierlech immens sinn (ech sinn keen Expert doran), ass dat wat mech am meeschten dru begeeschtert natierlech d’Kompositioun wéi d’Fotoen nieftenee gesat ginn. Eng Foto ka brillant sinn, all d’Fotoen niefteneen kënnen engem den Otem huelen. Dat ganzt huet ouni Zweiwel eppes Poetesches, an et erënnert mech un eng vu menge léifsten Zeenen aus Das Leben der Anderen an där et ëm d’”Sonate vom guten Menschen” geet. Wien “Family of Man” gesinn huet, a verstan huet, kann eigentlech kee schlechte Mënsch méi sinn. Well en d’Schéinheet an d’Faszinatioun vum Wiese Mënsch op dem Hannergrond vun engem Planéit, dee sech permanent beweegt, erkenne muss.
Dass ech Owes als éischt dem Alfonso Cuarón säin Children of Men an dunn säin Y Tu Mamá Tambien gekuckt hunn, war net geplangt, mä éier spontan. Dass ech mer domat awer e gewësst Leitmotiv fir den Dag ginn hunn, ass mer séier kloer gewiescht. Och beim Cuarón setzen sech Biller zesummen, déi alleng geholl interessant sinn, mä zesummegesat eng Kraaft entwéckelen, déi sensationell ass. Et ass genee sou wichteg ze kucken, wat an der éischter, wéi an der zweeter Rei geschitt – well de Cuarón a senge Filmer ëmmer e gewëssen Humanismus ausdréckt, an deem en Respekt fir de Mënsch huet an de Wäert vun all Persoun wëll eegestänneg behandelen. Et muss net alles awer beim Cuarón a Bild a Wuert ausgedréckt ginn, villes gesäit ee just wann ee genee, oder och zwee Mol hikuckt.
An dach, ass de Message vun enger schéiner Mënschheet, déi et ze erhalen a verbessere gëllt an den dräi Saachen evident egal wéi subtil oder eendäiteg se et heiansdo weisen. Wann der eng Kéier Zäit hutt an net wësst wat ze maachen, setzt iech an den Auto, fuert op Klierf, fuert rëm heem a kuckt déi Filmer. Dir wäert et net bereien.
De Clive Owen ass ouni Zweifel ee vun de coolste Schauspiller déi et gëtt. Net nëmmen ass en talentéiert an huet an Children of Men matgespillt (ey, Children of Men!!!), mee e sicht sech och permanent Rollen aus an deenen e cool riwwer kënnt.
Cool a rosen. Seng Mëschung aus Eleganz an Delabréiertheet ass eng eegen, déi keen sou noman kann, deen Typ huet einfa Stil, mee gesäit trotzdem ëmmer aus, wéi wann en zënter véier Deeg am Bësch a sengem Kostüm net geschlof huet. A genee sou ass en och rem an The International: midd, hongreg, knaschteg, onraséiert, ongeféckt a rosen. Sou, sou rosen.
The Bourne Identity
An The Bourne Identity spillt den Clive Owen e Profikiller, deen ënnert anerem soll den Jason Bourne aus dem Wee raumen. Lo bräuch ech net vill Imaginatioun fir ze soen, dass een als professionelle Märder eng gewëss Grondroserei bräuch. Wee kéim do besser a Fro, wéi de Monsieur Ech-hunn-eng-enorm-Roserei-an-der-Panz Clive Owen.
King Arthur
Als King Arthur ass den Clive Owen och rem rosen: d’Wikinger gräifen un, heen ass net wierklech Kinnék, d’Guinevere wëllt en net, a säi Mentor, de Merlin ass permanent stoned. Ech hunn de Film net méi gesinn zënter dass en am Kino war, mee also dat do géif mech och rose man. Ech wier sou rosen, dass ech géif mat der Fauscht op en Toast schlon, dee mat der Gebeessesäit op de Buedem fällt.
Closer
Dass de Clive Owen a Closer rosen ass, ass verständlech: net nëmmen buppt säin Julia Roberts mam Jude Law, nee, d’Natalie Portman seet em o na net den Numm, deen et héire wëll, wann hien et am Stripclub an deem et schafft ublärt. Dass di Fraleit den Clive Owen awer ëmmer sou rosen maache mussen.
Sin City
A Sin City ass jo souwisou jiddereen iergendwéi rosen. De Mickey Rourke, de Bruce Willis, d’Rosario Dawson, mee keen ass sou rosen wéi de Clive Owen. En zappt dem Benicio del Toro säi Kapp an d’Toilett a beschützt Putten. Eng edel Roserei, indeed.
Inside Man
An Inside Man iwwerfällt den Clive Owen eng Bank, huet allerdéngs kee Grond rosen ze sinn, vu dass et geléngt. E blärt trotzdem heinsdo. De Clive Owen mecht dat eben. Perfid clever ass en iwwregens och nach. An zwar an all Film.
Children of Men
Ka sech iergendeen net drun erënneren wéi rosen de Clive Owen um Ufank vun desem Film ass? En trauert net mol em de Baby Diego, litt doriwwer zu séngem Boss, an säift wéi e Lach. Niewebäi ass e rosen mat senger Exfra an hirer Terrororganisatioun, well déi en nerven. Weider typesch Clive Owen Saachen: e gesäit aus wéi wann et kee Muer géif ginn, an en huet en Tinitus.
The International
An The International kulminéiert seng Roserei an enger Schéisserei am Guggenheim, an där en alles freckt mecht. Awer wierklech alles. Gutt, dass et keng Security an deem Gebai gëtt, soss wier et schwiereg ginn, souvill Waffen do ran ze kréien, fir dat alles sou hinzekréien. Während senger Zerstéirungswut blärt en nach een un, deen grad opmannst 17 Mol an d’Panz geschoss krut, dass desen net stierwe soll, wat deen natierlech frëndlecherweis doropshin verzögert, bis se dobausse sinn. Doropshin schléit en d’Läich mat der Fäuscht em puer Mol an de Broschtkuerw. Anger Management. Niewebäi wiergt en nach eng Fra, déi einfa just un em laanschtgeet, blärt mat diverse Leit (ënnert anerem sengem Chef), trëppelt deem säin Telefon ze Bräi an weist engem Patholog wéi ee säin Job mecht.
Et muss haart sinn, de Clive Owen ze sinn. Déi Roserei géif mech op laang Siicht fäerdeg man.